Rue Ch.-W.-Gluck

Vu Wikipedia
Rue Ch.-W.-Gluck
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Gaasperech
Postcode L-1632
Koordinaten 49°35'22,31"N, 6°7'46,74"O
Morphologie
Längt 740 m
Héicht i. M. 303 m
Geschicht
Genannt 27. Januar 1933
Genannt no Christoph Willibald Gluck

D'Rue Gluck ass eng Strooss am Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss geet als Verlängerung vun der Rue Benjamin Franklin a südëstlecher Richtung fort a féiert bis bei de Boulevard de Kockelscheuer. No engem relativ riichte Stéck vun ca. 270 Meter dréint se op Héicht vum Neuberg a Richtung Süden a geet dann an engem laang gezunnen „S” deels parallel mat der Pénétrante sud bis bei de Boulevard de Kockelscheuer, westlech vum Rond-Point Gluck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss hat ursprénglech an anere Verlaf an ass - ier d'Pénétrante sud gebaut gouf - vum haitegen Neuberg aus bis widder d'Eisebunn gaangen an huet do eréischt a Richtung Süde gedréint fir beim Tunnel op de Rangwee ze stoussen. Se ass uganks vun den 1990er Joren ëmgeleet ginn a verleeft zanterhier westlech vun der Pénétrante sud.

Bis August 2017 hat s'en Uschloss un de Rond-point Gluck. Deen ass deemools awer ewech gefall wéi den neie Boulevard de Kockelscheuer opgaangen ass. Zanterhier ass d'Rue Gluck un dee Boulevard ugeschloss.

D'Strooss ass zanter dem 27. Januar 1933 nom däitsche Museker Christoph Willibald Gluck genannt[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Ch.-W.-Gluck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rue Gluck op archives-vdl.findbuch.net, der Websäit vun den Archive vun der Stad Lëtzebuerg, gekuckt den 10. Mee 2020