Oradour-sur-Glane

Vu Wikipedia
Oradour-sur-Glane
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Haute-Vienne
Arrondissement Rochechouart
Kanton Saint-Junien
Postcode 87520
Gemengecode 87110
Koordinaten 45° 55’ 58’’ N
      01° 01’ 57’’ O
Fläch  4.816 ha
Bevëlkerung  2.325 (2011)

Oradour-sur-Glane (op Okzitanesch: Orador de Glana) ass eng franséisch Gemeng am Departement Haute-Vienne an der Regioun Nei-Aquitaine. Si läit eng 200 Kilometer nordëstlech vu Bordeaux am nordwestlechen Deel vum Massif central, 22 km nordwestlech vu Limoges. Den Numm kënnt vum laténgeschen oratorium ("Gebietsplaz").

Oradour ass virun allem bekannt duerch e Krichsverbriechen, bei deem den 10. Juni 1944 d'Waffen-SS d'Uertschaft komplett zerstéiert huet a sou gutt wéi all d'Awunner ermuert huet. 642 Mënschen, dorënner 207 Kanner an 254 Fraen, goufen dobäi erschoss oder verbrannt. Just 6 Leit hunn d'Massaker iwwerlieft.

Nom Krich gouf eng nei Uertschaft nieft de Ruinen opgebaut. D'Ruine selwer goufen als Memorial sou stoe gelooss, wéi se waren, an de Centre de la mémoire d'Oradour-sur-Glane gouf donieft operiicht. Um Wee vun der aler an déi nei Uertschaft ass och de Kierfecht, wou d'Affer begruewe goufen.

An der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss (Rue d'Oradour) nom Duerf benannt.

Biller vun der aler Uertschaft[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oradour-sur-Glane – Biller, Videoen oder Audiodateien