Avenue Pasteur

Vu Wikipedia
Avenue Pasteur
Numm lb: Traufelsbierg (nërdlechen Deel)
fr: Avenue Pasteur
Fréieren Numm fr: Avenue de Muhlenbach(bis 1925)[1]
de: Traufelsberg(bis 1925)[1]
Längt ca. 2.000 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg,
Millebaach,
Rollengergronn,
Uewerstad
Postcode 2310,
2311
Koordinaten 49° 37’ 17.8’’ N
      06° 07’ 03.6’’ O
Genannt no Louis Pasteur

D'Avenue Pasteur an der Stad Lëtzebuerg verbënnt de Rond-Point Robert-Schuman um Lampertsbierg mat der Rue de Rollingergrund hannert de fréiere Produktiounsateliere vu Villeroy & Boch am Rollengergronn. De gréissten Deel läit am Quartier Lampertsbierg, den nërdlechen Deel (deen Traulesbierg genannt gëtt) gehéiert zum Rollengergronn. D'Strooss mécht awer och deelweis d'Grenz mat den Nopeschquartieren Uewerstad (laanscht de Glacis) a Millebaach.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Pasteurstraße” an am nërdlechen Deel „Traufelsberg” geheescht[2].

An der Avenue Pasteur leien eng Rei Schoulen: de Lycée de garçons (hënnescht Säit), de Lycée technique du Centre an de Lycée technique Michel-Lucius.

D'Strooss krut hiren Numm als Erënnerung un de franséische Wëssenschaftler Louis Pasteur.

Eng Rëtsch Haiser an der Avenue Pasteru goufe vun 2010 un op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agadroen: d'Nr.23 (14.9.2012), d'Nr.26 (13.4.2012), d'Nr.28-32 (28.2.2011), d'Nr. 34 (18.6.2010), d'Nr.42-44 (30.4.2012), d'Nr.74 (26.2.2018), d'Nr.94 (Villa Kutter; 2018) an d'Nr. 103 (6.9.2018).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue Pasteur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.