Jean sans Peur

Vu Wikipedia
Jean sans Peur
Gebuer 28. Mee 1371 jul.
Dijon
Gestuerwen 10. September 1419 jul.
Montereau-Fault-Yonne
Nationalitéit Frankräich
Famill
Bestuet mat Margréit vu Bayern
Papp Philippe II. vun der Bourgogne
Mamm Marguerite III.
Geschwëster Antoine vu Brabant
Kanner Philippe III. vun der Bourgogne, Maria, Margréit, Anna, Agnès
Schluecht vun Nikopol

De Jean II. vun der Bourgogne (och alt Jean I.), genannt Jean Sans Peur ("Jean ouni Angscht"), Herzog vun der Bourgogne, Grof vu Flandern, vun Artois a vu Charolais, Pfalzgrof vun der Bourgogne, Här vu Mâcon, Chalon an anere Plazen; gebuer den 28. Mee 1371 zu Dijon a gestuerwen den 10. September 1419 zu Montereau-Fault-Yonne, war e franséische Prënz aus dem Haus Valois, enger Niewebranche (branche cadette) vun den direkte Kapetenger déi am 14. Jh. ausgestuerwe waren. Hien ass domat virugefuer, wat säi Papp Philippe II. vun der Bourgogne ugefaangen hat, nämlech d'Basis fir e Burgundesche Staat weider auszebauen an ze festegen.

Hie war deen eelste Jong vum Philippe II. vun der Bourgogne an der Herzogin a Gräfin Marguerite III. vu Flandern an de Brudder vum Antoine vun der Bourgogne, dem Grof vu Rethel, dunn Herzog vu Brabant a vu Limburg. Zanter 1384 war de Jean Grof vun Nevers (deen Titel huet hie 1404 sengem Brudder Philippe iwwerdroen).

Wéi de Kinnek Sigismund vun Ungarn, deen den Attacke vun den Osmanen ausgesat war, déi aner Länner ëm Hëllef geruff huet, huet de Jean, dee säi Papp ersat huet, de franséische Kontingent ugefouert. 1396 koum et zu der Schluecht vun Nikopolis géint de Sultan Beyazid I., déi déi westlech Arméie verluer hunn, ma wou de Jean säi Bäinumm "Ouni Angscht" krut. Hie gouf allerdéngs och do gefaange geholl, an eréischt nom Ausbezuele vun engem Léisegeld vun 20.000 Gulden nees fräigelooss. 1398 koum hien zeréck a Frankräich.

Nom Doud vu sengem Papp Philippe "dem Kéngen", 1404, huet de Jean d'Bourgogne geierft, an nom Doud vu senger Mamm, ee Joer drop, d'Grofschafte Flandern, Artois a Franche-Comté (= Freigrafschaft Burgund).

Fir säi Staat auszebauen, war hien op finanziell Hëllef vum franséische Kinnek ugewisen. De Charles VI. war awer, wéinst psychescher Kränkt, zanter 1392 net méi am Stand, ze regéieren, a sou gouf et e Machtkampf op sengem Haff, wien do d'Soen hätt. Dem Charles säi Brudder Louis vun Orléans huet sech der Finanzhëllef qeeschgestalt, a sou huet de Jean Sans Peur hie 1407 ëmbrénge gelooss. Duerch dëse Muerd koum et zu engem Biergerkrich tëscht den Armagnacs an de Burgunder, déi sech ëm d'Kroun an ëm d'Muecht zerklappt hunn. Den Henry V. vun England huet sech och geschwënn do agemëscht, a sou krut den Honnertjärege Krich neien Opdriff. Mee 1419 war et um Jean Sans Peur, ëmbruecht ze ginn, wéi e versicht hat, sech mat den Armagnacs eens ze ginn an zesumme géint d'Englänner virzegoen.