Boulevard de la Pétrusse

Vu Wikipedia
Boulevard de la Pétrusse
Numm fr: Boulevard de la Pétrusse
Fréieren Numm fr: verschidden Deeler:
Boulevard de Hollerich
Boulevard Voltaire
Boulevard de Stalingrad
Boulevard d'El Alamein
Längt ca. 1.375 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 2320
Koordinaten 49° 36’ 24’’ N
      06° 07’ 34.6’’ O
Genannt no Péitruss

De Boulevard de la Pétrusse ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Kräizung mat der Antwerpener Strooss an engem Bou bis op d'Metzer Plaz an da weider a Richtung Südoste bis op d'Kräizung mat der Aler Avenue wou se dann an de Boulevard d'Avranches iwwergeet.

Vun der Kräizung mat der Antwerpener Strooss bis op d'Metzer Plaz gehéiert de Boulevard de la Pétrusse zum CR222 a vun der Metzer Plaz bis bei d'Al Avenue gehéiert en zur Nationalstrooss 2.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss ass an de Joren 1867-1880 – nom Schleefe vun der Festung – um Plateau Bourbon an um Verluerekascht ugeluecht ginn. Se huet 1889 hiren haitegen Numm kritt, als Referenz und d'Péitruss déi ënnen am Dall leeft. D'Strooss huet do ugefaange wou séngerzäit d'Nei Bréck geplangt war[1] an ass a Richtung Polfermille bis bei déi haiteg Rue du Laboratoire gaangen. 1925 gouf den Odonym dunn a Richtung Westen op de fréiere Boulevard de Hollerich an de Boulevard Voltaire ausgewäit[2]: se huet deemools deem entsprach wat haut de Boulevard de la Pétrusse an de Boulevard d'Avranches zesumme sinn.

Nom Krich gollt et déi batter Zäiten net ze vergiessen an zwou decisiv Schluechten aus dem Krich sollten an engem Odonym festgehale ginn: vun der Metzer Plaz aus gekuckt gouf de westlechen Deel vum Boulevard de la Pétrusse a „Boulevard de Stalingrad“ an den ëstlechen Deel bis bei d'Al Avenue a „Boulevard d'El Alamein“ ëmgenannt. Dëst gouf awer 1954, resp. schonn 1947, nees réckgängeg gemaach.[3].

Op der ganzer Längt gehéiert de Boulevard d'Avranches zur Nationalstrooss 2.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard de la Pétrusse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. haiteg Metzer Plaz
  2. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  3. Henri Beck, 1991. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 37: 30