Lunsford E. Oliver
Lunsford E. Oliver | |
---|---|
Gebuer |
17. Mäerz 1889 Nemaha |
Gestuerwen |
13. Oktober 1978 Newington |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
United States Military Academy, United States Army War College, Command and General Staff College |
Aktivitéit | Offizéier |
De Lunsford Errett Oliver, gebuer de 17. Mäerz 1889 zu Nemaha am Nebraska a gestuerwen den 13. Oktober 1978 zu Newington am Connecticut, war e Generolmajouer an der US-Army. Hie war am Zweete Weltkrich Kommandant vun der 5. Panzerdivisioun, déi ë. a. an der Ardennenoffensiv engagéiert an un der Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg bedeelegt war.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Militäresch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Tëscht den zwéi Kricher
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Zweete Weltkrich
[änneren | Quelltext änneren]Am Januar 1942 gouf den Oliver der 1. Panzerdivisioun zougewise fir – ee Mount no der japanescher Attack op Pearl Harbor, duerch déi den Antrëtt vun den USA an den Zweete Weltkrich ausgeléist gouf – de Kommando vum Combat Command 'B' (CCB) z'iwwerhuelen. Hie gouf de 16. Februar 1942 en Ee-Stär-Generol am Rank vum Brigadier General. D'Divisioun gouf de 6. Mee 1942 an Nordirland agesat fir fir d'Operatiounen am franséischen Nordafrika ze trainéieren.
Am September ass den Oliver op London gaangen, fir beim Plange vun der Operation Torch (Invasioun vun den Alliéierten an Nordafrika) matzemaachen. Hie krut den 20. November 1942 eng Promotioun als Zwee-Stäre-Generol (Generolmajouer).
Den CCB ënner sengem Kommando ass den 8. November 1942 erfollegräich an der Stad Oran (Algerien) gelant, ass a Richtung vum Tafaraoui Fluchhafe gaangen an huet deen nach deselwechten Dag besat. Den CCB ass zu Medjez-el-baban an Tunesien op déi éischt feindlech Resistenz geroden an huet do, vum 6. Dezember 1942 un, wärend véier Deeg gekämpft.
Den Oliver ass zeréck an d'USA gaangen a huet de Kommando vun der 5. Panzerdivisioun vum Sereno E. Brett iwwerholl. Hien huet seng Divisioun weider duerch de Krich gefouert, mat ë. a. engem Training an der Mojave Wüst a Kalifornien am Mäerz 1943, dem Tennessee Manöver am Summer an der Reorganisatioun vun der Divisioun um Pine Camp (Fort Drum, New York) am Wanter, uganks 1944.
Als Virbereedung fir d'alliéiert Invasioun vun der Normandie ass den Oliver mat senger Divisioun op zwee Schëffer an England gefuer, wou en de 24. Februar 1944 ukoum. Se ass dunn de 26. Juli op der Utah Beach gelant an huet bis zum Enn vum Krich op der Westfront gekämpft.
D'5. Panzerdivisioun, ënner dem Kommando vum Generolmajouer Oliver, war déi éischt Divisioun, déi bei der Seine ukoum, déi éischt Divisioun, déi zu Lëtzebuerg ukoum an déi éischt Divisioun, déi an Däitschland gekämpft huet. Wéi s'op Uerder vun der 9. US-Arméi gestoppt gouf, souz d'Divisioun sou no viru Berlin, wéi keng aner amerikanesch Divisioun.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems dem Oliver seng 5. Divisioun den 30. August 1944 zu Paräis op de Champs Elysées defiléiert ass, huet se uganks September hire Camp zu La Moncelle bei Sedan opgeschloen. De Prënz Felix, deen am Juni 1944 bei de Generol Bradley vun der 12. US-Arméi geschéckt gi war, war duerno a verschiddenen Eenheeten, fir bei der Befreiung vu Lëtzebuerg kënnen derbäi ze sinn. Hien ass de 5. September beim Oliver senger Divisioun ukomm an ass zesumme mat der 5. Panzerdivisioun den 9. September zu Péiteng iwwer d'Grenz gaangen. Den Dag duerno ass dem Oliver seng Divisioun, mat fënnef Panzeren an enger Rëtsch Jeepen, an a Begleedung vum Prënz Felix iwwer d'Lonkecher Strooss a Richtung vun der Stad gefuer. Op der ganzer Streck grad wéi op der Plëss d'Arem stoungen eng Abberzuel Leit fir d'Amerikaner ze begréissen. De Prënz Felix, den deemolegen Ierfgroussherzog Jean an de Lunsford Oliver hunn de Leit vum Balcon vum Cercle aus gewénkt.
Den Oliver war nom Krich nach e puer mol zu Lëtzebuerg; ë. a. an de Joren 1959 an 1961.
Fir den 30. Joresdag vun der Befreiung vu Lëtzebuerg (1974), konnt den Oliver net derbäi sinn, huet dem Groussherzog an der Lëtzebuerger Bevëlkerung awer follgende Message geschéckt:
„On the occasion of the 30th Anniversary of the Liberation of Luxembourg I would like to extend my best wishes to His Royal Highness the Grand Duke and to the people of Luxembourg. I very much regret my inability to be there to participate in the commemoration of those glorious days. The bravery of the people of Luxembourg and the warmth of their welcome to us will always be a cherished memory for me. I shall especially remember the heroic role played in the liberation by His Royal Highness Prince Felix who joined with me on the entry to his homeland.“
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Fir un de Lunsford Errett Oliver z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 12. August 1994 decidéiert, eng Strooss um Belair no him ze nennen: d'Rue General Major Lunsford E. Oliver[1].
- Fir un den 80. Joresdag vun der Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg z'erënneren, gouf den 10. September 2024 eng Zeremonie op der Plëss organiséiert, bei där niewent dem Grand-Duc Henri an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer och Nokomme vum Generol Lunsford E. Oliver derbäi waren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lunsford E. Oliver – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Eine Exklusivität der Revue – Hoher und unerwarteter Besuch in Luxemburg. In: Revue, 15. Jg., nº 13 (28.03.1959), S. 12.
- Intimer Empfang von General Lunsford E. Oliver, Befreier unserer Luxemburger Heimat. In: Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 83 (24.03.1965), S. 4
- Erinnerung an heroische Tage. In: Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 203 (07.09.1974), S. 17.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 04.09.2024.