Diskussioun:Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Alen Diskussiounsbäitrag ouni Titel[Quelltext änneren]

Ech hätt d'nächst Woch d'Geléigenheet fier rezent Fotoen vum Musée ze maachen. Ass d'Communautéit dorun intresséiert? --Spanish Inquisition 09:11, 13 Juli 2006 (UTC)

D'Communautéit ass ;-) Myriam 09:13, 13 Juli 2006 (UTC)

D'Communautéit ass ....[Quelltext änneren]

Ech huelen un, mer schwätze vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean!? Siwen Editen an 1 (ee) Saz Text mat enger Foto. ("dat ee emol gesäit vu wat Rieds geet", schreift de Fotograf, deen anscheinend net gemierkt huet, datt iwwerhaapt net iwwert eppes Rieds geet!) Ech hunn eng 250 rezent Fotoen vum drëtten Dag hei leien (vum Mudam). Nom éischten Dag (!!) huet e franséische Fotograf eis Fotoen ugebueden, e krut vun engem iwwerhaapt Merci gesot fir seng Offer. Ech fannen et fäi vum Spanish Inquisition fir eis déi Offer ze maachen, mee den Hannergrond ass méi penibel. Aner Wikien géife sech fir Fotoë d'Fangere lecken. Ech liesen hei: "D'Communautéit ass (intresséiert)". Mer kënnen eis emol e Begrëff dovu maachen, wat intresséiert heescht: Den Artikel fr:Musée d'art moderne Grand-Duc Jean]]. Oppassen lo gëtt et "Lëtzebuergesch": Mär sinn en ale Schäiss un deem Thema intresséiert, (mer kënnen eis op eng einfach Manéier dovun iwwerzeegen, mer kucken eis den Net-"Artikel" un). Mär amuséieren eis léiwer mat enger Etapp vum Tour de France wéi mat engem Musée. Déi Beleidegt solle sech beim Iessen u mech wenden. @Spanish Inquisition: Lues, lues, net nees vun Iwwerhieflechkeet schreiwen. Fir d'éischt d'Uertschaftsartikelen ukucken. An weg nëmme näischt aus mengem Text erausliesen, wat net do steet. --Cornischong 14:56, 13 Juli 2006 (UTC)

De Cornischong reegt sech emol erëm eng Kéier op. Ech liese näischt eraus aus dengem Text, wat net do steet an ech adresséieren (seet den DLW) mech gär un de Cornischong den 21. obwuel ech net beleidegt sinn. Mee ech verstinn déi ganz Opreegung net. Wisou si "mär" (op wee bezitt sech dat iwwerhaapt?) "en ale Schäiss" drun intresséiert? Komesch Usiichten. Myriam 21:28, 13 Juli 2006 (UTC)

National Identitéit[Quelltext änneren]

Kënnt do och drastoen wéini een däerf an Portugiesechen Fändel obhänken an wéini nët? Eis National Identitéit, do sinn ech elo awer gespaant. E Festungsmusée wier trotzdem besser gewierscht. Mee tippech Lëtzebuerg, dat wat se hun dofier interesséieren se sech net. Spanish Inquisition 15:09, 26 Juli 2006 (UTC)

Den Numm vum Musée[Quelltext änneren]

Wees een, wou an engem Dokument deen Numm Musée Dräi Eechelen steet? Ech gesinn an deenen dräi Gesetzer um Legilux just Musée de la Forteresse an Musée de la forteresse de la ville de Luxembourg stoen. --Christian Ries 12:08, 26. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech weess net op en dat e wichtegt oder richtegt Dokument kann nennen mä op dëser Internetsäit vum MNHA gëtt en emol esou genannt. --Les Meloures 14:17, 26. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech setzen dann emol déi offiziell Bezeechnungen an den Artikel an als Redirecten an d'Wiki: Musée de la Forteresse a Musée de la forteresse de la ville de Luxembourg. U sech feelt mer en offiziellt Dokument, wou dee ganze Lemma ze fannen ass, dat ass mir bis elo net gelongen, ausser op Internetsäiten vum Tourismus oder der Uni Lëtzebuerg. --Christian Ries 06:15, 27. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]