Streckeisen (Gebai)

Vu Wikipedia
Streckeisen
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 18.1’’ N
      06° 07’ 28.4’’ O
Baustil Jugendstil

Ënnert dem Numm Streckeisen ass en Haus um Bord vum Plateau Bourbon am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg bekannt. Et läit um Dräieck tëscht dem Boulevard de la Pétrusse, der Goethestrooss an der Michel-Welter Strooss a krut den Numm well d'Form vum Gebai un e Streckeisen erënnert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Haus gouf 1907 no de Pläng vum Architekt Jean Guill am Jugendstil gebaut.

Tëscht 1930 an 1940 war am Gebai e Kulturzentrum fir Judden aus Osteuropa (Beth Am Irvi), dee vun der Fédération luxembourgeoise de Juifs de l'Est bedriwwe gouf. Et gouf do Gebiets-, Lies- a Konferenzraim, souwéi Schoulsäll fir Hebräesch ze léieren. Veräiner wéi d'Yiddisch Theater Kulturgemeinde waren dodran etabléiert. Ënner der Däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, nodeems am September 1940 et jiddesche Kanner verbuede gi war, an déi 'normal' Schoul ze goen, goufen am Gebai eng 100 dovun an 3 Klassen ënnerriicht, virun allem Franséisch an Englesch, fir hinnen an der Emigratioun nëtzlech ze sinn. No 6 Méint gouf dës Schoul zougemaach.[1]

...

Vum Mäerz 1990 bis 1993 war d'Redaktioun vun der Wochenzeitung Gréngespoun (haut woxx) am Streckeisen installéiert[2].

Hautdesdaags gehéiert d′Streckeisen der Gemeng Lëtzebuerg an et sinn eng Dosen Zëmmere fir Uni-Studenten dran amenagéiert.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Well et op enger enker dräieckeger Parzell gebaut gouf ass et eppes Besonnesches zu Lëtzebuerg. An enger Nisch an der Fassad zur Säit vun der Michel-Welter Strooss steet eng Häerz-Jesu-Statu[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Antoinette Lorang, 1995, „Ein Haus von Format: das "Streckeisen": 72, boulevard de la Pétrusse“, am Tageblatt Nr. 125 vum 1. Juni 1995, S. 7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Streckeisen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Streckeise-Gebaier soss duerch d'Welt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Daniel THILMAN, Les Juifs de l'Est au Luxembourg. Arrivée, implantation, destin, Mémoire de master 2, Centre de Télé-Enseignement universitaire (CTU), Université de Franche-Comté, 2021
  2. Chronologie (D) op der Internetsäit vun der Wochenzeitung woxx; fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2014.
  3. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 171, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]