Diskussioun:Guillotine

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech hunn haut vun engem eelere Mann héieren, datt an enger Uertschaft an den Ardennen, am franséisch-belsche Grenzgebitt iergendwou eng Guillotine op enger ëffentlecher Plaz stéing. E wousst awer net mé wou. Huet soss nach ee schonns eppes dovunner héieren. Les Meloures 20:53, 2. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

De Fichier:Guillotine Luxembourg 01.jpg oder Hu mer se nach all am Schaf??[Quelltext änneren]

Natierlech ass et gutt, datt mer eng Foto vun der lëtzebuergescher Käppmaschinn hei hunn. Datt déi éischt duerch de Contre-jour mat de Schrëften an de Fënsteren e bësse "suboptimal" ass, ass e bësse schued. Ech weess net, wéi déi Maschinn do steet, a wéi de Kader ass, well ech war nach net do. Wat ech awer elo matkrut, dat hätt ech net fir méiglech gehalen: Nodeems eng Foto vun där Maschinn do war, setzt elo nach een eng dran, an dat mam selwechten Thema. Dat wier u sech nach kee Probleem, awer ... An elo kommen ech op dat Eigentlecht: Déi "nei" ass opfälleg kromm (!!), se ass total verrauscht, a se ass grujelech iwwerbeliicht. An zu allem Kombel reflektéiert eng Autosnummer am Glas. Wat bréngt een dozou, sou en abstrusen Aarmut hei auszestellen? Datt se an de Commons alles unhuelen, wat méi wéi dräi Pixelen huet, ass eng Saach, mee K....biller hate mer scho genuch. Dat do ass net méi lächerlech, dat do ass onméiglech! --Cornischong 00:20, 11. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]