Klëppelkrichmonument um Lampertsbierg

Vu Wikipedia
Klëppelkrichmonument um Lampertsbierg
D'Monument vu vir gesinn (2011)
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'58,82"N, 6°7'17,51"O
Ageweit 29. Oktober 1972
Héicht 2 m
Material Schifer, Goss
Kënschtler Edmond Lux
Bauhär François Mersch
Zu Éiere vun Klëppelkrich
D'Kräizung um Lampertsbierg mam Klëppelkrich-Monument, wou et 2011 stoung. Riets d'Avenue de la Faïencerie.

D'Klëppelkrich-Monument um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg erënnert un déi 30 Klëppelkriger vu Lëtzebuerg, déi, op der Plaz wou d'Monument steet, vum Januar bis de Mee 1799 higeriicht goufen.

D'Monument steet um Eck vum Nikloskierfecht, um ieweschten Enn vun der Allée des résistants et des déportés, op der Kräizung mat der Faïenceriesstrooss. D'Monument gouf op d'Initiativ vum François Mersch hin opgeriicht. De Plang war vum Edmond Lux. Et gouf 1972 ageweit.

Historeschen Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem 1798 déi franséisch Besatzung d'Klëppelkriger niddergeschloen hat, koumen déi Haaptverantwortlech vun hinne viru Geriicht. Zu Lëtzebuerg goufen 30 vun hinnen zum Doud verurteelt an um Lampertsbierg, op der Plaz vum haitege Monument, duerch d'Guillotine oder Erschéissen higeriicht, ënner hinnen och de Michel Pintz (de Schéifer vun Aasselbuer).

D'Initiativ fir d'Monument[änneren | Quelltext änneren]

De François Mersch hat d'Iddi dëst Monument, an dat op seng eege Käschten, opriichten ze loossen, nodeem de Stater Gemengerot an och d'Regierung hiren Accord ginn haten. Den Edmond Lux, deemools Konschtprofesser am Dikrecher Kolléisch, huet de Plang fir d'Monument entworf.

D'Monument[änneren | Quelltext änneren]

Et besteet aus engem 2 Meter héijen an 3,5 Tonne schwéiere Block aus Maartelenger Schifer, op deem eng Plack aus Goss fixéiert ass. Op der Plack ass eng gebrachen Eech duergestallt, nieft där deen heiten Text steet (an der Schreifweis vun der Zäit wou d'Monument opgeriicht gouf):

AN ERÖNNERONG U LETZEBUERGER AUS DEM KLÖPPELKRICH BEI DESER PLATZ HIGERICHT JANUAR BIS MÉ 1799.

D'Plack ass 1,00 × 1,92 m grouss, an domat déi gréisst déi jee op Arbed-Dummeldeng gegoss gouf. Virum Monument läit dee leschte grousse Schifersteen deen aus der Schifergrouf vun Aasselbuer erausgeholl gouf. Déi kleng Schifersteng virdru kommen aus dem Schéiferhaus vun Aasselbuer (dat haut net méi besteet).

D'Monument selwer gouf vun den Entreprisë Ceco a Barblé gratis opgeriicht, an d'Firma Feidt huet den Transport gemaach.

Wéi d'Monument 1972 ageweit gouf, war et vun dräi Säite fräi ze gesinn. Zanterhier sinn d'Thujabeem déi deemools hannendru gesat goufen, eropgewuess a verstoppen d'Monument gréisstendeels mat hiren Äscht.

D'Aweiung vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

D'Aweiung war Sonndes den 29. Oktober 1972, dat a Presenz ë. a. vum Minister Jean-Pierre Büchler, dem Staatssekretär Jacques Santer, dem Dr. Jean Goedert vum Syndicat d'initiative vun der Stad Lëtzebuerg, an dem Kënschtler Edmond Lux. D'Festried gouf vum François Mersch gehalen.

Ufank 2016[änneren | Quelltext änneren]

Ufank 2016 gouf d'Monument ewechgeholl fir d'Stroossenaarbechten um Trajet vum zukünftegen Tram z'erméiglechen. Gläich nieft der Plaz vum Monument goufen d'Fëllementer vun der Neipuertskapell fräigeluecht déi 1625-1627 gebaut an 1796 ofgerappt gouf.

De Klëppelkrich-Timber vun 1979[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Abrëll 1979 huet déi lëtzebuergesch Post en Timber erausginn, deen un de Klëppelkrich erënnert. Lénks um Timber ass en Deel vum Klëppelkrich-Monument zu Klierf ze gesinn, mam Michel Pintz viru senge Riichteren, a riets den Text op der Plack vum Monument um Lampertsbierg.

Sourcen[änneren | Quelltext änneren]

  • Léon Blasen, 1985. Das "Klöppelkrieg-Memorial" auf dem Glacis. Télécran Nr. 14, 6.-12. Abrëll 1985, S. 33-35. Artikel aus der Télécran-Serie: Die Denkmäler der Stadt Luxemburg.
  • Trausch, Gilbert, 1995. A propos du Klëppelkrich: Les soulèvements paysans de 1798 avaient-ils une chance de réussir ? In: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeoise. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 21-34. Imprimerie Saint-Paul. ISBN 2-87982-059-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]