Carcassonne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Carcassonne
center}}}
-
-
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason région fr Languedoc-Roussillon.svg Languedoc-Roussillon
Departement Blason département fr Aude.svg Aude
Arrondissement Carcassonne
Kanton Haaptuertschaft vu 4 Kantonen:
Carcassonne-Centre, Carcassonne-Est,
Carcassonne-Nord a Carcassonne-Sud
Code Insee 11069
Postcode 11000
Koordinaten Gnome-globe.svg43° 12’ 47’’ N
     02° 21’ 07’’ O
Fläch Uertschaft  6 508 ha
Bevëlkerung Uertschaft  47 068 (2012)

Carcassonne (okzitanesch: Carcassona) ass eng Stad a Südfrankräich an Haaptstad (Prefecture) vum Departement Aude.

Carcassonne läit zirka 70 km nordwestlech vu Perpignan un enger aler Handelsstrooss tëscht dem Mëttelmier an dem Atlantik an huet 47.068 Awunner. Duerch d'Stad fléissen d'Flëss Aude a Fresquel an de Canal du Midi.

D'Stad ass duerch d'Cité de Carcassonne bekannt, enger mëttelalterlecher Festung déi op engem Hiwwel vun der Alstad läit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Antikitéit housch Carcassonne Carcas(s)o a louch am Gebitt vun den Tektosagen, enger Volleksgrupp vun de Kelten.

Am 1. Joerhonnert v. Chr., ënner der Herrschaft vun de Réimer haten d'Awunner dat laténgescht Biergerrecht an de Caesar huet an der Colonia Iulia Carcaso eng Waffeplaz baue gelooss.

Am Joer 462 ass d'Kolonie un de westgotesche Kinnek Thierry II. gefall. D'Westgote blouwen am Besëtz vun der Stad bis se 725 vun de Sarazenen eruewert gouf. D'arabesch Herrschaft war awer net vu laanger Dauer, well 759 de Pippin de Jonken, Kinnek vun de Franken, Septimanien ageholl an et mam Frankeräich zesumme geschloen huet.

D'Stad gouf duerno de Sëtz vu Grofen; den éischten dee mam Numm ernimmt ass, war de Bello deen Uganks vum 9. Joerhonnert regéiert huet. Nom Dout vum Grof Roger 1067 koum Carcassonne ënner d'Opsiicht vun de Kinneke vun Aragón, ass am Fong awer weiderhi selbstänneg vun den Vizegrofen aus dem Haus Tranceval regéiert ginn.

Am 13. Joerhonnert hat an der Festung déi zentral Verwaltung vun der Inquisitioun a Süd-Frankräich hire Sëtz; Carcassonne war och ee vun den Haaptstëtzpunkte vun de Katharer. Nodeems d'Stad 1209 am Kader vum Albigenserkräizzuch ugegraff a belagert gouf, huet se no ronn 2 Woche kapituléiert; 1247 huet de leschte Vizegrof vu Carcassonne, de Raimund II. Trencavel zu Gonschte vum Louis IX. op seng Uspréch op d'Stad verzicht a Carcassonne ass du fir zerguttst un déi franséisch Kroun gefall.

Vun 1247 un ass dunn um lénke Bord vum Aude d'Ënnerstad entstanen. 1355, an den éischte Jore vum Honnertjärege Krich gouf d'Ënnerstad vun den Englänner eruewert an niddergebrannt. 1591 koum Carcassonne an d'Hänn vun der kathoulescher Liga déi eréischt 1596 den Henri IV. als franséische Kinnek unerkannt huet.

D'Ënnerstad huet sech am Laf vun der Zäit ëmmer weider entwéckelt an och nach haut wunnt do d'Majoritéit vun de Leit. D'Festung um Hiwwel ass deemgéintiwwer am Laf vun de Joerhonnerten ëmmer méi verfall a se gouf eréischt am Joer 1835 vum Architekt Eugène Viollet-le-Duc restauréiert. Op de 14 ha, op deenen am Mëttelalter 3-4.000 Mënsche gewunnt hunn, liewen haut nach just 229 Awunner fir zeguttst.

D'Cité de Carcassonne zielt haut zu deenen am beschten erhalene Festungsstied vun Europa. D'Alstad mat der gutt erhalener duebeler Stadmauer gouf 1997 vun der UNESCO zur Weltkulturierfschaft erkläert an ass haut en aussergewéinlechen Touristenzentrum.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carcassonne – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vu op Carcassone vun dem Dall vun der Aude aus

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]