Kronos

Vu Wikipedia
D'Rhea presentéiert dem Kronos den agewickelte Steen

Den Titan a Gëtterpapp Kronos war an der griichescher Mythologie dee jéngste Jong vun der Gaia an dem Uranos.

Nodeem d'Kyklopen an d'Hekatoncheiren, och Kanner vum Gaia an dem Uranos, vum Uranos, well hie si sou gehaasst huet, an den Tartaros verbannt goufen, huet d'Gaia seng aner Kanner heemlech op Welt bruecht. Wéi de Kronos du 7 Joer al war, huet hie säi Papp, nodeem d'Gaia hien ugestallt hat, mat enger Séissel kastréiert.

Doduerch gouf de Kronos den Herrscher vun der Welt, an de Grënner vum gëllenen Zäitalter. Seng Schwëster Rhea gouf seng Fra. Déi Kanner, déi aus deem Bestietnes ervirgaange sinn, den Hades, d'Hestia, d'Hera, de Poseidon an d'Demeter, goufen, aus Angscht virun enger Entmuechtung, sou wéi hien et bei sengem Papp scho gemaach hat, vun him opgefriess. Mä säi lescht Kand, den Zeus gouf duerch en Trick vu senger Mam Rhea, dem Gaia an dem Uranos duerch e Steen, deen an eng Wëndel agewéckelt war, ersat, an an eng Hiel vum Bierg Aigaion bei Kreta bruecht. De Kronos huet dësen opgefriess, ouni eppes ze mierken. Den Zeus konnt duerch dësen Trick opwuessen a sech entwéckelen.

Den Dag vun der Ofrechnung koum, wéi de Kronos ze vill Eechenhunneg gedronk hat a sech net méi konnt hëllefen. Den Zeus konnt hie meeschteren, fesselen an entmuechten. Seng Gesëschter huet hien dunn aus dem Kronos befreit an hien dunn op de Bord vum Äerdkrees bruecht, op d'Insel vun deenen déi séileg sinn, wou hie bis haut fir e gëllent Zäitalter suergt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kronos – Biller, Videoen oder Audiodateien