Léon Blasen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nuvola apps ksig.png Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Léon Blasen
BlasenLéon.jpg
Gebuer 29. Mee 1915
Gestuerwen 15. Januar 2000
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Auteur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Léon Blasen, gebuer den 29. Mee 1915 zu Schieren, a gestuerwen de 15. Januar 2000 zu Ettelbréck, war Haaptinspekter am Staatsministère, a nieweberufflech Kultur-, Musek- a Literaturchronist. Hien ass dacks als Conferencier am Radio oder bei Soiréeën opgetratt.

A senge lëtzebuergeschen Emissiounen op Radio RTL (meeschtens um Sonndeg: Um Staminet, ënner anerem mam Pir Kremer) hat hie vill Nolauschterer.

Duerch seng Interpretatiounen a Kommentare vun an iwwer d'Wierker vum Auguste Liesch ass hien am ganze Land bekannt ginn.

Am Nationale Literaturzentrum (CNL) besteet e Fonds Léon Blasen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausgi vun der Lëtzebuerger Stadmusek
  • Blasen, Léon: "Spassig Saachen aus der Letzebuerger Literatur" mam Léon Blasen (Optrëtt 1990 um Iechternacher Festival)
  • Blasen, Léon: Artikelen an der Dages- a Wochepress iwwer Konscht, Literatur a Musek

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]