Rue Wiltheim

Vu Wikipedia
Rue Wiltheim
Numm lb: Scheedgesbierg[1]
fr: Rue Wiltheim
Längt ca. 90 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2733
Koordinaten 49° 36’ 42.4’’ N
      06° 08’ 02.5’’ O
Genannt no Wiltheim


D'Rue Wiltheim ass eng Strooss an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vum Fëschmaart erop an d'Groussgaass geet, woubäi den ieweschten Deel, vum Ale Geriichtsgebai bis bei d'Kräizung Schiggerisgaass / Groussgaas, Rue du Palais de Justice heescht. Am Haus Nr. 6, dem Gebuertshaus vum Moler Joseph Kutter[2], ass d'Schéieschlach, e verwëllefte Passage.

1854 huet de Stater Gemengerot hir deen Numm ginn, fir un d'Famill (de) Wiltheim z'erënneren, deenen hir bekanntst Memberen den Alexandre, de Guillaume an den Eustache waren. Hiert Haus stoung nämlech do, wou haut d'Haaptgebai vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ass.[3]


Klasséiert Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebaier op den Nummeren 12-14, 10, 8, 6 a 4 stinn zanter dem 20. Oktober 1961 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.

D'Aile Wiltheim[änneren | Quelltext änneren]

D'Nummeren 8, 10 an 12 gehéieren dem Fonds de rénovation de la vieille ville. D'Nummer 10 gouf op eng al Festungsmauer aus dem 13. Joerhonnert gebaut. D'Dunnen um Rez-de-chaussée si vun ëm 1560. D'Gebai op Nummer 12 ass aus dem fréie 17. Joerhonnert, de Bauhär war de Ferdinand d'Arimont, Conseiller um Provënzialrot a Steierreceveur vum Herzogtum Lëtzebuerg. Déi zwee Gebaier goufen deemools duerch e bannenzegt Portal matenee verbonnen. Dat op der Nummer 8 gouf vun engem Händler an der éischter Hallschent vum 16. Joerhonnert gebaut; et ass ee vun de wéinegen erhalenen Haiser am gotesche Stil an der Stad.[4]

An den 1970er Jore goufe s'eng éischt Kéier renovéiert an an den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht integréiert, deen doranner seng Sammlung Vie luxembourgeoise ënnerbruecht huet, a Bureauen an Depoten dran hat. D'Verbindung geschouch iwwer eng Passerell um 1. Stack. Mëtt vun den 2010er Jore goufen déi 3 Gebaier eng weider Kéier renovéiert a moderniséiert (ë. a. gouf e Lift agebaut, d'Passerell duerch eng nei aus Glas op zwee Stäck ersat, an d'Gebai, wat Heizung, Elektresch a Sécherheet betrëfft den neisten Normen ugepasst.[3] De Budget dofir huet sech op 9,5 Milliounen Euro belaf. An dësem Aile Wiltheim genannten Deel vum Musée ass zënter dem Mäerz 2015 op den ënneschte Stäck eng Ausstellung iwwer d'Entwécklung vum Bannendesign vu 1500 bis haut ze gesinn, vum Renaissancestil iwwer Jugendstil an Art Deco bis zum haitegen Design. Uewenop si representativ Konschtwierker vu Lëtzebuerger Moler ausgestallt, an ënner dem Daach Ateliere fir Kanner.[4] Et gëtt och ee Raum mat Fotoe vum Edward Steichen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Wiltheim – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. LCTO, Plan Ville et environs, 9e édition, 1999
  2. pm, 2017. Dem Fischmarkt neues Leben einhauchen. "Comité Alstad" feiert sein 80. Jubiläum. Luxemburger Wort vum 26. September 2017, S. 24.
  3. 3,0 3,1 [Fonds de la Rénovation de la Vieille Ville; MNHA: Réhabillitation de l'Aile Wiltheim: Musée national d'art et d'histoire. [Plaquette], Lëtzebuerg, Mäerz 2015. ISBN 978-99959-775-3-5.
  4. 4,0 4,1 Florence Thurmes: "Plus qu'une simple façade." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.20, 16. Mee 2014, S.32.