Moloch

Vu Wikipedia
De Moloch

De Moloch oder Melekh (Kinnek) war eng Gottheet vun de Kanaaniter. Ursprénglech huet de Begrëff déi gliddeg Hëtzt vun der Sonn am Héichsummer bezeechent awer och allgemeng d'Kraaft vum Feier dat souwuel zerstéiere wéi rengege kann. Spéider dann deen düstere Gott vum Krich.

De Moloch ass als Stéier duergestallt ginn oder och mat Stéierkapp a mënschlechem Kierper. Him sinn als Merci, fir e gewonnene Krich, Mënschenaffer gemaach ginn: net nëmmen d'Feinden déi a Gefaangenschaft gerode sinn, mä ganz besonnesch och Kanner.

D'Affer goufen an d'Hänn geluecht vun der hueler Bildsail geluecht, sinn dann no banne gerullt an an d'Feier gefall wou se da verbrannt sinn. Besonnesch zu Karthago war dëse Molochdéngscht wäit verbreet. Mä och bei den Israelite war de Moloch vum Salomo agefouert ginn.

Déi chrëschtlech Dämonologie gesäit am Moloch ee vun de gréisste Vertrieder vun den Dämonen. Dee schlechte Ruff deen duerch d'Bibel vermëttelt gouf, huet aus him d'Inkarnatioun vun engem Monstrum gemaach, dat net ze siedegen ass an dat Mënsche verschléngt. (vgl. z. B. d'Ausdréck: "Moloch Groussstad", "bürokratesche Moloch")

Bibel[änneren | Quelltext änneren]

An der hebräescher Iwwerliwwerung (als molek oder molak) vun der Bibel gëtt op e phenizescht Ritual Bezuch geholl no deem Kanner duerch d'Feier geschéckt goufen (Lev 18,21. 20,25; Dtn 12,31; 18,10), grad sou bei de Prophete Jeremia (7,31; 19,5) an Ezechiel (Ez 16,20f.). Aus dësem "Molek" ass dann déi griichesch Versioun "Moloch" ginn. (Kuckt och ënner "Kult").

Kult[änneren | Quelltext änneren]

De Moloch ass haaptsächlech zu Karthago an Tyros veréiert ginn. Réimesche Berichter no, huet d'Ritual vun der Verbrennung vu Neigebuerenen (wat als "Molk" bezeechent a besonnesch a schwéieren Zäite praktizéiert gouf) am phenizesche Karthago nach bis zur Zäit vum Hannibal bestanen. Dat gouf och duerch archeologesch Ausgruewungen nogewisen.

Antike Berichter no ass de Moloch zu Karthago duerch eng grouss huel Statu aus Bronze mat Stéierkapp duergestallt ginn. Bannendran huet e Feier gebrannt wouduerch d'Statu rout gegloust huet. Déi neigebueren Affer sinn op d'Hänn vum Moloch geluecht ginn a mat enger komplexer Mechanik sinn d'Hänn da bei de Mond geféiert ginn (sou wéi wann de Moloch d'Kanner géif friessen). D'Kand ass dann no bannen an d'Feier gefall a verbrannt. D'Leit hu sech ronderëm d'Statu versammelt an hu gesonge fir sou d'Kreesch vum Kand z'iwwertéinen.

Och d'Israelite sollten dee Kult deelweis praktizéiert hunn (3. Mose 18,21; 20,2-4; 2. Könige 16,3) an zwar op der Afferplaz Thopeth (Feierplaz) am Hinnom-Dall (Ge-Hinnom) (2. Könige 23,10; 2. Chronik 33,6). Den Dall huet spéider als déi Plaz gegollt wou déif ënner der Äerd déi gefalen Engelen a Frievler bestrooft gi sinn.

Analogien[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]