Antoine vu Brabant

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Antoine vun der Bourgogne)
Antoine vu Brabant
Titelen
Zäit 1393 bis 1406
Zäit 1406 bis 1415
Zäit 1404 bis 1415
Zäit 1411 bis 1415
Biographie
Gebuer 1. August 1384 jul.
Gestuerwen 25. Oktober 1415 jul.
Azincourt
Bestuet mat Elisabeth vu Görlitz
Papp Philippe II. vun der Bourgogne
Mamm Marguerite III.
Geschwëster Jean sans Peur
De Wope vum Herzog Anton vu Brabant, eng Kombinatioun aus de Wope vun den Herzogtemer Brabant a Limburg mat deem vum Philipp II. aus dem Haus Valois-Burgund.
D'Herrschaftsgebitt vum Haus Bourgogen ënner den 3 Jonge vum Philippe II.: Jean I. vun der Bourgogne, Antoine vu Brabant a Philippe vun Nevers.

Den Antoine vu Brabant, och Antoine vun der Bourgogne, gebuer den 1. August 1384 a gestuerwen de 25. Oktober 1415 an der Schluecht vun Azincourt, war vun 1393 bis 1406 Grof vu Rethel, vu 1406 bis 1415 Herzog vu Brabant, vu 1404 bis 1415 Herzog vu Limburg a vu 1411 bis 1415 Herzog vu Lëtzebuerg.

Hie war e Jong vum Philippe II. vun der Bourgogne (Phillippe de Kéngen), Herzog vun der Bourgogne, an deem senger Fra Marguerite, Gräfin vu Flanderen, Rethel a Nevers.

Nom Doud vum Philippe dem Kéngen am Abrëll 1404 gouf d'Regierungsgewalt an der Bourgogne opgedeelt: D'Marguerite huet d'Grofschafte Flandern, Artois a Bourgogne verwalt, de Jean sans Peur krut d'Herzogtum Bourgogne an d'Grofschaft Nevers iwwerdroen, an den Antoine krut d'Herzogtum Limburg a gouf Gouverneur vu Brabant. Wéi d'Marguerite am Mäerz 1405 gestuerwen ass, huet de Jean sans Peur d'Ierfschaft vu senger Mamm iwwerholl, den Antoine krut seng Rechter confirméiert a säi klenge Brudder Philippe krut d'Grofschaften Nevers a Rethel.

Wéi seng Groussmatti Jeanne vu Brabant 1406 gestuerwen ass, huet den Antoine Brabant, Limburg an Antwerpen geierft.

Hien ass an der Schluecht vun Azincourt gestuerwen a gouf an der Jang-den-Deefer-Kierch zu Tervuren begruewen.

Fraen a Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Februar 1402 huet hien zu Arras d'Jeanne bestuet, Duechter vum Walram III. vu Lëtzebuerg, Grof vu Saint-Pol a Ligny, an der Maud Holland. Si haten 2 Kanner:

D'Jeanne ass 1407 gestuerwen.

De 16. Juli 1409 huet hien zu Bréissel d'Elisabeth vu Görlitz (1390 – 1451) bestuet, Pandhärin vum Herzogtum Lëtzebuerg. Si haten 2 Kanner, déi allebéid als Puppelche gestuerwe sinn:

  • Guillaume, (1410 – 1410);
  • onbekannt (1412).

Ausserdeem hat en zwou illegitim Duechteren: d'Jeanne an d'Anne.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Calmette: Die großen Herzöge von Burgund. Eugen Diederichs: München 1996. ISBN 3-424-01312-9
  • Michael Erbe: Belgien - Niederlande - Luxemburg – Geschichte des niederländischen Raumes. Kohlhammer: Stuttgart, Berlin, Köln 1993. ISBN 3-17-010976-6
  • Jörg K. Hoensch: Die Luxemburger – Eine spätmittelalterliche Dynastie gesamteuropäischer Bedeutung 1308–1437. Kohlhammer: Stuttgart, Berlin, Köln 2000. ISBN 3-17-015159-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antoine vu Brabant – Biller, Videoen oder Audiodateien