Honnertjärege Krich

Vu Wikipedia
Den Edward III. vun England op engem Stéch aus dem Cassell's History of England
Charles IV. vu Frankräich

Den Honnertjärege Krich war e laange Konflikt tëscht Frankräich an England vun 1337 bis 1453. Zwéi Facteuren hu bei dësem Krich eng Roll gespillt, den dynastesche Konflikt an d'Streidereien tëscht Frankräich an England fir d'Guyenne.

Originne vum Krich[änneren | Quelltext änneren]

Den dynastesche Konflikt (1328)[änneren | Quelltext änneren]

Fir den dynastesche Problem vun 1328 ze verstoen, muss een e puer Joer an der Zäit zeréckgoen.

1316 hat den Doud vum Louis X., nëmmen zwee Joer no sengem Papp Philippe le Bel d'Enn vum "kapetengesche Wonner" ageleet. Vun 987 bis 1316 haten d'kapetengesch Kinneken ëmmer e Jong deem si d'Kroun no hirem Doud konnte weiderginn. Vu senger éischter Fra, der Jeanne vun Navarra, déi him ontrei war, hat de Louis X. nëmmen eng Duechter. Wéi hie stierft ass seng zweet Fra an aneren Ëmstänn, an e Jong kënnt op d'Welt, de Jean I. le posthume, mä hie lieft nëmmen e puer Deeg. Dat war nach ni virkomm an den direkten Trounierwe vu Frankräich wier also eng Fra. D'Decisioun déi du geholl gouf, war ganz wichteg, well si gouf Traditioun an huet och am dynastesche Problem vun 1328 eng Roll gespillt.

De Fait datt d'Kinnigin ontrei war gouf iwwer laang Zäit als Grond genannt, datt d'Duechter net akzeptéiert gouf, an d'Wiel op de Philippe V., Brudder vum Louis, gefall ass. Et ass awer och e geopolitesche Choix, well en Auslänner deen d'Kinnigin géif bestueden, géif sou d'Land regéieren. Dat wollten d'Fransousen awer op kee Fall.

Wéi de franséische Kinnek Charles IV., drëtten a leschte Jong vum Philippe le Bel, am Joer 1328 ouni Nokomme gestuerwen ass, huet sech nees eng dynastesch Fro gestallt well D'Isabelle vu Frankräich, Duechter vum Philippe le Bel, e Jong hat, den Edward III., Kinnek vun England. Konnt si e Recht weiderginn, dat si, sou wéi et zéng Joer virdru festgeluecht gi war, guer net hat? Den Edward proposéiert sech als Kandidat mä de Choix fält op de Philippe IV. Déi Grouss vum Kinnekräich hunn en auslännesche Kinnek refuséiert, no der selwechter Logik vun nationaler Politik wéi scho virun zéng Joer. Den Edward gouf Vasall vum Philippe IV. an der Guyenne.

Ee vun de stäerkste Mythen iwwer den Ufank vum Honnertjärege Krich ass dee vum saleschen Ierfrecht. Dat gouf awer vun de Fransousen net ernimmt, wéi si sech fir en neie Kinnek entscheet hunn. Eréischt 30 Joer méi spéit, ëm 1350, erzielt e Benediktinermënch vu Saint-Denis vun dësem Gesetz, an zwar fir d'Positioun vum franséische Kinnek ze stäerken.

D'Guyenne[änneren | Quelltext änneren]

Fir den Ufank vum Krich huet d'Guyenne nach bal méi eng grouss Roll gespillt wéi den dynastesche Konflikt. D'Guyenne war e grousse Problem fir d'Kinneke vu Frankräich a vun England: Den Edward III. ass fir d'Guyenne de Vasall vum Philippe VI. a muss also d'Souveränitéit vun der Guyenne mat him deelen. Déi zwou Monarchië sti sech an dësem Punkt schonn zanter Generatioune géintiwwer. Déi zwéi Kinneke bedreiwen eng aggressiv Diplomatie.

Op där enger Säit hëlleft de Kinnek vu Frankräich de Schotten an hirem Kampf géint England, op der anerer niert den Edward III. eng anti-franséisch Propaganda a Flandern a verhënnert Liwwerunge vu Woll an de Joren 1335-1336 fir d'Wirtschaft ze ruinéieren. Flandern revoltéiert sech géint Frankräich 1337.

De Philippe VI. decidéiert d'Guyenne ze konfiskéieren, den Edward III. äntwert mat enger Revendikatioun vun der franséischer Kroun. De 7. Oktober 1337 gëtt en Äerzbëschof op Paräis geschéckt, fir d'Händsch ze geheien. De Krich geet un.

De Verlaf vum Krich[änneren | Quelltext änneren]

Englesch Victoiren ënner dem Edward III. (1337 - 1360)[änneren | Quelltext änneren]

Schluecht vu Sluis (1340) op enger Miniatur aus dem Jean Froissart senger Chronik

An den Ufanksjore vum Krich hat sech den Edward III. mam Adel vun den Nidderlanden a mat de Bierger vu Flandern zesummegedo, mä wéi no zwou Campagnen näischt geschitt ass, gouf dës Allianz 1340 hifälleg. D'Subsiden un däitsch Prënzen an d'Käschte vun enger Arméi am Ausland hunn den englesche Gouvernement an de Bankrott gedriwwen, an dem Prestige vum Edward III. geschued. Um Mier konnt Frankräich sech fir eng Zäit behaapten, a verschidde Stied un der englescher Küst goufe geplëmmt. Mä 1340, an engem Versuch fir ze verhënneren datt d'Englänner op de Kontinent kommen, gouf d'franséisch Flott an der Schluecht vu Sluis komplett zerstéiert. Domat konnt sech England fir de Rescht vum Krich am Äermelkanal behaapten, a franséisch Invasioune verhënneren.

1341 huet de Konflikt fir d'Trounfolleg an der Bretagne ugefaangen. An dësem bretoneschen Ierffollegkrich huet den Edward III. de Jean de Montfort ënnerstëtzt, an de Philippe VI. de Charles de Blois, deen am Ufank d'Nues vir hat. Déi nächst Joren hu sech haaptsächlech ëm d'Bretagne gedréint, Vannes huet e puermol de Proprietär gewiesselt an och an der Gascogne koum et zu vereenzelten Tëschefäll.

Schluecht vu Crécy (1346)

1346 huet den Edward III. eng grouss Invasioun op d'Bee gestallt an ass op der Hallefinsel Cotentin (Normandie) gelant. De Philippe VI. huet eng grouss Arméi geschéckt, fir hien z'empfänken an den Edward ass weider an d'Nidderlande gezunn, wou hien alles op sengem Wee geplëmmt huet ouni en Territoire wierklech z'erueweren. Schlussendlech hu sech déi zwéin an der Schluecht vu Crécy getraff, enger schwéierer Néierlag fir d'Fransousen, wou och de Lëtzebuerger Jang de Blannen, deen op der Säit vun de Fransouse gekämpft hat, ëm d'Liewe komm ass.

Den Edward III. ass weider no Norde gezunn, an huet 1347 d'Stad Calais ageholl, nodeem e si belagert hat. An der Schluecht vun Neville's Cross géint d'Schotte konnt den David II. Prisonéier gemaach ginn, wat d'Gefor vu Schottland reduzéiert huet.

1348 huet de Schwaarzen Doud sech an Europa breet gemaach, wat natierlech och grouss Konsequenze fir Frankräich an England hat. England war incapabel grouss Offensiven ze finanzéieren. A Frankräich ass de Philippe VI. 1350 gestuerwen, säin Nofollger war de Jean II., genannt de Gudden.

An der Bretagne sinn d'sporadesch Konflikter weidergaangen, wéi zum Beispill an der Schluecht vun den Drësseg am Joer 1351 wou sech 30 englesch an 30 franséisch Ritter géintiwwer stoungen.

Schluecht vu Poitiers (1356)

Nodeem de Schwaarzen Doud laanscht war, an England sech finanziell nees erholl hat huet de Schwaarze Prënz, Jong vum Edward, eng Invasioun vu Frankräich an der Gascogne am Joer 1356 gestart. Eng decisif englesch Victoire konnt hien an der Schluecht vu Poitiers erreechen. De Jean II. an aner franséisch Adleger goufe bei dëser Schluecht Prisonéier gemaach. De Jean huet e Waffestëllstand mam Edward ënnerschriwwen. Wärend hien net do war, ass säi Gouvernement méi oder manner zesummegebrach.

Spéider dat Joer gouf den Zweeten Traité vu London ënnerschriwwen, a fir dem Jean seng Fräiloossung hu misse 4 Milliounen Écu bezuelt ginn. England krut d'Aquitaine zougesot. De Jean II. war fräikomm, fir d'Léisegeld zesummenzedréiwen, an am Géigenzuch ware franséisch Adleger als Geisel geholl ginn. Dës hunn awer d'Flucht ergraff, wéi si fräien Ausgang haten. De Jean, geprägt vu ritterlechen Idealer, huet dat net gutt geheescht, an ass selwer nees an England gaange fir sech nees aspäeren ze loossen. De Jean ass 1364 an englescher Gefaangenschaft gestuerwen.

1358 koum et a Frankräich ënner dem Étienne Marcel zur Jacquerie, engem Bauerenopstand, deen duerch de Krich an den Haass op déi lokal Adleg provozéiert gi war. Den Edward III. ass a Frankräich agefall, an der Hoffnung doduerch op den Troun ze kommen, mä hie konnt weeder Paräis nach Reims anhuelen an huet mam Dauphin Charles den Traité vu Brétigny ënnerschriwwen, wou hien op d'franséisch Kroun verzicht, awer grouss Lännereien an der Aquitaine an d'Stad Calais zougesoot kritt. Un dësen Traité gouf sech awer op béide Säiten net laang gehalen.

D'Fransouse schloen zeréck (1360 - 1400)[änneren | Quelltext änneren]

Statu vum Du Guesclin zu Dinan

Wärend dem Règne vum Charles V. goufen d'Britten ëmmer méi zeréckgedrängt. Obschonn de Jean V. vun der Bretagne de Charles vu Blois an der Schluecht vun Auray geschloen an ëmbruecht hat, hu sech de Jean a seng Nofollger schlussendlech mat de franséische Kinneken nees versöhnt. De bretonesche Kommandant Bertrand du Guesclin, dee sech op d'Säit vum Charles V. gestallt hat, gouf ee vu senge beschte Genereel.

Zur gläicher Zäit war de Schwaarze Prënz duerch e Krich a Spuenien zanter 1366 beschäftegt. De Pedro de Grausamen, deem sech Duechteren Constance an Isabella mat de Bridder vum Schwaarze Prënz, dem John of Gaunt an dem Edmund of Langley bestuet waren, gouf 1370 vum Henri II. vu Kastilien mat der Ënnerstëtzung vum Du Guesclin ofgesat, an den Henri II. huet e Krich géint England a Portugal ugefaangen.

Kuerz virun Neiooschdag 1370 ass den englesche Sénéchal vum Poitou, den John Chandos, am Schlass vu Lussac ëm d'Liewe komm. Dëse Verloscht hat d'Englänner schwéier getraff. Ausserdeem war de Captal de Buch vum Charles V. gefaange geholl ginn. Den Du Guesclin huet eng Partie kleng Campagne gefouert, bei deenen hie groussen engleschen Truppen aus dem Wee gaangen ass, a lues a lues eng Stad no der anerer ageholl huet, sou zum Beispill Poitiers am Joer 1372 a Bergerac am Joer 1377. Den Du Guesclin, dee laut dem Froissart dem franséische Kinnek geroden hat, sech net op grouss Schluechten um Feld mat den Englänner an, hat mat dëser Strategie Erfolleg.

D'englesch Äntwert op den Du Guesclin waren d'sougenannte "chevauchées", kleng militäresch Expeditiounen déi alles op hirem Wee zerstéiert hunn. Mä den Du Guesclin huet sech net op dat Spillchen agelooss an d'Defaite vun den Englänner zu La Rochelle am Joer 1372 huet de Fransousen hir Positioun verstäerkt.

De Schwaarze Prënz ass 1376 gestuerwen, an ee Joer drop den englesche Kinnek Edward. De Richard II., säin Nofollger, war nach e Kand. Eréischt nodeem hie vu sengem Cousin Henry Bolingbroke (Henry IV.) ofgesat gi war, hunn d'Englänner nees hir Rechter op de franséischen Troun behaapt.

Frankräich ënner dem Henry V. (1400 - 1429)[änneren | Quelltext änneren]

Obschonn den Henry IV. Campagnen a Frankräich geplangt hat, konnt hie se net féieren, duerch seng kuerz Regéierzäit. An der Tëschenzäit gouf de franséische Kinnek Charles VI. geckeg - dohier de Bäinumm Le Fou - an et koum zu Muechtkonflikter tëscht sengem Koseng Jean vun der Bourgogne a sengem Brudder, dem Louis vun Orléans. Nodeem de Louis ermuert gi war, koum d'Famill Armagnac u politesch Muecht, déi si géint de Jean agesat huet. 1410 hunn déi zwou Säiten d'Englänner ëm Hëllef an hirem Biergerkrich gefrot.

Henry V. vun England

Den neien englesche Kinnek, den Henry V. huet 1414 eng Offer vun den Armagnac zeréckgewisen, déi d'Grenze vun 1369 nees hierstelle wollt an als Géigenzuch hir Ënnerstëtzung ugebueden huet. Am August 1415 ass den Henry V. mat enger Arméi zu Harfleur (Normandie) gelant, an huet d'Stad ageholl. An der Schluecht vun Azincourt hunn d'Fransousen eng batter Néierlag missen erleiden.

Den Henry V. konnt de gréissten Deel vun der Normadie anhuelen, Caen ass 1417 gefall a Rouen den 19. Januar 1419. Hien ass eng Allianz mat der Bourgogne agaangen, déi an der Tëschenzäit Paräis besat hat. 1420 huet sech den Henry mam veréckte Kinnek Charles VI. getraff, a si hunn den Traité vun Troyes ënnerschriwwen, dee besot huet, datt den Henry sech géif mat der Duechter vum Charles, der Catherine vu Valois, bestueden, an hir Ierwe kriten de franséischen Troun.

Nodeem den Henry 1422 gestuerwe war, gouf säi Puppelchen, den Henry VI. och Kinnek vu Frankräich, mä d'Armagnac si loyal zum Dauphin Charles bliwwen, an de Krich ass weidergaangen, mat virun allem englesche Victoiren.

D'Jeanne d'Arc an d'franséisch Victoire (1429 - 1453)[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1424 haten dem Henry VI. seng Monnien ugefaangen, sech iwwer d'Régence vum klenge Bouf ze streiden, an den Humphrey vu Gloucester, bestuet mat der Jacqueline vun Hainaut, ass an Holland agefall, wat zu engem direkte Konflikt mam Philippe III. vun der Bourgogne gefouert huet.

1428 waren d'Englänner nees prett fir de Krich weiderzeféieren, a si hunn Orléans belagert. Si waren allerdéngs net zu genuch fir d'Stad ganz anzehuelen. 1429 huet d'Jeanne d'Arc den Dauphin iwwerzeegt, hir eng Arméi ze ginn, fir d'Englänner vun Orléans an aus ganz Frankräich ze verdreiwen. Dëst Meedchen, "vu Gott geschéckt", huet der franséischer Arméi nees neie Mutt ginn, a sou konnten och verschidden englesch Stëtzpunkter un der Loire ageholl ginn. D'franséisch Victoiren hunn et dem Dauphin erméiglecht, bis op Reims ze kommen, wou hien zum Kinnek Charles VII. gekréint konnt ginn.

Nodeem d'Jeanne d'Arc vun de Burgunder am Joer 1430 gefaange geholl gi war, duerno un d'Englänner verkaaft an higeriicht gouf, waren d'Fransousen zu Negociatioune bereet. Mä 1435 huet d'Bourgogne ënner dem Philippe III. d'Säite gewiesselt, a mat Frankräich den Traité vun Arras ënnerschriwwen, a Paräis zeréckginn. Duerch laang Waffestëllstänn konnt de Charles seng Arméi a säi Gouvernement nees organiséieren.

Obschonn d'Englänner nach ëmmer taktesch iwwerleeë waren, konnten duerch Manövere wéi den Du Guesclin se schonn agefouert hat, Stied nees ageholl ginn; zum Beispill Rouen am Joer 1449. Bordeaux a Bayonne waren 1451 och nees franséisch.

Den Talbot, dee probéiert hat, d'Gascogne nees anzehuelen, gouf 1453 an der Schluecht vu Castillon geschloen an dëst war och déi lescht Schluecht vum Honnertjärege Krich.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg Schluechten[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

Op englescher Säit[änneren | Quelltext änneren]

Monarchen: Edward III. · Richard II. · Henry IV. · Henry V. · Henry VI.
Aner: Edward vu Woodstock, de Schwaarze Prënz · John Talbot · John Fastolf

Op franséischer Säit[änneren | Quelltext änneren]

Monarchen: Philippe IV. · Jean II. · Charles V. · Charles VI. · Charles VII.
Aner: Jeanne d'Arc · Jean de Dunois · Gilles de Rais · Bertrand du Guesclin · Jean Bureau · La Hire

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Curry a Michael Hughes, Arms, Armies and Fortifications in the Hundred Years War, Woodbridge 1994.
  • Christopher T. Allmand, The Hundred Years War. England and France at War c. 1300–1450, Cambridge 1988.
  • C. A. J. Armstrong, England, France and Burgundy in the Fifteenth Century, London 1982
  • Philippe Contamine, La guerre de cent ans, Paräis 1977.
  • Philippe Contamine, La vie quotidienne pendant la guerre de cent ans. France et Angleterre (XIVe siècle), Paräis 1976.
  • Anne Curry, The Hundred Years War, Basingstoke 1993.
  • Favier, Jean Favier, La guerre de cent ans, Paräis 1981.
  • Jean Froissart, Chroniques de France, d'Angleterre, d'Ecosse, de Bretagne, de Gascogne, de Flandre et lieux circonvoisins, ëm 1370–1405.
  • Philippe Contamine, Guerre et société en France, en Angleterre et en Bourgogne, XIVe et XVe siècle, Lille 1991.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Honnertjärege Krich – Biller, Videoen oder Audiodateien