Fort de Villy-La Ferté

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fort de Villy-la-Ferté)
D'Haaptentrée vum Bloc 1
Plang vun der Lag vum Fort
Lag vun de Bléck

De Fort de Villy-La Ferté ass de leschte Fort vun der Maginotlinn am Weste vum Secteur Montmédy.

E steet tëscht den Dierfer Villy a La Ferté op enger Kopp mat dem Numm La Croix de Villy, an e gouf tëscht 1935 an 1939 gebaut. E besteet aus zwéi Bléck, an an engem dovu kann een nach eng 47er Antitankskanoun gesinn.

Déi fréier Infantrieskasematte goufen dofir mat engem 270 Meter laangen Tunnel matenee verbonnen a verstäerkt, an am Duerf selwer goufen eng Dosen Haiser befestegt, Blockhaiser gebaut, betonéiert Kelleren ageriicht a Schinnenobstakele mat pickegem Drot gebaut.

De Fort gouf de 15. Mee 1940 vun der Wehrmacht mat schwéiere Bombardementer ugegraff. En hält awer duer bis den 18. Mee.

Um 6 Auer owes no schwéierem Artilleriebeschoss, hunn déi däitsch Pionéier d'Festung ugegraff. Se hunn d'Tourrellen erausgesprengt an Neutralisatiounschargen an de Fort gehäit.

Den 19. Mee um hallwer sechs moies gëtt de Fort keen Toun méi vu sech. Déi ganz Besatzung vun 104 franséischen Zaldoten, war ëm d'Liewe komm.

D'Uertschaft Villy gouf verdeedegt vun Truppe vun der 1. Kompanie vum 23. RIC, verstäerkt mat Elementer vum 155. RIF.

D'Besatzung vum Fort huet zu der 4. CEO vum 155. RIF gehéiert.

Kuckt och[Quelltext änneren]