Avenue Victor-Hugo

Vu Wikipedia
Avenue Victor Hugo
Numm fr: Avenue Victor Hugo
Fréieren Numm de: Karl Theodor Andréstraße
Längt ca. 720 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg
Postcode 1750
Koordinaten 49° 37’ 16.4’’ N
      06° 07’ 16.7’’ O
Genannt no Victor Hugo

D'Avenue Victor Hugo um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg verbënnt d'Allée Scheffer mam Square Édouard-André.

Laanscht d'Avenue Victor Hugo leien de Lycée de garçons (e bësse méi zeréck, op der Place Auguste-Laurent), d'Victor-Hugo-Hal, den alen Tramsschapp, den hënneschten Agank vum Foyer „Kannerland“ an d'Grondschoulen Henri VII an Alen Tramsschapp.

D'Strooss krut hiren Numm als Erënnerung un de franséischen Auteur Victor Hugo. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) war se an „Karl Theodor Andréstraße” ëmgenannt ginn[1], nom preisesch-lëtzebuergesche Politiker an Dichter Karl Theodor (oder Charles Théodore) André.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue Victor-Hugo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.