Philippe III. vun der Bourgogne

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Herzog Philippe de Gudden gemoolt vum Rogier van der Weyden.
Entwécklung vum Philippe dem Gudde sengem Herrschaftsterritoire, 1419–1467.
Wope vum Philippe vu 1430 un.

De Philippe III., genannt de Gudden (fr.: Philippe le Bon), gebuer den 31. Juli 1396 zu Dijon a gestuerwen de 15. Juli 1467 zu Bruges, war Herzog vun der Bourgogne aus der burgundescher Säitelinn vum Haus Valois, an de Jong vum Herzog Jean Sans Peur an der Margarete vu Bayern.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Philippe ass haaptsächlech zu Gent opgewuess. 1405 krut hie vu sengem Papp den Titel Grof vu Charolais als Apanage. 1419, beim Doud vu sengem Papp, gouf hien Herzog vun der Bourgogne a Grof vu Flandern, vum Artois a Pfalzgrof vun der Bourgogne.

Fir säi Papp se vengéieren (hie war vu Leit vum franséischen Dauphin, dem spéidere Charles VII. ermuert ginn) huet de Philippe sech am Traité vun Troyes den 21. Mee 1420 mam Henry V. vun England géint Frankräich alliéiert. Den 21. September 1435 huet hie sech am Traité vun Arras vum Charles VII. seng komplett Onofhängegkeet vun der franséischer Kroun garantéiere gelooss a sech eng ganz Rëtsch vu Grofschaften an Territoiren iwwerdroe gelooss: Auxerre, Mâcon, d'Kastellanei Bar-sur-Seine an déi, déi en an der Picardie eruewert hat (Grofschaft Boulogne, Grofschaft Ponthieu, südlech Deeler vun der Grofschaft Vermandois an d'Stied laanscht d'Somme ronderëm Amiens). Domat hat hien d'Méiglechkeet geschaaft, fir an deem nach jonke Staat Bourgogne eng eegestänneg Politik tëscht Frankräich an dem Däitsche Räich ze féieren. Well schonns 1430 war hien duerch Ierfschaft vum Philippe vum Brabant Herzog vu Brabant a Limburg ginn. Do derbäi koum och, datt hien 1421 d'Grofschaft Namouer kafe konnt. 1433 huet e senger Cousine Jakobäa vu Bayern där hir Ierfschaft vun de Grofschaften Holland, Zeeland, Friesland an Hainaut ofgeholl, a 1443 huet e sech d'Herzogtum Lëtzebuerg geholl, dat e vun der Elisabeth vu Görlitz als Gage kritt hat, si en awer net ausbezuele konnt an en dofir als Ierwen agesat hat. Domat hat hie sech net nëmme vu Frankräich mä och vum Hellege Réimesche Räich nawell grouss Territoiren averleift. De Keeser Sigismund huet zwar dogéint protestéiert, mä konnt näischt maachen.

Um Enn vu sengem Liewen hat de Philippe III. eng Zort Mëttelräich opgebaut, dat e bëssen um Lothar I. säi Lotharingien erënnert huet an de Virleefer vun de Burgundeschen Nidderlanden war. Déi lescht Joren huet säi Jong Charel de Kéngen (Charles le Téméraire) d'Regéieren iwwerholl. Dëse war de Jong vun him a senger drëtter Fra, der Isabel vu Portugal, an eenzegen Ierwen.

De Philippe III. war och bekannt als Fërderer vun der Konscht a vun de Wëssenschaften, an huet d'Teppechwiewerei a Flandern ënnerstëtzt.

Den 10. Januar 1430 huet hien nom englesche Virbild vum Jartelles-Uerden den Uerde vum Gëllene Vlies gestëft, fir domat d'Elite vu sengem éischter heterogenen Territoire ze ëmgaachelen an ze eenen. Offiziell sollten d'Dréier dovun déi chrëstleche Wäerter op der ganzer Welt verdeedegen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Bonenfant: Philippe le Bon. Sa politique, son action. Études présentées par A.M. Bonenfant-Feytmans. De Boeckh, Brüssel 1996 (Bibliothèque du Moyen âge, 9), ISBN 2-8041-2115-1 (Rezension).
  • Richard Vaughan: Philip the Good. The Apogee of Burgundy. London 1970; mehrfach wiederaufgelegt, zuletzt Boydell, Woodbridge 2008, ISBN 978-0-85115-917-1 (Rezension).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philip III Duke of Burgundy – Biller, Videoen oder Audiodateien