Richard II. vun England
Richard II. vun England | |
---|---|
Gebuer |
6. Januar 1367 jul. Bordeaux |
Gestuerwen | 14. Februar 1400 |
Nationalitéit | Kinnekräich England |
Aktivitéit | Monarch |
Famill | |
Bestuet mat | Anne vu Béimen |
Papp | Schwaarze Prënz |
De Richard II., gebuer de 6. Januar 1367 zu Bordeaux a gestuerwen de 14. Februar 1400 am Schlass Pontefract a Yorkshire, war vun 1377 bis zu senger Destitutioun, 1399, Kinnek vun England.
Hie war den zweete Jong vum Edward of Woodstock, Prince of Wales (bekannt als "Schwaarze Prënz") an deem senger Fra Joan of Kent (The Fair Maid of Kent). Well säi grousse Brudder fréi gestuerwen ass, gouf hien 1376, nom Doud vu sengem Papp, 3. Prince of Wales an 2. Herzog vu Cornwall. Wéi dat Joer drop och säi Grousspapp, den Edward III., gestuerwen ass, gouf hien, mat just 10 Joer, Kinnek vun England. Soulaang e mannerjäreg war, huet e kinnekleche Conseil (bei deem am Hannergrond den John of Gaunt an dem Richard seng Mamm Joan of Kent d'Fiedem gezunn hunn) d'Amtsgeschäfter gefouert.
1380 gouf de Richard vum Parlament fir volljäreg erkläert. Gläich am Ufank vu sengem Règne huet hie missen en Opstand vu Baueren ënner dem Wat Tyler zëssen, déi d'Leifeegeschaft ofschafe wollten. Aussepolitesch war et de Krich mat Frankräich, deen dominéiert huet. Well e kee militäresche Succès hat, huet hien et iwwer den diplomatesche Wee probéiert, d. h. en huet 1382 d'Anne vu Béimen, dem Karel IV. seng Duechter, bestuet. Ma dem Karel sengem Brudder Wenzel war dat trotz allem net Argument genuch, fir och an de Krich géint Frankräich anzegräifen. D'Anne ass 1394 ouni Kanner kritt ze hunn, gestuerwen.
Eng zentral Roll a senger Amtszäit hu seng stiermech Relatioune mam Parlament gespillt: Sou hat hien eng Rëtsch héich Poste mat Vertraute vun him besat, wat de Lords, déi gemegt hunn, déi Poste stéingen hinnen zou, net gepasst huet. D'Parlament huet dem Kinnek eng Zort permanent Kontrollgremium virun d'Nues gesat, sou datt dësen uechter d'Land gezunn ass, fir Ënnerstëtzeung géint d'Parlament ze fannen. Hien huet e Riichter-Collège gegrënnt, dat d'Decisioune vum Parlament fir ongülteg erkläert huet an den Oppositiounsleader wéinst Héichverrot ugeklot huet. D'Lords am Parlmaent hu sech dat net bidde geloss an hunn eng kleng Arméi opgesat, déi de Richard zu London gefaangegesat hunn. Dunn hu se hirersäits d'Conseilleren an Alliéiert vum Kinnek zum Doud verurtdeele gelooss.
Haaptleit vun der Oppositioun géint de Richard, "Lords Appellant" genannt, ware säi Monni, den Thomas of Woodstock, 1. Herzog vu Gloucester, den Henry Bolingbroke, Earl of Derby, dem Richard säi Konseng, den Thomas de Beauchamp, 12. Earl of Warwick, de Richard FitzAlan, 11. Earl of Arundel an den [[Thomas Mowbray, 1. Duke of Norfolk, Earl of Northampton. An de Méint duerno gouf de Richard awer nees agesat (och, well d'Lords sech net iwwer en Nofollger eens waren), an en huet och méi Zoustëmmung krut. 1396 huet hien déi just 7 Joer al Prinzessin Isabella vu Valois bestuet, d'Duechter vum Kinnek vu Frankräich. Ewell ass et de Lords Appellant un de Kolli gaangen, si goufen an d'Verbannung geschéckt, agespaart, oder zum Doud verurteelt.
Den Henry Bolingbroke, dem John of Gaunt säi Jong a spéidere Kinnek Henry IV., war ee vun deenen, déi 1398 verbannt goufen. Wéi de Richard an Irland ënenrwee war, fir do Krich ze féieren, huet de Bolingbroke dovu profitéiert an ass am Yorkshire gelant, wou e mat Hëllef vun Adelege vun do en Opstand géint de Kinnek gemaach huet. De Richard gouf 1399 alt nees gefaange geholl a gezwongen, ofzedanken an den Henry Bolingbroke, als Henry IV. als neie Kinnek anzesetzen.
De Rescht vu sengem Liewen huet hien am Prisong verbruecht, wou e 1400 vergëft oder erhingere gelooss gouf.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Ënner dem Richard II. senger Herrschaft huet säin Haff eng wichteg Roll als kulturellen Zentrum gespillt. Sou huet den Geoffrey Chaucer um Haff gewunnt a konnt do seng literaresch Wierker ausschaffen. Zu där Zäit huet sech d'Englescht definitiv als Sprooch vun der Herrschaftsschicht géintiwwer dem Franséischen duerchgesat.
De Richard II. ass d'Titelfigur vum William Shakespeare sengem Drama Richard II.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Christopher Fletcher: Richard II. Manhood, Youth, and Politics, 1377–1399. Oxford University Press, Oxford u. a. 2008.
- Nigel Saul: Richard II. Yale University Press, New Haven 1997.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Richard II. vun England – Biller, Videoen oder Audiodateien |