Dante Alighieri

Vu Wikipedia
Dante Alighieri
Gebuertsnumm Durante di Alighiero degli Alighieri
Gebuer 1265 jul.
Florenz
Gestuerwen 14. September 1321 jul.
Ravenna
Doudesursaach Malaria
Nationalitéit Republik Florenz
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Prosaist, Politiker, Philosoph, politeschen Theoretiker, Intellektuellen, Linguist
Portrait vum Dante

Den Dante Alighieri, gebuer am Mee 1265 zu Florenz, a gestuerwen de 14. September 1321 zu Ravenna, war en italieeneschen Dichter. Hien ass mat senger Divina Commedia bekannt ginn.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Dante Alighieri seng Eltere waren den Alighieri II an d'Bella. Seng Mamm ass awer fréi gestuerwen an dofir huet säi Papp eng zweet Fra bestuet, d'Lapa di Chiarissimo Cialuffi. Seng Famill war adeleg. 1295 ass den Dante an d'Zonft vun den Apdikter an Dokteren agetrueden, dat war d'Viraussetzung fir an d'Politik kënnen ze goen. Den 1. November 1295 gouf en an de Gemengerot vu Florenz opgeholl. Zu där Zäit gouf et do zwou politesch Fraktiounen, d'Ghibellinen an d'Guelfen. D'Ghibellinen hunn d'Interesse vum Keeser vertrueden an d'Guelfen déi vum Poopst. Wéi 1300 de peepstleche Gesandte Matteo d'Acquasparta op Florenz geschéckt gouf, sinn an der Stad Onrouen ausgebrach. Fir deem entgéintzewierken, hunn den Dante a seng politesch Kolleegen e puer Membere vun de Guelfen, dorënner och de Chef vun der Partei, de Corso Donati, an d'Verbannung geschéckt. De Poopst huet doropshi Florenz mat engem Kierchebann beluecht, an de Charles de Valois op Florenz geschéckt, fir d'Toskana an de Kierchestaat z'integréieren.

Den 1. November 1301 ass de Karl op Florenz komm, déi Verbannten, déi mat him komm sinn, hu sech gerächt an dem Dante säin Haus ass zerstéiert ginn. De 27. Januar ass den Dante zu enger Geldstrof verurteelt ginn, mä well en déi net bezuelt huet an aus Florenz geflücht war, ass en am Mäerz 1302 mat 14 vu senge Kolleegen zum Doud verurteelt ginn. 1315 ass den Dante begnodegt ginn, an nees zu enger Geldstrof verurteelt ginn. Den Dante huet déi Offer awer ofgeleent an en ass nees zum Doud verurteelt ginn.

Exil an Doud[änneren | Quelltext änneren]

Et ass net richteg bekannt wou den Dante sech wärend sengem Exil opgehalen huet. 1307 huet en ugefaange seng Gëttlech Comédie ze schreiwen. Vun 1318 un huet hien zu Ravenna gelieft. Bei enger Rees op Venedeg gouf e krank an huet nees missen op Ravenna zeréckzegoen. An der Nuecht vum 13. op de 14. September ass e gestuerwen. E gouf zu Ravenna begruewen, wou en nach bis haut läit. Florenz wollt seng Läich, mä Ravenna huet refuséiert.

Bekannt Wierker[änneren | Quelltext änneren]

De vulgari eloquentia, 1577
  • Rime:

Ass den Ensembel vun alleguer de lyresche Gedichter déi den Dante vun 1283 u geschriwwen huet. Dësen Ensembel besteet aus 90 Gedichter, déi meescht dovu si Libesgedichter.

  • Vita nova ("Dat neit Liewen"):

Ass tëscht 1292 an 1295 entstanen, an et ass eng Autobiographie.

  • Divina Commedia ("Gëttlech Comedie"):

Gouf 1307 ugefaangen a war kuerz virum Dante sengem Doud fäerdeg. Am Buch gëtt d'Rees vum Dante duerch d'Häll, d'Feegfeier an d'Paradäis beschriwwen. D'Häll gëtt an 9 Zierkelen ënnerdeelt, d'Feegfeier gëtt als Bierg duergestallt wou d'Mënsche mussen eroppilgeren fir an d'Paradäis ze kommen. D'Paradäis gëtt als Gaart vun Eden duergestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dante Alighieri – Biller, Videoen oder Audiodateien