Rue Beck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Rue Beck
Schëld rue Beck.jpg
Lëtzeb. Numm Beckstrooss
Ënnerhal vu(n) Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode 1222
Koordinaten 49°36'42,44"N, 6°7'38,35"O
Morphologie
Längt 80 m
Héicht i. M. 303 m
Geschicht
Genannt no Jean de Beck
Fréieren Numm Beckstraße


D'Rue Beck ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft a Süd-Nord vum Piquet bis an d'Groussgaass. Se läit tëscht der Aldringerstrooss am Westen an der Philippsgaass am Osten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der spuenescher Zäit (1674) stoung an der haiteger Beckstrooss - tëscht der Groussgaass (deemools Arsenalstrooss), der Aldringerstrooss an dem Piquet - déi deemoleg Artilleriekasär. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick an eng Handwierkerschoul dran.

D'Strooss gouf 1674 ugeluecht, zesumme mam Bau vun der Kasär. Se krut den Numm duerch eng Decisioun vum Stater Gemengerot vum 1. Juni 1854, déi de 16. Mee 1925 confirméiert gouf[1]. Den Odonym geet zréck op de Baron Jean Beck, en Arméisoffizéier a Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Beck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rue Beck op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt de 16. Februar 2020