Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg
Ofkierzung FFGL
Zweck Studie vun der Festungsgeschicht
Grënnungsdatum 02.06.1992
Sëtz 66a Rue de Trèves
Lëtzebuerg
President Robert Wagner
Tresorier Robert Wagner
Websäit https://www.ffgl.lu


Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg[1] (FFGL) ass eng Asbl, déi den 2. Juni 1992 gegrënnt gouf[2]. President ass de Robert Wagner.

Hannergrond vun hirer Grënnung waren d'Pläng, um Fort Thüngen op den Dräi Eechelen e Musée fir modern Konscht, de spéidere Mudam, ze bauen. Deen éischten Entworf huet virgesinn, datt vun der historescher Bausubstanz vum Fort net méi vill iwwereg géif bleiwen, well villes sollt ofgerappt gi fir de Musée.

D'Frënn vun der Festungsgeschicht hu sech, mat aneren, do dergéint mobiliséiert, an d'Pläng goufen dunn och geännert.

Si hu sech och fir d'Erhale vum Fort Lambert vun der Festung Lëtzebuerg agesat, deen hätt sollen zerstéiert ginn, fir en ënnerierdesche Parking an der Monterey-Avenue ze bauen.

De Veräin organiséiert reegelméisseg Visite-guidéeën, meeschtens duerch Deeler vun de Kasematten, déi normalerweis net zougänglech sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Am Handelsregëster ageschriwwen als „Frënn vun der Festungs-geschicht Lëtzebuerg“ ënnert der Nummer F3704
  2. Mémorial C n° 501 vum 3. November 1992, Säit 24014