Diskussioun:Geoffrey Chaucer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Geoffrey Chaucer[Quelltext änneren]

Hallo, gëtt et e Grond, firwat am Text ëmmer an "den Chaucer" steet (amplaz "de Chaucer")? Ass dat wéinst der Aussprooch oder ass dat e Feeler? Bei "den Geoffrey Chaucer" verstinn ech et well een dat esou ausschwätz wéi wann et mat engem d géinf ufänken, mee ech weess net wéi een Chaucer ausschwätzt.--Bdx (Diskussioun) 12:28, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Ausssprooch: DGeffri TSchoosser sou wéi och beim Charel= TSchaarls --Les Meloures (Diskussioun) 13:15, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

OK, merci--Bdx (Diskussioun) 13:27, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Iwwersetzung aus dem Däitschen[Quelltext änneren]

Remark dobäi[Quelltext änneren]

Ech hunn eng Remark an den Artikel gesat, datt en eng Iwwersetzung vum Artikel op der däitscher Wikipedia ass (well e Wuert-fir-Wuert iwwerholl gouf). --Bdx (Diskussioun) 13:27, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Iwwersetzungsfeeler?[Quelltext änneren]

Am Artikel steet:

Zwéin Drame vum Shakespeare gi mëttelbar op den Chaucer zréck: Two Noble Kinsmen inspiréiert sech un Troilus and Criseyde an un The Knight's Tale (Canterbury Tales).

Déi däitsch Originalversioun seet:

Zwei Dramen Shakespeares gehen zumindest mittelbar auf Chaucer zurück: Troilus und Cressida sowie die an die Erzählung des Ritters angelehnte apokryphe Tragikomödie Two Noble Kinsmen (Zwei edle Vettern).

Misst et dann net heeschen:

Zwéin Drame vum Shakespeare gi mëttelbar op den Chaucer zréck: Two Noble Kinsmen, dat sech bei The Knight's Tale ( aus de Canterbury Tales) inspiréiert, an Troilus und Cressida.

oder gesinn ech do eppes falsch? (Ech hunn nach näicht verbessert) --Bdx (Diskussioun) 13:27, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]


U sech ass dat méi korrekt mä kann ee mir erkläre wat mëttelbar soll heeschen.? --Les Meloures (Diskussioun) 14:35, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Gutt, dann ersetzen ech et. "Mëttelbar": http://www.duden.de/rechtschreibung/mittelbar --Bdx (Diskussioun) 14:54, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hunn u sech näischt géint den Duden, mä wann ech dohinner muss kucke goen fir e Sënn vun engem Wuert gewuer ze ginn dat am lëtzebuergesche Sproochgebrauch sou rar ass wéi d'wäis Mais dann ass eppes faul un der Saach. Ech hat och schonn en etlech Leit déi net méi domm si wéi déi meescht Mataarbechter hei, gefrot wat dat kéint heeschen an e peur hu gemengt dat wier eng tranmuselanesch Kauderwelschiwwersetzung. Mä firwat et einfach maache wann et och komplizéiert geet. --Les Meloures (Diskussioun) 15:44, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hätt et éierlech gesot och am Däitschen net gewosst, ouni an den Duden ze kucken (am däitschen Artikel benotzen se dat Wuert och). Du kannst dat awer bestëmmt änneren, well dee/déi Benotzer(in) déi deen Artikel geschriwwen huet schéngt net méi aktiv ze sinn.--Bdx (Diskussioun) 15:53, 18. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]