Aalt Testament

Vu Wikipedia

D'aalt Testament (aus dem lat. testamentum, haiansdo och 1. Testament) bezeechent déi Texter aus der Bibel, déi vum Juddentum iwwerholl gi sinn. D'Ursprongssprooch ass gréisstendeels hebräesch, deelweis awer och araméiesch.

Inhalt[änneren | Quelltext änneren]

Pentateuch[änneren | Quelltext änneren]

D'Pentatech besteet aus de sougenannte 5 Bicher vum Moses: Genesis, Exodus, Levitikus, Numeri an Deuteronomium.

Geschichtsbicher[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschichtsbicher enthalen d'Bicher Josua, Richter, Rut,1. Samuel, 2. Samuel, 1. Kineker, 2. Kineker,1. Chronik, 2. Chronik, Esra, Nehemia, Tobit, Judit, Estere, 1. Makkabäer an 2. Makkabäer.

Léierbicher[änneren | Quelltext änneren]

D'Léierbicher enthalen d'Bicher vun de Psalmen,d'Buch vum Ijob, d'Buch vun de Spréchwierder, d'Buch Kohelet, d'Hoheslied, d'Weisheet vum Salomo, souwéi d'Ecclesiasticus.

Propheten[änneren | Quelltext änneren]

Zu hinne gehéieren d'Klolidder, souwéi d'Bicher vum Jesaja, Jeremia, Baruch, Ezechiel, Daniel, Hosea, Joel, Amos, Obadja, Jona, Micha, Nahum, Habakuk, Zefanja, Haggai, Sacharja an dem Maleachi.