Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités

Vu Wikipedia
Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités
D'Gebai vum Musée (2017). Am Hannergrond de MUDAM an d'Héichhaus um Kierchbierg.
Land Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht
Gegrënnt 2012
Um Spaweck https://m3e.public.lu

De Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités, bis de Summer 2007 Festungsmusée genannt, offiziell Musée de la Forteresse respektiv Musée de la forteresse de la ville de Luxembourg[1], ass e Musée an der Stad Lëtzebuerg, deen am restauréierten an zum Deel nees opgebaute Fort Thüngen ënnerbruecht ass. D'Aarbechten um Gebai selwer sinn 2004 ofgeschloss ginn. An de Joren duerno goufen déi al Festungsanlagen a Mauere ronderëm de Fort nees fräigeluecht, resp. opgebaut.

De Musée Dräi Eechelen (M3E) ass den 13. Juli 2012 opgaangen[2] a steet zanterhier ënnert der Leedung vum Conservateur délégué à la direction François Reinert.

Vum Gesetz bis zu der Erëffnung huet et net manner wéi 14 Joer gedauert.

D'Geschicht vum Musée[änneren | Quelltext änneren]

De Projet vum Musée geet op Protester géint den Ëm- oder Ausbau vum Fort Thüngen zeréck, fir duer de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean (Mudam) z'installéieren. Dëse Musée hätt no dem éischte Konzept, dat am Mee 1991 vum Ieoh Ming Pei virgestallt gouf, déi gesamten Anlag vum Fort Thüngen a Besëtz geholl an hätt e groussen Deel vun der aler Bausubstanz zerstéiert oder iwwerdeckt. Jeunes et patrimoine, zesumme mat aneren Associatiounen hunn doropshin eng Porte ouverte an eng Konferenz organiséiert, fir op de gefaarte "Massaker" um Fort vun den Dräi Eechelen opmierksam ze maachen. 1995 huet den Deputéierten Robert Garcia eng Gesetzespropositioun virgeluecht (Nr 4055) fir e gesonnerte Musée iwwer d'Festungsgeschicht, deen am Reduit vum Fort Thüngen soll ënnerbruecht ginn, an dee vum Mudam getrennt ass. D'Frënn vun der Festungsgeschicht ware mat deem Projet averstanen, den Aktiounscomité D'Fangeren ewech vun den Dräi Eechelen dogéint.

Am Gesetzprojet deen de 5. Dezember 1996 vun der Chamber gestëmmt gouf, waren 665.500.000 Frang (16,5 Milliounen Euro ouni d'Inflatioun anzerechnen) virgesinn[3]. D'Gesetz gouf duerno, de 17. Februar 1997 am Mémorial publizéiert[4].

Am Juni 2003 gouf d'Strauss gefeiert an et gouf nach eng Kéier eng Rallonge vun 130 Millioune Frang (3,22 Milliounen Euro) gestëmmt. D'Press huet geschriwwen, d'Gebai wier kuerz virun der Aweiung.

Am Summer 2006 sollt de Musée op den Dräi Eechelen zesumme mam Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean ageweit ginn. Doraus ass näischt ginn, an ouni Grënn unzeginn, gouf bekannt, datt d'Aweiung am September 2007 wier.

2006 gouf opgrond vun enger Decisioun vun der Regierung domat ugefaangen, e Konzept auszeschaffen, fir am ieweschte Stack e Musée vun der nationaler Identitéit anzeriichten. 2007 hunn d'Gesamtkäschte sech op 31,5 Milliounen Euro chiffréiert.

Ufanks Juli 2007 gouf bekannt, datt d'Aweiung nees eng Kéier soll geréckelt ginn. D'Octavie Modert, Staatssekretärin fir Kultur, konnt oder wollt sech op enger Pressekonferenz, den 1. August 2007, net op en neien Datum festleeën.

Am Mäerz 2009 huet d'Octavie Modert der Budgetskommissioun vun der Chamber gesot, et géifen zousätzlech 8,7 Milliounen Euro gebraucht ginn, fir d'Aarbechte fäerdegzestellen.[5] Dës goufen uganks 2010 vun der Chamber gestëmmt. Domat goungen d'Gesamt-Baukäschte vum Musée op 41,38 Milliounen Euro an d'Luucht.[6]

Do derbäi kommen nach Ënnerhalts- a Reparaturkäschte vun 200.000 Euro, bis 2006 Funktiounskäschte vun 391.000 Euro an zanter 2007 all Joer 350.000 Euro fir Personalkäschten.[7]

Schlussendlech huet se den 12. Juli 2011 ugekënnegt, de Musée géif am Juli dat Joer drop opgoen[8],[9].

Déi offiziell Erëffnung vum Musée Dräi Eechelen (M3E) war da wéi gesot den 13. Juli 2012[2]. E war dat éischt hallef Joer fir de Publikum gratis zougänglech.

De Musée[änneren | Quelltext änneren]

D'Gestioun vum Musée läit beim Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht (MNAHA). Bis 2009 war et de Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg', eng Sektioun vum Service des sites et monuments nationaux, déi am Oktober 2004 duerch e Règlement grand-ducal geschaf gouf, déi dofir responsabel war. Nach virdrun hat eng Paräisser Agence probéiert, e museographescht Konzept op d'Been ze stellen. Den Dokumentatiounszentrum schafft och mat der Uni Lëtzebuerg zesummen.

D'Ausstellung bannendran besteet aus 3 Voleten:

  • D'Festung selwer - hir Funktioun an hir Funktiounsweis;
  • d'soziologesch Aspekter vun hiren Occupanten, notamment d'Relatioune mat der Stater Bevëlkerung, an
  • als 3. Volet "d'Gesellschaften zu Lëtzebuerg" vum 19. Joerhonnert bis haut.

Dat leschtgenannten Theema gëtt um 1. Stack behandelt mat enger Ausstellung, déi periodesch ännert.

Chronologesch gëtt en an den eenzele Kasematten d'Geschicht vun der Festung explizéiert, vun der Eruewerung duerch d'Burgunder am Joer 1443 bis zu hirer Schleefung no 1867 an dem Ausbreede vun der Stad iwwer hire fréiere "Korseli" eraus.[10]

Ausstellungen:[änneren | Quelltext änneren]

  • iLux. Identités au Luxembourg
  • Genie und Festung. Luxemburger Festungspläne in der Staatsbibliothek zu Berlin
  • Images d'un pays souverain. Le photographe Charles Bernhoeft et l'identité luxembourgeoise
  • Les frontières de l'Indépendance. Le Luxembourg entre 1815 et 1839
  • Pont Adolphe 1903
  • 1867. Luxembourg - Ville ouverte
  • 300 Jahre Maria Theresia. La Femme aux multiples couronnes
  • Amis-Ennemis. Mansfeld et le revers de la médaille
  • Et wor emol e Kanonéier - L'artillerie au Luxembourg
  • Sub Umbra Alarum – 1716 - 1741 Luxemburg, Festung der Habsburger

Wëssenschaftlech Mataarbechter um Musée Dräi Echelen:[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. déi verschidde Gesetzestexter op legilux.lu.
  2. 2,0 2,1 Wort.lu: "3,2,1...meins!" - "Musée Dräi Eechelen" wurde seiner Bestimmung übergeben
  3. (fr)4191 – Projet de loi relatif à l'installation d'un Musée de la Forteresse de Luxembourg dans le réduit du Fort Thüngen. https://www.chd.lu+(12.08.1996).+Gekuckt de(n) 26.0.2023.
  4. (fr)Loi du 17 février 1997 relative à l'installation d'un Musée de la Forteresse de Luxembourg dans le réduit du Fort Thüngen. http://data.legilux.public.lu+(17.12.1997).+Gekuckt de(n) 26.09.2023.
  5. "8,7 Millionen mehr für das Festungsmuseum." wort.lu, Versioun vum 31.03.2009. Gearchiveerd op 2009-04-03. Gekuckt de(n) 2009-03-31.
  6. "Baustelle Festungsmuseum: Weg frei für eine Entscheidung im Parlament; Kulturkommission genehmigt Gesetzestext über eine Budgeterweiterung von 8,72 Millionen Euro." wort.lu 30.11.2009 11:29.
  7. "Wat eng Mëscht!" tageblatt.editpress.lu, 22.01.2010.
  8. "Modert: Festungsmusée mécht Mëtt Juli 2012 Dieren op." rtl.lu - 12.07.2011, 16:06 - Fir d'lescht aktualiséiert: 12.07.2011, 16:37.
  9. „Dräi Eechelen“ wird am 14. Juli eröffnet wort.lu 17. Februar 2012
  10. "Exposition permanente" op m3e;lu.