Invasioun vun der Normandie

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Invasioun vun der Normandie oder och Schluecht vun der Normandie war eng vun der grousse Schluechten am Zweete Weltkrich. Si huet sech am Kader vun der Operatioun Overlord tëscht dem 6. Juni 1944, dem Ufank vum Debarquement (Operatioun Neptun) an Enn August, dem Réckzuch vun den däitschen Truppen iwwer d'Seine, ofgespillt. Si huet den Alliéierten et erlaabt eng nei Front a Westeuropa opzemaachen, fir vun do aus um Buedem d'Drëtt Räich ze bekämpfen.

Déi Schluecht war déi gréisst logistesch Operatioun mat engem Debarquement déi jee realiséiert gouf. Eng ronn dräi Milliounen Zaldoten, haaptsächlech US-Amerikaner, Briten, Kanadier, Australier an Neiséilänner mä och aner alliliert Truppen, wéi d'Forces françaises libres, d'Polnesch Westarméi, déi belsch Brigade Piron, Tschechen, Hollänner an norwegesch Resistenzler koumen iwwer den Äermelkanal fir an der Normandie u Land ze goen, dovun eleng 150.000 Stéck den éischten Dag.