Op den Inhalt sprangen

Séissel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Séissel
E Mann mat enger Flaus (1953)

Eng Séissel oder Séissen (lokal Varianten: Sinz, Sinzel, Éislek: Säässel, nërdlecht Éislek: Säässen) ass e Geschier fir Gras a Fruucht ze méien. Se besteet aus dem Wuerf (Still) mam Grëff, dem Blat an dem Ham (rechtwénkelegen Zap, mat deem d'Blat mam Still verbonnen ass).[1]

Fir d'Séissel ze schläifen hat de Méiert e Schläifsteen an engem mat Waasser gefëllte Kächer an der Säit un engem Rimm hänken.

Dacks huet de Méiert, wann d'Séissel beim Méien ze stompeg gi war oder Kräck am Blat waren (wann se „den Dadder huet“[2]), Material vum Blat misse verdënnen, fir se erëm besser kënnen ze schläifen. Dofir hat hien en ofgerënnten Hummer an e stole Stack deen an de Buedem geschloe gouf an op deem dann d'Séissel gedengelt gouf, dat heescht et gouf duerch hummeren e klenge manuelle kale Walzvirgank gemaach bei deem d'Material hanner der Schneid méi dënn gemaach gouf.

D'Séissel ass och de Symbol vum Doud. Den Doud gëtt dacks als „de Mann mat der Séissel“ duergestallt.

Zorten (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

D'Heedséissel ass eng Séissel mat engem kuerze Blat, fir Heedstréi ze méien.

Eng Flaus ass eng Séissel mat enger Aart hëlzene Reech mat liicht gebéiten a laangen Zänn fir d'Fruucht ze méien.[3]

Am Oste vu Lëtzebuerg ass gemenkerhand de Begrëff „Flaus“ (lokal och Féitsch, Fitsch) gebraucht ginn, iwwerdeems am Westen éischter vum „Karbock“ (Kuarrebock, Korbock) rieds goung.[4]

 Commons: Séisselen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) „Séissen, Séissel“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt den 11.08.2025.
  2. (de) „Dadder“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt den 11.08.2025.
  3. (de) „Flaus“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt den 11.08.2025.
  4. Flaus: cf. Informatiounspanneau „Landwirtschaft und Sprache“ op Basis vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 vum Alain Atten a Claude Schmit, LUGA Nordstad, gesinn den 10. August 2025