Johann vu Görlitz

Vu Wikipedia
Johann vu Görlitz
Gebuer 22. Juni 1370
Prag
Gestuerwen 1. Mäerz 1396
Aktivitéit Herrscher
Famill
Bestuet mat Richardis vu Mecklenburg-Schewerin
Papp Karel I. vu Lëtzebuerg
Mamm Elisabeth vu Pommern
Geschwëster Anne vu Béimen, Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Sigismund vu Lëtzebuerg
Kanner Elisabeth vu Görlitz

De Johann von Görlitz, gebuer den 22. Juni 1370 zu Prag a gestuerwen den 1. Mäerz 1396 am Klouschter Neuzelle, war deen eenzegen Herzog von Görlitz.

Hie war dat drëtt Kand, am véierte Bestietnes, vum Karel IV. mat der Elisabeth vu Pommern an huet mat dräi Joer d'Titelen "Markgrof vu Mieren" a Markgrof vu "Brandenburg" kritt.

1377 huet de Karel IV. aus der Landvogtei Görlitz an der Oberlausitz en Herzogtum gemaach, zu deem och Territoire vun der ëstlecher Niederlausitz an de südlechen Deel vun der Neumark fehéiert hunn. Tëscht 1386 an 1388 war de Johann och Verwalter vum Herzogtum Lëtzebuerg.

Den 10. Februar 1388 huet hie sech zu Prag mat der Richardis von Mecklenburg-Schwerin bestuet († 1400), enger Duechter vum Albrecht III. vu Meckleburg. Hiert eenzegt Kand war d'Elisabeth, Herzogin vu Görlitz a Lëtzebuerg (1390-1451).

De Johann am Alter vu just 26 Joer, et gëtt ugeholl duerch Gëft, am Klouschter Neuzelle gestuerwen.[1] D'Territoirë vu sengem Herzogtum sinn nees an hir al Grenze vun 1377 zeréckgefall.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann vu Görlitz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Paul Fahlisch: Chronik der Stadt Lübbenau im Spreewald. 2. Auflage, Lübbenau 1928, S. 12