Maginot-Linn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng "Tourelle" um Hackenberg a Loutrengen
Carte du Nord-Est de la Ligne Maginot

Maginot-Linn (fr. Ligne Maginot) ass d'Bezeechnung vun engem militäresche Verdeedegungssystem, dee Frankräich an den 1920er an an den 1930er Jore laanscht seng ëstlech Grenze mat der Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland an Italie gebaut huet. Dës Verdeedegungslinn gouf nom André Maginot (1877-1932) genannt, e franséische Politiker, dee vun 1929 u Krichsminister war. Se besteet aus iwwer 14.000 Festungswierker (Ouvrage), Kasematten a Blockhaiser.

Den Numm Maginot-Linn bezeechent mol dee ganze Verdeedegungssystem, mol nëmme säin nërdlechen Deel laanscht d'Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland. De südlechen Deel laanscht Italie gëtt Alpin Linn genannt (fr. Ligne alpine). Dat däitscht Géigestéck zur Maginot-Linn ass d'Siegfried-Linn.

Andeelung vun der Maginot-Linn[änneren | Quelltext änneren]

  • Festungsregioun vu Metz
    • Festungssecteur vun der Crusnes
    • Festungssecteur vun Diddenuewen
    • Festungssecteur vu Boulay
    • Festungssecteur vu Faulquemont
  • Festungsregioun vun der Lauter
    • Festungssecteur vu Rohrbach
    • Festungssecteur vun de Vogesen
    • Festungssecteur vun Haguenau
  • Alpin Maginot-Linn
    • Festungssecteur vun der Savoie
    • Festungssecteur vum Dauphiné
    • Festungssecteur vun den Alpes-Maritimes
  • Extensiounen déi am Ufank net zur Maginot-Linn gehéiert hunn

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maginot-Linn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[Quelltext änneren]