Op den Inhalt sprangen

Avenue du Dix-Septembre

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Avenue du Dix Septembre)
Avenue du Dix-Septembre
Offiziellen Numm Avenue du Dix-Septembre
Lëtzeb. Numm Lonkecher Strooss
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Belair
Deel vun Nationalstrooss 5
Postcode L-2550, L-2551
Koordinaten 49°36'31,000"N, 6°6'55,800"O
Morphologie
Längt 1.000 m

D'Avenue du Dix-Septembre (och nach an der Schreifweis X septembre oder 10 septembre ze fannen, op Lëtzebuergesch nach dacks Lonkecher Strooss sou wéi se fréier housch) ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Et ass d'Verlängerung vun der Avenue Monterey, vum Boulevard Grande-Duchesse Charlotte u bis op d'Place de France. S'ass en Deel vun der N5.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Longicher Straße” geheescht.

D'Strooss krut hiren Numm als Erënnerung un d'Liberatioun vun der däitscher Besatzung duerch d'Amerikaner; den 10. September 1944 ass déi 5. US-Panzerdivisioun ënner dem Generol Lunsford E. Oliver iwwer dës Strooss an d'Stad erakomm[1].

 Commons: Avenue du Dix-Septembre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Evy Friedrich, 1981. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 7: 25