Gustave Flaubert
Gustave Flaubert | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
12. Dezember 1821 Rouen |
Gestuerwen | 8. Mee 1880 |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Corneille |
Aktivitéit | Romancier, Schrëftsteller |
De Gustave Flaubert, gebuer den 12. Dezember 1821 zu Rouen, am Deparement Haute-Normandie, a gestuerwen den 8. Mee 1880 zu Canteleu, Haute-Normandie, war e franséische Schrëftsteller.
Hien huet virun allem Romaner geschriwwen, wouvunner Madame Bovary (1856 als Feuilleton erauskomm) deen ass, deen haut nach am bekanntsten ass, an deen deemools, wéinst dem Prozess wéinst outrage aux bonnes moeirs, héich Welle geschloen huet. "Modern" um Roman war, datt den Haaptpersonnage u sech eng Duerchschnëttsperoun war, déi näischt Heroesches oder Aussergewéinleches u sech hat.
Aner ernimmenswäert Romaner, rep. Erzielunge si L'Éducation sentimentale (1869), Salammbô (1862), La Tentation de Saint Antoine (1874), Trois Contes (1877) oder Bouvard et Pécuchet (posthum 1881).
Zesumme mam Stendhal a Balzac gëtt hien haut zu de grousse franséischsproochege realistesche Romanciere vum 19. Joerhonnert gezielt.
Wierker[änneren | Quelltext änneren]
- Bibliomanie, Erzielung, 1836
- Mémoires d'un fou, Roman, 1838
- Novembre, Erzielung, 1842
- Madame Bovary, Roman, 1857
- Salammbô, Roman, 1862
- L'Education sentimentale, Roman, 1869
- La Tentation de Saint Antoine, Drama, 1874
- Le Candidat, Koméidisstéck, 1874
- Trois Contes: Un cœur simple, La Légende de saint Julien l'Hospitalier, Hérodias, Erzielungen 1877
- Posthum
- Le Château des cœurs, Feeërie, 1880
- Bouvard et Pécuchet, Roman, 1881
- Dictionnaire des idées reçues, 1913
- Gustave Flaubert – Die Briefe an Louise Colet, Haffmans 1995, ISBN 978-3251201877
- Vie et travaux du R. P. Cruchard, 2005
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Pierre Aurégan: Flaubert. Grandes œuvres, commentaires critiques, documents complémentaires. (Balises. Série Les écrivains, 1). Nathan, Paris 1992, ISBN 2-09-120226-3
- Jean-Benoît Guinot: Dictionnaire Gustave Flaubert. CNRS, Paris 2010, ISBN 978-2-271-06928-3.
- Herbert Lottman: Flaubert. Eine Biographie. Insel, Frankfurt 1992, ISBN 3-458-16259-3.
- Heinrich Mann: Gustave Flaubert und George Sand. In: Geist und Tat. Franzosen von 1780 bis 1930. Essays, Berlin 1931. Flaubert und die Herkunft des modernen Romans: online lesen
- Jean-Paul Sartre: L'idiot de la famille. Gustave Flaubert de 1821 à 1857. 5 tomes. Gallimard, Paris 1971–1972
- Michel Winock: Flaubert. Gallimard, Paris 2013, ISBN 978-2-07-013348-2.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gustave Flaubert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikisource: Gustave Flaubert – Quellentexter |