Schwiefel

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eegenschaften
Phosphor - Schwiefel - Chlor
O
S
Se  
 
 
[Ne]3s23p4
32
16
S
Schwiefel
Schwiefel op Calcit

Schwiefel oder Schwiewel (Symbol S) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 16 am Periodesystem vun den Elementer. Seng relativ Atommass ass 32,064 +- 0,003. Schwiefel ass e gielen, netmetallësche Feststoff deen an der Natur entweeder a rengem Zoustand oder a Form vun anorganesche Verbindunge virkënnt.

Et si 25 Isotope vum Schwiefelatom bekannt, dovu sinn der 4 stabel: 32S (95,02 %), 33S (0,75 %), 34S (4,21 %) und 36S (0,02 %). Vun de radioaktiven Isotopen huet nëmmen den 35S-Isotop eng Hallefwäertszäit vu 87,51 Deeg, fir all aner Isotope läit d'Hallefwäertszäit am Beräich vu Sekonnen oder Millisekonnen. De 35S-Isotop entsteet aus 40Ar duerch kosmesch Stralung.

Natierlecht Virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Schwiefel kënnt an der Natur virun allem a Géigende mat ausgeprägtem Vulkanismus a senger elementarer Form fir. Hie kann och a Biergwierker ofgebaut ginn oder no dem "Frasch-Verfahren" aus sengen ënnerierdesche Lagerplazen ausgeschmolze ginn. Aner wichteg Quelle fir Schwiefel sinn Äerdgas an Äerdueleg, wou hien als Schwiefelverbindung enthalen ass an dacks ënner Drock an Temperatur zu Schwiefelwaasserstoff zerfällt. Schwiefelwaasserstoff ka mat Hëllef vum Claus-Prozess zu elementarem Schwiefel ëmgewandelt ginn.

De Schwiefel ka jee no Temperatur an Drock ënner ënnerschiddleche Réngforme virkommen: Seng Allotropie erméiglecht follgend Formele fir elementare Schwiefel Sn mat n=6,7,8,10,11,2. Déi wichtegst a stabilst Form vum Schwiefel ass awer S8.

Roll a Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

De radioaktiven Isotop 35S ka kaaft ginn, an e gëtt a landwirtschaftlechen a biologesche Studie benotzt (Hallefwäertszäit ass 87 Deeg).

Wichteg Substanzen déi Schwiefel enthalen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schwiefelsaier: H2SO4, eng vun de stäerksten anorganesche Saieren déi vill Uwennungen an der Industrie an an der Fuerschung huet.
  • Schwiefelwaasserstoff: H2S, eng extreem gëfteg Substanz déi no faulen Eeër sténkt.
  • Schwiefeldioxid: SO2, entsteet bei der Verbrennung vu Schwiefel a schwiefelhaltege Produkter, wouduerch de sauere Reen entsteet.
  • Gips: Calciumsulfat-dihydrat; CaSO4* 2H2O, ee wichtege Baustoff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwiefel – Biller, Videoen oder Audiodateien