Däiwel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Däiwel als reliéise Begrëff. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Däiwel (Homonymie).
Der Däiwel an Diskussioun mam Hellegen Augustin, duergestallt vum Michael Pacher (1475)

Den Däiwel (aus dem Griicheschen "Διάβολος", Diabolos, iwwersat een deen duerchernee bréngt; Latäin diabolus) verkierpert an der jiddescher, chrëschtlecher an an der islamescher Relioun dat Béist.

Hie gëtt och Satan genannt. Am Buddhismus huet de Mara an den Devadatta d'Plaz vum Däiwel. Dacks gëtt hien als eng Mëschung vun Déier a Mënsch duergestallt.

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

Den Däiwel gouf et scho virum Chrëschtentum, mä an deene meeschte Reliounen incarnéiert de Personnage net just dat Béist. En huet souwuel béis wéi och gutt Säiten.

Eréischt an der mesopotamescher Relioun gouf Béis a Gutt an Oppositioun gesat. Am Gilgamesch-Eepos geet et ëm den diabolesche Personnage Gilgamesch, e Ris deen e Bësch bewaacht an Holz schneit, dat dem Vollek feelt.

D'chrëschtlech Relioun huet sech vun anere Reliounen inspiréiert, besonnesch vun der etruskescher, fir d'Figur vum Satan ze kreéieren.

D'chrëschtlech Bibel portraitéiert den Däiwel als Inkarnatioun vum pure Béisen. Am Chrëschtentum ass hien e Personnage, dee probéiert déi trei Unhänger vu Gott op seng Säit ze brénge fir dësen ze stierzen.

Roll vum Däiwel am Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

De Luzifer gëtt aus dem Himmel verbannt, duergestallt vum Mihály Zichy (1885)

Am Chrëschtentum stellt den Däiwel e gefalenen Engel duer, deen am Ufank Luzifer (Ethymologie vum Latäin: Lux, "Liicht", a ferre, "droen") geheescht huet. Hie wollt den Himmel erueweren a gouf vu Gott bestrooft, deen en an d'Häll geschéckt huet. Zënterhier ass hien de Satan a probéiert d'Mënschen a Versuchung ze brénge fir se géint Gott opzestëppelen. Hie gëllt als de Begrëff vum Béisen. Hien huet e fräie Wëllen a steet net direkt ënner der Befeelsgewalt vum Härgott.

Verschiddenen Interpretatioune vun der Bibel gëtt och gesot, den Däiwel wier deemools d'Schlaang an der Geschicht vum Adam an Eva am Paradäis gewiescht, a sou Schold un alle Ligen an allem Schlechten op dëser Welt. Verschidde Chrëschte mengen och, eng Persoun kéint vum Däiwel besiess sinn, an datt hien also quasi e Geeschtwiesen ass dat onsiichtbar an dëser Welt lieft. Anerer gesinn en éischter metaphoresch, soudatt en zwar d'Schold fir alles Béises an der Welt dréit, sech awer net wierklech a Form vun engem Geescht manifestéiert.

Am Neien Testament kënnt den Däiwel ëfters vir - Uerschlaang, groussen Draach oder Widerwierker genannt. Am Johannesevangelium gëtt och den Däiwel an net d'Schlaang als Papp vun de Lige bezeechent, an dat vum Jesus selwer. E gëllt als personifizéierte Geescht dee vun Ufank un den Däiwel war an ëmmer gelunn a gesënnegt huet. Vum Paulus gëtt den Däiwel och Gott vun dëser Welt genannt, an den Evangelien no huet e souguer probéiert de Jesus zu engem Mëssbrauch vu senger Muecht ze verféieren.

Bildlech Duerstellung vum Däiwel an der chrëschtlecher Volleksgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerstellung vum Däiwel geet ursprénglech op heednesch Gëtter zeréck, virun allem op de griichesche Gott Pan. Effektiv gëtt den Däiwel dacks schwaarz gewisen, behoert wéi en Af, mat engem oder zwee Päerds- oder Geesseféiss, Haren, engem Schwanz, engem ellene Gesiicht an enger laanger Nues. E soll en desagreabele Schwiefelgeroch hannerloossen. Der Seechen no ass seng Wunneng d'Häll, Numm dee vun der germanescher Ënnerwelt "Hel" hierkënnt.

Den Däiwel am Juddentum[änneren | Quelltext änneren]

Den Hiob ass d'Affer vun Ongléck, duergestallt vum William Blake (1827)

Am Juddentum ass d'Virstellung vum Däiwel hei ass ganz anescht wéi am Chrëschtentum oder am Islam. "Satan" ass den Titel vum Ukloer um gëttleche Geriicht. Och wann d'Aalt Testament wuertwiertlech vum Tanach iwwersat gouf, hunn d'Chrëschten déi Texter ganz anescht interpretéiert.

E wichtegen Ënnerscheed tëscht dem Juddentum an den anere Reliounen ass, datt de Satan net als Personifikatioun vum Béisen oder vu soss eppes ugesi gëtt. Am Chrëschtentum gëtt et den Däiwel awer als d'Personifikatioun vum Béisen, de Verféierer an de Géigespiller vum Jesus a vun de Chrëschten.

Am Juddentum gehéiert dat Béist an dat Gutt zesummen. Si sinn zwee Deeler vu Gott, dem éiwege Wiesen. De Satan ass an deenen Erzielungen ëmmer en Engel am Optrag vu Gott. Hie kann net maache wat e wëllt, mä mécht alles wat Gott him seet. "Satan" ass en Titel, deen en Engel, an eventuell och e Mënsch, ka kréien.

Eng ausféierlech Duerstellung dovu steet am Buch Hiob an der jiddescher Bibel. Déi Erzielung fänkt u mat Gott an engem Engel um gëttleche Geriicht. Dësen Engel spillt hei d'Roll vum Ukloer, also vum Satan. De Satan kritiséiert den Hiob a mengt datt hien dem Gott nëmmen trei ass, well him keen Ongléck geschitt. Doropshin erlaabt Gott dem Satan den Hiob op d'Prouf ze stellen. Mä och wéi hien eng schlëmm Krankheet kritt a vum Ongléck verfollegt gëtt, akzeptéiert hien alles an distanzéiert sech net vu Gott. Hie kritiséiert Gott well hie sou vill Misär net verdéngt hätt, well hien hätt jo näischt Schlëmmes gemaach. Seng Frënn awer sinn iwwerzeegt, datt den Hiob iergendeng Kromm misst gedriwwen hunn, well Gott nimools en Onschëllege sou bestrofe géif. D'Behaaptung vum Engel, datt kee Mënsch Gott trei bleiwe géif wann et him schlecht ergeet, gouf op dës Manéier also widderluecht. Et huet een an dëser Geschicht kloer gesinn, datt de Satan am Optrag vu Gott gehandelt huet an net just mécht wat hie wëllt.

An den Erzielungen aus dem europäesche Mëttelalter, déi net vun der hebräescher Bibel hier stamen, gëtt och gesot, datt de Satan en Engel ass dee gottgläich wollt sinn. Hie gouf dofir vu Gott verstouss. Dëst gëtt vun der jiddescher Léier ofgeleent.

Den Däiwel am Islam[änneren | Quelltext änneren]

Am Islam ass Iblis (arabesch إبليس) den Däiwel. E gëtt och nach Schaitan (arabesch:الشيطان) genannt. Dohier kennt och d'Wuert Satan. Hie war am Ufank en Dschin dee vu Gott erschaf gouf a sech entscheet huet béis ze ginn. Am Moment wou Allah den éischte Mann deen Adam heescht erschaf huet, freet den Allah seng Dénger sech virum Adam ze verneigen. Mä den Iblis refuséiert, well den Adam aus Leem ass, a well hien aus Feier ouni Damp erschaaft gouf. Wéinst senger Arroganz gëtt hie verflucht, mä hie kritt Allah iwwerzeegt hie bis un d'Enn vun der Welt liewen ze loossen.

Duerno gouf den Adam an d'Eva an d'Paradäis geschéckt, wou se a Rou hätte kënne liewen. Den Allah verbitt hinne just d'Friichte vun engem gewësse Bam z'iessen. Den Iblis bréngt se dozou u Gott a senge Wierder ze zweiwelen a sou iesse se nawell dovun, well se mengen datt se doduerch Engele ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Däiwel – Biller, Videoen oder Audiodateien