Anne vu Béimen

Vu Wikipedia
Anne vu Béimen
Gebuer 11. Mee 1366 jul.
Prag
Gestuerwen 7. Juni 1394 jul.
Doudesursaach Pescht
Aktivitéit Politiker
Famill
Bestuet mat Richard II. vun England
Papp Karel I. vu Lëtzebuerg
Mamm Elisabeth vu Pommern
Geschwëster Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Sigismund vu Lëtzebuerg, Johann vu Görlitz
D'Kréinung vum Richard II. vun England a senger éischter Fra Anna vu Béimen. Liber regalis, 14. Jh.

D'Anne vu Béimen (oder vu Lëtzebuerg) LG, gebuer den 11. Mee 1366 zu Prag a gestuerwen de 7. Juni 1394 zu Sheen (haute en Deel vu London), war déi éischt Fra vum Kinnek Richard II. vun England. Aus dem Bestietnes gouf et keng Kanner.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Anne war déi eelst Duechter vum réimisch-däitsche Keeser Karl IV. mat senger véierter Fra, der Elisabeth vu Pommern, d'Schwëster vum spéidere Keeser Sigismund an d'Hallefschwëster vum Kinnek Wenzel vu Béimen.

Den 20. Januar 1382 huet si an der Westminster Abbey den englesche Kinnek Richard II. bestuet. Si hat 16, hie 15 Joer. Hiert Bestietnes gëtt vun alle Biographen als e glécklecht beschriwwen. Wéi d'Anne un der Pescht gestuerwen ass, gouf de Richard "wëll vun Trauer" an huet d'Residenz zu Sheen, an där se gestuerwen ass, ofrappe gelooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anne of Bohemia, Queen of England – Biller, Videoen oder Audiodateien