Geoffrey Chaucer

Vu Wikipedia
Geoffrey Chaucer
Gebuer 1343 jul.
London
Gestuerwen 25. Oktober 1400 jul.
London
Nationalitéit Kinnekräich England
Aktivitéit Linguist, Dichter, Liddertexter, Philosoph, Politiker, Iwwersetzer, Astrolog, Schrëftsteller

Den Geoffrey Chaucer, gebuer ëm 1343, warscheinlech zu London, a gestuerwen, warscheinlech de 25. Oktober 1400, zu London, war en englesche Schrëftsteller an Dichter, deen als Auteur vun de Canterbury Tales berüümt ginn ass. An enger Zäit, an där d'englesch Dichtung zu engem groussen Deel nach op Latäin, Franséisch oder Anglonormannesch geschriwwe gouf, huet den Chaucer d'Sprooch vum Vollek benotzt, an huet domat d'Mëttelenglescht zu enger Literatursprooch erhuewen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Chaucer koum aus enger räicher Londoner Wäinhändlerfamill. Déi éischt schrëftlech Ernimmung vu sengem Numm fënnt een 1357 am Haushaltsbuch vun der Gräfin vun Ulster, Elizabeth de Burgh, der Fra vum Prënz Lionel vun Antwerpen. De Lionel, e Jong vum Kinnek Edward III., war ee vun de Cheffe vun der Arméi déi 1359 a Frankräich agefall ass. Och den Chaucer huet als Zaldot deelgeholl, a gouf 1360 bei Reims fir eng kuerz Zäit vun de Fransouse gefaange geholl, mä fir 16 £ nees fräikaaft. Kuerz drop, an de Friddensverhandlungen zu Calais, stoung hien als Kuréier an den Déngschter vum Lionel. Bis 1366 ass keng geschichtlech Spuer vun him ze fannen. Aus deem Joer ass e Schutzbréif vum Kinnek Charles II. vun Navarra iwwerliwwert, deen dem Chaucer an dräi weidere Begleeder fräit Geleet duerch säi Kinnekräich bis op d'Grenz vu Kastilien zouséchert. An de follgende Jore huet den Chaucer ëmmer nees diplomatesch Missiounen am Optrag vum englesche Kinnek .

John of Gaunt

1366 huet hie sech mat der Philippa Roet bestuet, enger Dam vum Haff vun der Philippa vum Hainaut an Duechter vum Sir Gilles, genannt "Paon de Roet", dee mat der Suite vun der Philippa an England komm war. Hir Schwëster Catherine Swynford war zanter 1372 d'Mätress, spéider déi drëtt Fra vum John of Gaunt, Herzog vu Lancaster a véierte Jong vum Kinnek. Sou koum et, datt den Chaucer sech an de follgende Joren iwwer de Patronage vum Herzog freeë konnt. Aus dem Bestietnes mat der Philippa goungen op d'mannst zwéi Bouwen, Thomas a Lewis, a warscheinlech zwou Duechteren, Elizabeth an Agnes, ervir. Nëmmen iwwer den Thomas Chaucer ass méi bekannt, well hie gouf spéider ee vun de räichsten a politesch aflossräichste Männer vun England.

Zanter 1367 war den Geoffrey Chaucer Member vum kinneklechen Haushalt, mol als valettus (Kummerdénger), mol als esquier (Knappe), op alle Fall als Member vun enger Trupp vun ëm déi 40 Mann, déi sech allgemeng bei Haff nëtzlech maache sollt. Warscheinlech huet hien och op den Inns of Court, der Londoner Rechtsschoul, studéiert. Vun 1366 bis 1370 gouf hie véiermol a kinneklechem Optrag an d'Ausland geschéckt, an ass dobäi duerch Frankräich, Flandern a warscheinlech och Italie gereest. Et gëtt ugeholl datt den Chaucer 1368 zu Mailand bei der Hochzäit vum Lionel mat der Violante, der Duechter vum Galeazzo II. Visconti, dobäi war; bei dëser Geleeënheet hätt hien de Petrarca an de Jean Froissart getraff, zwee vu senge literaresche Virbiller.

Säin éischte literaresche Verdéngscht war d'Iwwersetzung vum franséische "Roman de la rose" op Mëttelenglesch. Als säin éischt eegent Gedicht gëllt The Book of the Duchess, eng Luefried op d'Blanche, déi éischt Fra vum John of Gaunt, déi 1368 gestuerwe war. Vun 1372 bis 1373 war hien a kinneklechem Optrag zu Genua an zu Florenz. Spéitstens op där Rees huet hien Italieenesch geléiert, a warscheinlech koum hien do och fir d'éischt Kéier a Kontakt mat der Dichtung vum Boccaccio a vum Dante, no där hirem Virbild hie spéider d'Canterbury Tales verfaasse sollt.

1374 gouf hien Douanesinspekter fir Woll-, Pelz- a Liederexport. Woll war zu där Zäit de wichtegsten Exportartikel vun England, a sou war den Chaucer verantwortlech, fir grouss Zomme vu Suen opzedreiwen, mat deenen zu engem groussen Deel de Kinnekshaff finanzéiert gouf. Nieft sengem Beruffsakommes gouf him zanter deem Joer vu sengem Mentor John of Gaunt och eng järlech Apanage vun £10 unerkannt (warscheinlech als Belounung fir The Book of the Duchess), a vum Kinnek Edward III. krut hien op Liewenszäit eng Galloun Wäi pro Dag.

1377 ass hien nees a Frankräich gereest, 1378 op Mailand, fir do mam Despot Bernabò Visconti geheim militäresch Berodungen ze féieren. Aus dem Joer 1380 ass e Geriichtsdokument iwwerliwwert, an deem den Chaucer vum Virworf fräigeschwat gëtt, un enger Bäckersduechter raptus begaange ze hunn. Bis haut streiden d'Fuerscher driwwer, op d'Wuert mat "Vergewaltegung" oder "Entféierung" z'iwwersetzen ass.

No 1382 delegéiert hien d'Aarbecht an der Douane ëmmer méi u seng Stellvertrieder, an 1385 plënnert hien op Kent. Schonn ee Joer méi spéit representéiert hien déi Grofschaft am House of Commons, dem engleschen Ënnerhaus. Seng enk Relatioune mam Kinnekshaff goufen him awer am Joer 1386 zum Verhängnes, wéi d'parlamentaresch Oppositioun sech géint de Kinnek Richard II. an den John of Gaunt duerchsetzt. All seng Ämter goufen him oferkannt. 1387 stierft dem Chaucer seng Fra, an trotz sengem kamouden Akommes kritt hien ëmmer méi Scholden. 1390 gëtt hie vum Richard II. zum clerk of the works ernannt, zum Opsiichter iwwer d'kinneklech Bauprojeten. An där Funktioun gouf hien am September vum selwechte Joer vu Brigangen iwwerfall; verschidde Fuerscher vermudden, datt den Chaucer deen Iwwerfall inszenéiert hätt, fir mat de "geklaute" Sue seng Scholden ze bezuelen. No nëmmen engem Joer huet hien déi Plaz nees verluer. Hie gouf Fierschter an de kinnekleche Bëscher vun North Petherton an der Grofschaft Somerset, an huet och an de Joren duerno, seng Kontakter mam Kinnekshaff oprecht erhalen. An där Zäit sinn och déi meescht vun de Canterbury Tales entstanen.

Wéi den Henry IV., Jong vum John of Gaunt an deem senger éischter Fra Blanche, 1399 op den engleschen Troun koum, goung dem Chaucer seng Pai déck an d'Luucht; e Gedicht dat dem Chaucer zougeschriwwe gëtt, The Complaint of Chaucer to his Purse, gëtt allerdéngs als Hiwäis gedeit, datt d'Suen ni ausbezuelt goufen. Hien ass nees op London geplënnert, wou en awer schonn e Joer méi spéit gestuerwen ass, warscheinlech de 25. Oktober 1400 - dat ass op d'mannst den Datum deen op sengem Graf ze liesen ass; et gouf allerdéngs eréischt am 16. Joerhonnert opgeriicht. Hie gouf an der Westminster Abtei bäigesat, an, ugefaange mam Edmund Spenser goufen zanter 1599 traditionell déi bescht englesch Dichter am sougenannte Poets' Corner ronderëm säi Graf begruewen.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Portrait vum Chaucer am Thomas Hoccleve sengem The Regiment of Princes (1412)

Den Geoffrey Chaucer gëllt als Grënner vun der moderner englescher Literatur. Zwar hat am fréie Mëttelalter dat Alenglescht eng räich Literatur Opweises, mä déi Schrëfttraditioun ass mat der Invasioun vun den Normannen 1066 op en Enn gaangen. Vun do u war Franséisch respektiv Anglonormannesch d'Sprooch vun de gehuewenen a gebilte Stänn. Eréischt am 14. Joerhonnert krut d'englesch Sprooch nees méi Prestige, an den Chaucer war ee vun den éischten, dee se nees als Literatursprooch benotzt huet.

Säi Wierk ass staark vun anticken, franséischen an italieenesche Virbiller markéiert, mä et fënnt een och metresch, stilistesch an inhaltlech Neierungen, déi d'Eegestännegkeet vun der fréier englescher Literatur grënnen. Säi Wierk gëtt meeschtens an dräi Phasen agedeelt, déi seng literaresch Aflëss a seng Emanzipatioun vu senge Virbiller erëmspigelen. Dem Chaucer säi fréit Wierk gëllt als seng "franséisch", seng Wierker vun 1370 un, als "italieenesch" Phas. D'Canterbury Tales sinn zum gréissten Deel no 1390 a senger "englescher Phas" entstanen.

Metrik[änneren | Quelltext änneren]

Déi alenglesch Dichtung berout um germanesche Stafreim, deen en och am Chaucer sengem Wierk geleeëntlech fënnt. Den Chaucer huet aus der literarescher Traditioun vun de romanesche Sproochen den Endreim iwwerholl, mat verschiddene franséischen an italieenesche Gedichtformen experimentéiert a si de grammateschen a rhythmeschen Eegenschafte vun der englescher Sprooch ugepasst. Hien ass fir d'éischt vum franséische Balladevers ausgaangen, dee sech virun allem mam Guillaume de Machaut entwéckelt huet. Am Franséischen huet de Balladevers aus aacht Zeile bestanen, mam Reimschema ababbcbc. A jeeweils dräi Strophen openaner goufen déi selwecht Reimen nees opgegraff. Den Chaucer huet sech a méi kuerze Gedichter wéi "Truth" oder "Gentilesse" strikt un dës Virlag gehalen. Am Italieenesche kann een déi franséisch Balladestroph mam ottava rima vum Boccaccio gläichsetzen. Am Franséischen haten d'Zeile meeschtens aacht, am Italieeneschen eelef Silben (endecasillabo). Den Chaucer huet meeschtens jambesch Pentameter vun zéng Silbe benotzt, a sou dee Vers an d'englesch Dichtung agefouert, deen och duerno am meeschte sollt benotzt ginn.

Andeems hien déi siwent Zeil vun der ottava rima ewechgelooss huet, huet den Chaucer eng Gedichtsform geschaaft, déi spéider als rhyme royal bezeechent gouf, an an der englescher Literatur vill Nofollger fonnt huet. Als Beispill déi éischt Stroph vum "The Parliament of Fowls":

The lyf so short, the craft so long to lerne,
Th'assay so hard, so sharp the conquerynge,
The dredful joye alwey that slit so yerne:
Al this mene I by Love, that my felynge
Astonyeth with his wonderful werkynge
So sore, iwis, that whan I on hym thynke
Nat wot I wel wher that I flete or wynke.

Déi zwou lescht Zeile stellen e sougenannten heroic couplet duer, also zwéi jambesch Pentameter déi am Puerreim gekoppelt sinn. Si bilden d'metresch Grondlag fir déi meescht vun de Canterbury Tales a fir e groussen Deel vun der englescher eepescher Dichtung nom Chaucer.

D'"franséisch" Phas (virun 1372)[änneren | Quelltext änneren]

Als éischt literarescht Wierk vum Chaucer gëllt The Romaunt of the Rose, eng Iwwersetzung vum Roman de la Rose, dem aflossräichsten a längste Gedicht - mat iwwer 22.000 Versen - aus dem spéide franséische Mëttelalter. D'Wierk ass nëmmen deelweis erhale bliwwen, an et ass net kloer, op den Chaucer d'Iwwersetzung iwwerhaapt fäerdeggeschriwwen huet. A Wierksausgabe gëtt de Romaunt, deen 1523 fir d'éischt gedréckt gouf, an dräi Fragmenter ënnerdeelt, déi sech linguistesch zimmlech staark vuneneen ënnerscheeden. Eleng fir d'"Fragment A" (Zeil 1-1705) gëllt den Chaucer sécher als Auteur, beim "Fragment C" ass et ëmstridden, beim "Fragment B" widderluecht. The Romaunt of the Rose ass metresch an och sproochlech nach zimmlech holpereg, mä den Chaucer huet doraus vill Motiver geholl, déi seng spéider Gedichter beaflosst hunn, besonnesch den Dram als Rumm vun engem Gedicht.

ABC ass och eng Iwwersetzung aus dem Franséischen. D'Gedicht vum Guillaume de Deguillevilles ass e Luef vun der Helleger Jongfra; d'Ufanksbuschtawe vun de Strophen entspriechen dem Alphabet.

The Book of the Duchess ass dem Chaucer säin éischt eegent Gedicht. Et ass eng Luefried op d'Blanche, déi éischt Fra vum John of Gaunt déi 1368 gestuerwe war. D'Gedicht ass wuel bei enger vun de Gedenkfeieren, déi de Prënz all Joer zu hirem Doudesdag ofhale gelooss huet, entstanen. Et ass en Dramgedicht no franséischem Virbild a beschreift an der allegorescher Sprooch vun der Dichtung vum Haff d'Trauer vum Wittmann.

D'"italieenesch" Phas (1372-87)[änneren | Quelltext änneren]

The House of Fame gëtt op d'Joer 1380 datéiert, an ass och en Dramgedicht, mä inhaltlech hieft et sech vum Chaucer senger Dichtung däitlech of. Et meandert op en éischte Bléck ouni Zil viru sech hin, mä behandelt a villen Exkursen eng grouss Parti vun Theemen, vum Sënn an Zweck vun der Konscht, Wourecht a Ligen an der Geschichtsschreiwung bis zu wëssenschaftlechen Ausféierungen iwwer d'Wiese vu Schall a Loft. Den Dichter Geffrey ass a sengem Dram am Tempel vun der Venus aus Glas erëm, a liest op enger Messengstafel d'Geschicht vum Fall vun Troja. Vun do dréit hien en Aadler, deen nawell gär schwätzt, bei d'Haus vun der Gëttin Fama, an hien erlieft, wéi si de Ruhm komplett willkürlech verdeelt. Zu gudder Lescht kënnt hien an d'"Haus vun de Rumeuren", dat ganz aus Äscht gebaut ass, a wou e "Mann vu groussem Ausgesinn", deen net weider beschriwwe gëtt, vu komesche Gestalten an den Eck gedréckt gëtt - do brécht d'Gedicht of. Verschidde Motiver - wéi zum Beispill den Aadler - fënnt een am Dante senger Divina Comedia erëm. Ausserdeem ass d'Gedicht voll vu parodistesche Verweiser op antik Auteuren, besonnesch op d'Aeneis vum Vergil, um Ovid seng Metamorphosen an op de Boëthius, soudatt et vu Kritiker dacks als literaturtheoreetesch Ofhandlung gelies gëtt.

Dem Boëthius säi Wierk De Consolatione philosophiae ("Vum Trouscht vun der Philosophie") huet den Chaucer och ëm 1390 als Boece an d'Englescht iwwerdroen. Et ass an enger Handschrëft aus dem fréie 16. Joerhonnert erhalen.

Anelida and Arcyte behandelt déi onglécklech Léift vun der armeenescher Kinnigin Anelida zum thebeschen Adlegen Arcyte. Den zentralen Deel vun deem Gedicht, dat net fäerdeg gouf, ass de Lamento vun der Anelida. Deen dramatesche Monolog stellt hir Befindlechkeet immens eloquent duer, an ass mat Introductioun, Stroph, Géigestroph an Epode streng symmetrisch strukturéiert. Verschidden Deeler vun Anelida and Arcyte - wéi zum Beispill d'So vun de Siwe géint Theben - fënnt ee beim Statius Thebais, d'Klo vun der Léift ass virun allem e franséische Genre, zudeem weist d'Erzielsituatioun däitlech den Afloss vum Boccaccio sengem Wierk Teseide, mä déi eigentlech Geschicht ass vum Chaucer selwer.

The Parliament of Fowls (D'Parlament vun de Vigel) ass e weidert Dramgedicht. Déi honnert Strophen am rhyme royal weisen éischt Beleeger fir de Vältesdag als Fest vun der Léift. Wéi och am The House of Fame ass den Erzieler en Dichter, deen ëmsoss versicht, an ale Bicher eppes iwwer d'Léift ze léieren. Gebéckt iwwer Somnium Scipionis - dem Dram vum Scipio aus dem Cicero senger De re publica - schléift den Dichter an, a gëtt am Dram vum Scipio selwer an de Gaart vun der Léift gefouert. Do hu sech d'Vigel ënner dem Virsëtz vun der Gëttin Nature zur Balz afonnt. Eng Aadlerdamm ka sech tëscht dräi Freieren net entscheeden a gëtt vun der Gëttin ënnerbrach, déi d'Verhandlungen zur Partnerwal mat den anere Vigel ophëlt. Dobäi plädéieren d'Dauwe fir éiweg trei ze sinn, de Kuckuck steet fir d'Promiskuitéit. Dem Chaucer seng Allegorie gëtt dacks als Geleeënheetsgedicht fir d'Hochzäit vum Kinnek Richard II. mat der Anne vu Béimen gedeit.

Am Troilus and Criseyde gëtt d'Léift net allegoresch verkläert, mä an hirer psychologescher Komplexitéit an zimmlech moderner Weis beliicht. De Verseepos, och am rhyme royal gehalen, huet als Theema d'Léift vum trojanesche Prënz Troilus an der Criseyde (Cressida). Mat der Hëllef vun hirem Monni Panderus kann den Troilus d'Häerz vun der Criseyde gewannen, mä verléiert si schlussendlech un de griichesche Kriger Diomedes. Um Enn vum Gedicht gëtt den Chaucer jonke verléifte Koppelen de Rotschlo, sech net der Léift op Äerden zouzewennen, mä der himmlescher Léift zu Gott; déi Ausso ass wéi dat ganzt Gedicht däitlech vun der Philosophie vum Boëthius markéiert. Dat direkt Virbild war awer Il Filostrato (ëm 1340) vum Boccaccio.

Am The Legend of Good Women huet den Chaucer verloossene Fraen an der Geschicht an an der Mythologie geduecht, an och den "Hellege" vum Cupido; déi Thematik fënnt een och beim Ovid (Epistulae heroidum). Am eenzele gëtt d'Geschicht vun der Kleopatra, der Thisbe, der Dido, der Medea der Hypsipyle, der Lucretia, der Philomele, der Phyllis an der Hypermestra erzielt. De Prolog ass wuel déi éischt eepesch Dichtung an der englescher Literatur, déi komplett an heroic couplets verfaasst ass. Dee Vers huet den Chaucer och an de meeschte vu senge Canterbury Tales benotzt.

D'Canterbury Tales[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och den detailléierten Artikel iwwer d'Canterbury Tales.

Canterbury Tales, Holzschnëtt vu 1484
Portrait vum Chaucer als Pilger am Ellesmere-Manuskript (ëm 1410) vun de Canterbury Tales

D'Canterbury Tales sinn zum gréissten Deel no 1388 entstanen, am Chaucer senger "englescher" Phas. Säi literarescht Virbild ass awer trotzdeem den Decamerone vum Boccaccio. Aus där Sammlung vun 100 Novellen huet den Chaucer virun allem den Organisatiounsprinzip vun der Rummhandlung iwwerholl; d'Geschichte selwer sinn awer vum Chaucer selwer.

De berüümte Prolog stellt d'Rumm duer, fir dat wat geschitt: den Dichter ass op enger Pilgerfaart bei d'Graf vum hellegen Thomas Becket zu Canterbury. An enger Tavern virun den Diere vu London stéisst hien op 29 aner Leit mam selwechten Zil a schléisst sech hinnen un. De Wiert an der Wiertschaft schléit vir, all Pilger soll op der Hin- a Réckrees zwou Geschichten erzielen, och mam Hannergedanken d'Gäscht bei Laun fir ze Drénken ze halen. Den Chaucer charakteriséiert am Prolog all Pilger a kuerzen awer realistesche Portraiten. Sou entsteet e verklengert Bild vun der englescher Gesellschaft vu senger Zäit, vum Ritter iwwer d'Nonn bis zum Bauer ass all Schicht vertrueden. Eng Pilgerfaart war déi eenzeg plausibel Geleeënheet, wou sou eng faarweg Gesellschaft tatsächlech zouenaner fonnt hätt, a sou erweist sech d'Handlungsrumm als Instrument vun enger realistescher Duerstellung.

Vun de geplangten 120 Erzielungen huet den Chaucer der nëmmen 22 fäerdeg geschriwwen, zwou sinn net fäerdeg ginn. Zwéin Tales (The Parson's Prologue and Tale an The Tale of Melibee) si Prosanovellen, déi aner meeschtens an der Reimform vu jambesche Pentameteren nom Schema aabbcc. Den haitege Standarttext gouf aus verschiddene Manuskripter zesummegedroen, soudatt een 10 Fragmenter ënnerscheede kann, déi zesummenhänken. Verschiddener verweisen inhaltlech op anerer, mä d'ursprénglech Reiefolleg vun den Erzielunge kann net méi ouni Zweiwel rekonstruéiert ginn.

D'Villfalt vun de Canterbury Tales mécht hire Reiz aus. Den Chaucer huet jiddwerengem vu senge Pilger eng charakteristesch Sprooch an eng passend Geschicht ginn, soudatt eng Villzuel vu Genren nieftenee bestinn, awer duerch d'Rummhandlung eng Eenheet duerstellen. Sou verknëppt den Chaucer fromm Hellegelegenden, Dichtung vum Haff an och méi derb Geschichten elegant an ouni Widdersproch. A jénkster Zäit koum et virun allem zu Interpretatiounen, déi d'Canterbury Tales als Stännersatir deiten.

Wëssenschaftleche Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Den Chaucer huet warscheinlech fir säi Jong eng Zort Gebrauchsuweisung fir en Astrolabium geschriwwen (Treatise on the Astrolabe). Déi Schrëft gëllt als Beleeg, datt hien och technesch a wëssenschaftlech verséiert war. En astronomescht Wierk mam Titel Equatorie of the Planetis, wat 1952 entdeckt ginn ass, verfollegt verschidden Theeme vum Treatise an ass, sproochlech gesinn, sengem Virgänger änlech. Et ass awer net bewisen, datt dat och vum Chaucer ass.

Iwwerliwwerung a Wierkungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Hengwrt-Manuskript
Den Ufank vun der Erzielung vum Ritter aus dem Ellesmere-Manuskript

Schonn zu Liefzäite goufen dem Chaucer seng Wierker am In- an Ausland gelueft, ë. a. vum John Gower, Thomas Usk an Eustache Deschamps. No sengem Doud am Joer 1400 huet eng Kanoniséirung vum Chaucer als "Morgenstern vun der englescher Dichtung" ugefaangen, besonnesch duerch den Haffdichter John Lydgate. Dem Chaucer säi Stil gouf dacks imitéiert, verschidden Dichtunge vu sengen Nomaacher hu bis an d'20. Joerhonnert als Chaucer-Originaler gegollt. Seng Wierker goufen an Handschrëfte kopéiert, a mat all Kopie si Feeler, Ännerungen oder dialektal Variatiounen an den Originaltext komm, soudatt op eemol eng grouss Partie verschidde Versioune vun de Canterbury Tales kurséiert sinn. D'Grondlag fir all haiteg Ausgaben ass dat sougenannten Ellesmere-Manuskript, wat ëm 1410 entstanen ass. D'Hengwrt-Manuskript wat an der walisescher Nationalbibliothéik zu Aberystwyth ze fannen ass, ass warscheinlech nach méi al (ëm 1400) a gouf méiglecherweis souguer vum selwechte Kopist gemaach, wéi d'Ellesmere-Manuskript. Et weist awer Ofweichungen op, déi op eng Zensur schléisse loossen. Sou ass d'Erzielung vun der Fra vu Bath do staark entschäerft.

D'Begeeschterung fir den Chaucer huet am ganze 15. Joerhonnert ugehalen, an d'Canterbury Tales war eent vun den éischte Bicher, dat an England gedréckt gouf. Déi éischt Drockausgab vum William Caxton ass am Joer 1478 erauskomm. Zwéin Drame vum Shakespeare ginn indirekt op den Chaucer zeréck: Two Noble Kinsmen, dat sech bei The Knight's Tale (aus de Canterbury Tales) inspiréiert, an Troilus und Cressida.

Am 16. a 17. Joerhonnert ass dem Chaucer seng Berüümtheet ëmmer manner ginn, virun allem well dat Mëttelenglescht wéinst Lautverschiebungen an anere sproochlechen Entwécklungen ëmmer méi onverständlech ginn ass. Den John Dryden huet den Chaucer als "Papp vun der englescher Dichtung" gelueft, a verschidden Tales op Neienglesch iwwersat. D'Meenunge vun de Romantiker iwwer den Chaucer goungen ausenaner. Vill hunn hie wéinst der Urtümlechkeet vu senger Dichtung geschat, anerer, wéi de Lord Byron hu fonnt hie wier "obszön a veruechtenswäert". Am 19. an 20. Joerhonnert goufe seng Wierker zum Géigestand vun der moderner Literaturwëssenschaft. D'Chaucer Society (zanter 1978 New Chaucer Society) gëtt zanter 1868 all Joer eng Anthologie mat Essaien eraus, déi haut den Numm Studies in the Age of Chaucer dréit.

Dat berüümtest Gedicht vun der engleschsproocheger Modern, dem T. S. Eliot säin The Waste Land (1922) fänkt mat enger Referenz un déi éischt Wierder am Prolog vun de Canterbury Tales un:

Canterbury Tales, General Prologue
Whan that Aprill with his shoures soote
The droghte of March hath perced to the roote,
And bathed every veyne in swich licour
Of which vertu engendred is the flour;
Whan zephirus eek with his sweete breeth
Inspired hath in every holt and heeth
The tendre croppes, and the yonge sonne
Hath in the ram his half cours yronne,
The Waste Land
April is the cruellest month, breeding
Lilacs out of the dead land, mixing
Memory and desire, stirring
Dull roots with spring rain.
Winter kept us warm, covering
Earth in forgetful snow, feeding
A little life with dried tubers.

D'Canterbury Tales goufen och e puermol fir den Theater adaptéiert, als Musical opgefouert a verfilmt, ënner anerem vum Pier Paolo Pasolini (I Racconti di Canterbury, 1972).

Déi fréi kanonesch Plaz vum Chaucer huet och d'Standardiséierung vun der englescher Sprooch op der Grondlag vun der Londoner Kanzleisprooch beaflosst. Den Oxford English Dictionary schreift déi éischt schrëftlech Ernimmung vu villen englesche Wierder dem Chaucer sengem Wierk zou, dorënner beim Buschtaf A eleng d'Wierder acceptable, alkali, altercation, amble, angrily, annex, annoyance, approaching, arbitration, armless, army, arrogant, arsenic, arc, artillery an aspect.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Wierksausgaben an Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Larry D. Benson: The Riverside Chaucer. 3. Oplo, Oxford University Press, Oxford, 1988, 1374 Säiten, kommentéiert Gesamtwierk; gëllt als Standardeditioun.
  • Die Canterbury-Erzählungen. erausgi vum Joerg O. Fichte, 3 Bänn. Goldmann, München 2000 (mëttelengleschen Originaltext mat däitscher Prosaiwwersetzung)
  • Troilus und Criseyde. Insel, Frankfurt am Main 2000

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

D'Literatur zum Chaucer sengem Wierk ass ganz grouss, net zulescht, well si iwwer Honnerte vu Joren zeréckgeet. All Joer erschéngt an de Studies in the Age of Chaucer eng kommentéiert Bibliographie zum aktuelle Stand vun der Fuerschung. Eng systematesch Online-Bibliographie fënnt een hei op der Chaucer-Säit vun der Harvard-Universitéit.

  • Harold Bloom, Geoffrey Chaucer. Chelsea House: Broomall. Pa. 2003 ISBN 0-7910-5115-3
  • Muriel Bowden, A reader's guide to Geoffrey Chaucer. Syracuse UP, 2001 ISBN 0-8156-0696-6
  • Terry Jones et al., Who murdered Chaucer? A medieval Mystery. Methuen, London 2000 ISBN 0-413-75910-5
  • Gillian Rudd, The complete critical guide to Geoffrey Chaucer. Routledge, London 2001 ISBN 0-415-20241-8
  • Mette Hansen, The Visioner's Tale: A Reconstruction. Mette Hansen, Aarhus, 2000

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geoffrey Chaucer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Texter (Mëttelenglesch)[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze lauschteren[änneren | Quelltext änneren]