Fort d'Évegnée-Tignée

Vu Wikipedia
Entlëftungstuerm

De Fort d'Évegnée-Tignée war eng vun den 12 Festunge vum Lécker Festungsrank an der Gemeng Soumagne.

E läit eng ronn 6 km ëstlech vu Léck, an am Süde vun der fréierer Gemeng Évegnée-Tignée op de Koppe vum rietsen Uwänner vun der Meuse.

Seng Nopeschfestunge waren am Norden, de Fort de Barchon, an am Süden de Fort de Fléron.

De Fort haut[änneren | Quelltext änneren]

De Fort gëtt hautdesdaags vun der Firma Forges de Zeebrugge benotzt, déi am Fort eng Fabrick installéiert huet fir d'Konstruktioun vu Loft-Buedemrakéiten. Dofir kann de Fort och nëmme bei exceptionelle Geleeënheete wéi z. B. bei de Journées du Patrimoine besicht ginn.

Plang vun der Festung
Entrée vum Fort

Kuckt och[Quelltext änneren]