Op den Inhalt sprangen

Fëschmaart

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Um Fëschmaart zu Bergen an Norwegen

De Fëschmaart ass d'Plaz wou Fësch verkaaft ginn, entweeder op enger ëffentlecher Plaz oder an enger zouener Hal.

Et gëtt vill bekannt Fëschmäert, besonnesch an Hafestied, wou d'Fëscherei bedriwwe gëtt. Do sinn et meeschtens nach d'Fëscher selwer, déi do hir Fësch ubidden.

Beim Haleverkaf fir grouss Cliente ginn d'Fësch a Louse versteet an zwar nom Prinzip vum Erofsteeën (vente au rabais). Ee vun de gréisste Fëschmäert op der Welt, ass den Tsukiji Maart zu Tokio.

Vill Plazen uechter d'Welt, op deenen haut kee Maart méi gehale gëtt, oder Stroossen hunn den Numm Fëschmaart an der jeeweileger Sprooch behalen, wéi z. B. de Fëschmaart zu Lëtzebuerg, oder de Fischmarkt zu Köln