Rue d'Oradour

Vu Wikipedia
Rue d'Oradour
Numm fr: Rue d'Oradour
Fréieren Numm de: Gneisenaustraße
Längt 350 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Postcode 2266[1]
Koordinaten 49° 36’ 26.8’’ N
      06° 06’ 27.5’’ O
Genannt no Oradour-sur-Glane

D'Rue d'Oradour ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg um Belair. Si verbënnt d'Avenue du Dix Septembre mat der Avenue Gaston-Diderich. Och d'Place de Gand läit un der Rue d'Oradour.

D'Strooss ass no der franséischer Uertschaft Oradour-sur-Glane am Departement Haute-Vienne benannt, déi duerch e däitscht Krichsverbriechen am Zweete Weltkrich bekannt ginn ass. Den 10. Juni 1944 hunn do Membere vun der Waffen-SS d'Duerf zerstéiert an iwwer 600 Mënschen ëmbruecht.

Wärend der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg huet d'Strooss "Gneisenaustraße" geheescht.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue d'Oradour – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Postcode um Géoportail
  2. Ons Stad 31 (1989): Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?