Trentiner Festungen

Vu Wikipedia
Plang vun den Trentiner Festungen

Op der Trentiner Front, virun allem op den Héichplateauen huet Éisträich-Ungarn vun 1908 un e modernt Verdeedegungssystem, dat aus siwe Festunge bestanen huet, gebaut.

Um Héichplateau vu Vezzena-Luserna waren et d'Festungen Cima Vezzena, Busa Verle a Luserna.

Um Plateau vu Lavarone stoung d'Festung Gschwent Belvedere an um Plateau vu Folgaria d'Festungen Cherle, Sommo alto an Dosso del Sommo.

Aner Festunge waren am Vallarsa an um Monte Zugna virgesinn, mä wéinst dem Éischte Weltkrich goufen déi net méi gebaut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]