Häll

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Duerstellung vun der Häll an Hortus Deliciarum

D'Häll ass a ville Reliounen eng Plaz, wou Mënschen, déi gesënnegt haten, no hirem Doud gefoltert ginn a wou Dämonen an den Däiwel wunnen. De Begrëff "Häll" kënnt vum Numm vun der Ënnerwelt an der germanescher Mythologie.

Der Apokalyps vum Johannes no sinn Engelen, déi sech géint Gott rebelléiert hunn, vum Himmel op d'Äerd gestierzt ginn a vun do an d'Häll. Dohi sollen all déi Mënschen hikommen, déi dem Satan trei sinn an déi net un de Jesus gleewen.

D'Häll am Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

D'chrëschtlech Visioun vun der Häll huet sech vum Juddentum inspiréiert an et gëtt verschidde Versiounen dovun. Am Neien Testament schwätzt de Jesus vun engem "Feierséi" oder engem "zweeten Doud"[Source?]. Do sollen déi Séilen hikommen, déi hir Verbriechen net bereien, an do éiweg Verdammung erleiden, mä déi, déi gutt sinn an net Chrëschte sinn, kommen no der kathoulescher Léier net an d'Häll.[Source?]

Déi chrëschtlech Visioun vun der Häll gouf och staark vum Mëttelalter gepräägt, besonnesch duerch d'Offenbarung vum Péitrus, deen déi Bestrofunge beschreift. Och wann dës Schrëft net an de biblesche Kanon komm ass, hat se awer eng grouss Bedeitung, well Apologete wéi zum Beispill de Clemens Alexandrinus sech als Nofollger vum Apostel Simon Péitrus ausginn hunn(?).

E groussen Deel vun de Chrëschten hu sech awer géint déi Léier gewant an hir Relioun als eng Erléisungsrelioun ugesinn. Si sinn iwwerzeegt, datt all Mënschen, déi eng Sënn begaangen hunn, wéinst dem Affer vum Jesus a senger Operstéiung gerett ginn. Aner soen awer och, datt de Jesus déi Mënsche virum Feier oder der Däischtert gewarnt huet.[Source?]

A bibleschen Iwwersetzunge gouf "Häll" och mat Scheol, Hades oder Gehenna iwwersat.

Scheol[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert "Scheol" kënnt vum Hebräeschen aus dem Alen Testament. Et designéiert den Openthalt vun den Doudegen, d'Häll. Op där Plaz ginn d'Mënschen awer net gefoltert, mä do schlofe se éiweg am Stëbs. Et ass d'Graf vun de Mënschen, wou se all bewosstlos sinn. Ausserdeem kënnen déi, déi lieweg sinn, déi Doudeg erwäche fir se ze befroen, mä Gott huet sengem Vollek verbueden, dat ze maachen.[Source?]

Hades[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert "Hades" kënnt vum Griicheschen an huet een änleche Sënn wei Scheol, mä domat bezeechent een éischter d'Feegfeier.

Gehenna[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert "Gehenna" kënnt vu "Gehinnon" oder "Hinnom", en Dall bei Jerusalem. Do goufe Kanner un de Gott Moloch geaffert, mä duerno gouf déi Plaz an en Dreckstipp verwandelt.

Zu der Zäit vum Jesus goufen do nieft Offall och d'Kadavere vun Déieren an d'Läiche vu Kriminellen, déi exekutéiert goufen a keng Erlabnes krute fir begruewen ze ginn, dohigehäit. Da gouf e Feier ugemaach, dat ëmmer gebrannt huet, fir d'Vollek virun Epidemien a Krankheeten ze schützen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Häll – Biller, Videoen oder Audiodateien