Op den Inhalt sprangen

Guillotine

Vu Wikipedia
Exekutioun vun der Marie-Antoinette op der Guillotine de 16. Oktober 1793

Eng Guillotine (gijo'tin() ass en Dispositif, fir eng Doudesstrof duerch Käppen ze vollstrecken.

Geschicht vun der Guillotine

[änneren | Quelltext änneren]
Portrait vum Dr. Guillotin

D'Guillotine huet den Numm vum franséischen Dokter Joseph-Ignace Guillotin kritt. Fréier scho gouf et Instrumenter, fir deem, deen zum Doud verurteelt war, de Kapp erofzeschneiden, wéi z. B. déi „Schottesch Joffer“ (engl. Scottish Maiden 1661), d'Fallbeile vun Halifax (engl. the Halifax-Gibbet) an déi italieenesch „Mannaia“. Wéi de Konradin, de leschte vun de Staufer, gekäppt gouf, ass en Instrument benotzt ginn, dat wéi eng Guillotine ausgesinn huet. All dës Ariichtunge koumen allerdéngs bis zum 18. Joerhonnert vollstänneg ausser Gebrauch.

De Guillotin huet den 10. Oktober 1789 eng Demande fir d'Aféiere vun engem mechaneschen Dispositif fir ze käppe gemaach, fir domat aner, méi grausam Hiriichtungsmethoden ofzeschafen[1]. Hie gouf dobäi vum Henker vu Paräis, dem Charles Henri Sanson ënnerstëtzt. D'Nationalversammlung huet dunn de kinneklechen Haffdokter Antoine Louis ugestallt, en Avis doriwwer ofzeginn. Den 20. Mäerz 1792 ass dann d'Demande ugeholl ginn. De Guillotin huet schwéier drënner gelidden, well säin Numm gebraucht gouf fir dat Instrument ze bezeechnen, well hie gemengt hat, aus humanitäre Virstellungen ze handelen, an deem Mooss, datt seng Famill en aneren Numm ugeholl huet.

Déi éischt „Guillotine“ gouf am Optrag vum Sanson vum däitsche Pianos-Fabrikant Tobias Schmidt gebaut. Scho bei den éischte Modeller gouf et en Dësch (frz. bascule), e Briet, op deem de Verurteelte ugeschnallt gouf, dat dann no vir gekippt gouf, sou dat den Hals an horizontaler Positioun an der sougenannter Lunette louch, ier dann dat trapezfërmegt Beil, dat a Schinne gefouert war, vun uewe gefall ass an de Kapp vum Kierper getrennt huet. Nom Antoine Louis huet d'Guillotine am Ufank Louison oder Louisette, geheescht, den Nummm Guillotine huet sech awer duerchgesat, fir dat Instrument ze bezeechnen, dat de Volleksmond vun deemools och rasoir national oder raccourcisseuse genannt huet.

D'Guillotine vu Lëtzebuerg
D'Guillotine vu Lëtzebuerg

D'Guillotine zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem Lëtzebuerg 1795 vu franséischen Truppe besat gi war, ass d'Exekutioun vu Verurteelte mat der Guillotine gemaach ginn, an zwar op Basis vun enger Entscheedung, déi fir de ganzen Département des Forêts, wéi Lëtzebuerg deemools bezeechent war, Gëltegkeet hat. Virdru war den Doud duerch de Strack d'Kapitalstrof. De leschte Verbriecher, deen, den 2. August 1794 erhaange gouf war e Mathias Zimmer vu Miedernach.

D'Guillotine koum zu Lëtzebuerg de 24. September 1798 fir d'éischt an den Asaz. 1799 goufe 14 Leit, déi um Klëppelkrich deelgeholl haten an zum Doud verurteelt gi waren, um Glacis guillotinéiert. Bis 1821 goufe 15 weider Persounen um Glacis an um Fëschmaart mat der Guillotine higeriicht. De leschte Guillotinéierten, den 20. Februar 1821, war ee Mann vun der Boumille bei Schraasseg, dee seng Fra ëmbruecht hat[2]. Déi lescht Fra déi zu Lëtzebuerg gekäppt gouf, war d'Françoise Valjean am Joer 1806, déi verurteelt gi war war well se hiert Kand ëmbruecht hat[3].

Am Ufank vum 20. Joerhonnert ass d'Guillotine vun den Dräi Tierm an den Nationalmusée komm, wou se restauréiert, awer net ausgestallt gouf. Eréischt 2009 ass s'am Kader vun der Ausstellung "Mord und Todschlag" am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg der Ëffentlechkeet gewise ginn. Zanter de Musée Dräi Eechelen am Juli 2012 opgoung, kann een d'Guillotine do gesinn.

Commons: Guillotine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Guilltoin huet 1789 geschriwwen: "Le couteau tombe, la tête est tranchée à la vitesse du regard, l'homme n'est plus. À peine sent-il un rapide souffle d'air frais sur la nuque." Quell: Beschrëftung ënner der Guillotine am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg.
  2. Tony Jungblut: "Das Drama auf der 'Boh'ühle." In: Mord und Todschlag. Begleitband zur gleichnamigen Ausstellung des Historischen Museums der Stadt Luxemburg; Luxemburg, 10. Juli 2009 - 28. Mäerz 2010. (=Publications scientifiques du Musée d'istoire de la Ville de Luxembourg, XIV), Luxembourg 2009, ISBN 978-2-919878-85-7, S. 166-181(fir d'éischt publizéiert an: Tony Jungblut: Luxemburger Pitval. S.173-194; liicht iwwerschafft).
  3. Affichons l'égalité, Brochure, cnfl.lu, 2021, S. 22 (« Françoise Valjean, Dernière femme décapitée au Luxembourg condomnée pour infanticide (1871-1806) »)