Op den Inhalt sprangen

Poterne

Vu Wikipedia
Poterne am Rempart vum Schlass vu Puilaurens (Frankräich).

Eng Poterne ((de) Ausfallpforte; (en) Postern) bezeechent eng sekundär Paart oder Dier an enger Befestegungsmauer. Am Géigesaz zu enger Paart ass si méi kleng a schwaach befestegt. Meeschtens ka si awer vun engem anere Festunsgwierk aus verdeedegt ginn. Den Numm kënnt warscheinlech aus dem Laténgesche posterus, also wat hannen ass.

Militäresch Funktioun

[änneren | Quelltext änneren]

Poternë si kleng Dieren oder Paarten, déi op Plaze leien déi net direkt vun engem Géigner anzegesi sinn, zum Beispill an engem Gruef, an engem Hang oder op där Säit vun enger befestegter Anlag, wou en Ugrëff am onwarscheinlechsten ass. Si hunn et dofir de Verdeedeger erlaabt, méi oder manner onopfälleg aus enger Festung eraus, oder an eng Festung eran ze goen. Am Belagerungsfall konnt aus enger Poterne eraus, wann déi eigentlech Paart belagert war, eng Sortie gemaach ginn. Dofir hu si am Däitschen och nach den Numm „Ausfallpforte“. Poternë ware meeschtens sou gebaut, datt si indirekt, dat heescht vun engem anere Festungswierk aus, konnte verdeedegt ginn.[1]

A Friddenszäite si Poternen als Paarte benotzt ginn, duerch déi e klengen Deel vum Trafic gelaf ass, also ewech vun de groussen Accèsen. Am Krichsfall konnte si zougemauert ginn, wann d'Gefor bestoung, datt en direkten Ugrëff géif déi Plaz viséieren.

Am bastionéierte Festungsbau ass de Poternen eng reng militäresch Bedeitung zoukomm: si goufen a Courtinen integréiert, ronn 2 Meter iwwer dem Buedem vum Gruef, fir datt Verdeedeger vun dëse Poternen aus iwwer eng Lieder an de Gruef kommen konnte wann aner Accèsen net méi konnte benotzt ginn. Eng aner Méiglechkeet war, fir d'Poterne an de Fouss vun der Escarpe z'integréieren, ma dofir da bannen an der Poterne e Gruef mat enger mobiller Bréck auszehiewen, sou datt den Accès konnt gespaart ginn.

Am polygonale Festungsbau gouf de Begrëff Poterne fir Verbindungsgalerien tëscht verschiddene Wierker benotzt, respektiv fir Agäng a Forten oder Festungswierker.

Beispiller fir Poternen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Châtelain, André. Châteaux forts: Images de pierre des guerres médiévales. Rempart - Desclée de Brouwer (1991).
  2. Legrand-Girarde et Plessix. Manuel complet de fortification. 4e édition. Paris (1909)