Odonymie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zu Paräis, am 8. Arrondissement

Odonymie, eng Ënnerkategorie vun der Toponymie, ass d'Etüd vun den Odonymmen, den Eegennimm vun de Verkéiersweeër. En Odonym kann den Numm vun enger Strooss, enger Plaz, engem Wee, asw. sinn.

Gemenkerhand besteet en Odonym aus zwéin Deeler: aus engem individuellen Numm (« Pierre Dupong », « Schoul » asw.) an enger Indikatioun iwwer den Typ vum Verkéierswee (Strooss, Boulevard, Avenue, ...). Normalerweis ass en Odonym en Element vun enger Postadress.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert « odonym » kënnt aus dem Algriicheschen ὁδός (hodós), « Strooss », an dem Suffix « -nym », deen och aus dem Algriichesche staamt (vun ὄνομα (ónoma, « Numm »).

Prinzipien[änneren | Quelltext änneren]

Typescherweis besteet en Odonym aus zwéin oder dräi Deeler :

  1. engem Sammelbegrëff deen den Typ vum Verkéierswee ugëtt;
  2. engem spezifeschen Numm deen der Strooss hiren Numm gëtt ;
  3. an - jee nodeem a wat fir enger Sprooch et ass - enger Prepositioun déi déi zwéin Deeler matenee verbënnt: am Franséischen z. B. « de » (rue de Paris), « au » (cité au Bois) oder am Lëtzebuergeschen « op » (Op der Schanz), « bei » (Bei der Härewiss), ...

E klasseschen Odonym ass z. B. Haaptstrooss, Kierchewee, Schoulstrooss oder Main Street, Strada Nuova, Berliner Straße, Route nationale 7. Verschidde Weeër hu kee Sammelbegrëff (Strooss, Plaz, ...) an hirem Numm, sou z. B. Knuedler, Wissgaart, An Aessen oder La Canebière (zu Marseille), Unter den Linden (zu Berlin).

Ëmgedréit ginn et och verschidden Odonymmen déi kee spezifeschen Numm hunn: Op der Strooss, The Mall (zu London) oder Boulevard (zu Atlanta).

An engem Odonym kann zousätzlech och eng Himmelsrichtung derbäi sinn (Ost, West, Nord, Süd oder d'Quadranten Nord-West, Nord-Ost, Süd-West, Süd-Ost), dëst haaptsächlech a Stied déi hir Stroossen nom Muster vun enge Schachbriet ugeluecht hunn: East Roosevelt Boulevard, 14th Street NW, etc.

Et kënnen awer och aner Beschreiwungen derbäi si wéi « iewescht / ënnescht », (Am ieweschte Flouer, am ënneschte Flouer), « al / nei », asw.

Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

An der Stad Lëtzebuerg ginn et 781 Odonymmen[1]; nom Typ opgedeelt sinn et:

Typ Zuel Typ Zuel
Strooss (rue) 592 Passage 3
Plaz (place) 43 Gässel (ruelle) 2
Boulevard 36 Bierg (côte) 2
Avenue 19 Rond-point 2
Allee (allée) 11 Haff (cour) 2
Bierg (montée) 10 Tunnel 2
Wee (chemin) 9 Park 1
Dall (val) 7 Sakgaass (impasse) 1
Strooss (route) 6 Uwänner (rives) 1
Bréck (pont) 6 Fond 1
Square 5 Circuit 1
Pad (sentier) 3 Ouni Typ 8
Plateau 3 Aneren Typ 5
TOTAL 781

Klassifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Handel[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Stroosse sinn nom Typ vum Handel benannt deen do bedriwwe gëtt oder gouf. Dëst gëtt hautdesdaags awer ëmmer manner gemaach, mä Nimm déi bestinn, bleiwen erhalen.

Beispiller:

Charakteristesch Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Stroosse ginn einfach no hirer Charakteristik genannt.

Beispiller:

  • Groussgaass (Grand-Rue);
  • Breedewee (Rue Large);
  • Rue Pavée (Paräis), eng vun den éischte Stroossen am Quartier wou Pavésteng geluecht goufen;
  • Nine Mile Ride ("9-Meile-Strooss") vu Bracknell op Finchampstead an der Grofschaft Berkshire, am Vereenegte Kinnekräich.

Zil-Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Eng ganz Rëtsch Stroosse sinn no den Uertschafte genannt wou se hi féieren. D'Uertschaft kann awer och wäit ewech sinn oder iwwerhaapt keen Zesummenhank mat der Strooss hunn.

  • D'Tréierer-Strooss um Cents, op franséisch alt Rue de Trèves a Route de Trèves.

Eng Strooss gëtt op Franséisch Route genannt wa se tatsächlech an déi Uertschaft féiert. Soss, gëtt se Rue genannt. Stroossbuerger-Strooss féiert net op Stroossbuerg, d'Route de Trèves oder Lonkecher-Strooss (Route de Longwy) dergéint schonn op Tréier (fréier mol) respektiv op Lonkech. (D'Rue de Trèves ass dergéint awer net déi fréier Strooss déi op Tréier gefouert huet.)

D'Strooss kann op hirem Verlaf den Numm och änneren: d'Nationalstrooss 7 heescht z. B. am leschten Deel an der Stad Lëtzebuerg Beggener-Strooss (rue de Beggen), zu Walfer Lëtzebuerger-Strooss (Route de Luxembourg) an duerno Dikrecher-Strooss (Route de Diekirch), zu Heeschdref an zu Hielem erëm Lëtzebuerger-Strooss (Rue de Luxembourg a route de Luxembourg), Haaptstrooss (Route Principale) an Dikrecher-Strooss (Rue de Diekirch) zu Lëntgen asw.

Als Variant gi Stroossen och alt emol no zwou Uertschafte genannt:

  • Dikrech-Iechternach-Strooss (rue de Diekirch-Echternach) zu Bettenduerf
  • Zu Marseille a Frankräich, wou de chemin du Merlan à La Rose d'Quartieren Merlan mat La Rose verbënnt;

Eng Strooss kann awer och genannt ginn no enger Uertschaft wou se net hiféiert: den Newbury bypass (« Contournement vun Newbury ») féiert ebe grad laanscht d'Uertschaft Newbury (Vereenegt Kinnekräich).

Flouernimm[änneren | Quelltext änneren]

Bei nei ugeluechte Stroosse ginn net seelen déi al Flouernimm iwwerholl; zu Lëtzebuerg z. B. a Fäll wéi Brillstrooss, Am Brill, Am Krëpent (Bäerdref), Um Railand (Jonglënster), Um Knupp (Nacher), asw.

Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Stroossen hunn den Numm vu méi oder manner prominente Persounen; hei gëtt et eng Abberzuel vu Méiglechkeeten :

  • Eng Perséinlechkeet déi an der Strooss oder der Ëmgéigend gebuer gouf, gewunnt oder geschafft huet. Zum Beispill, d'Rue Laurent Menager am Pafendall dréit den Numm vum Museker deen do am Quartier gebuer gouf;
  • eng Perséinlechkeet aus der Geschicht, wéi z. B. d' Rue Adolphe an de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (Stad Lëtzebuerg) oder d'Cité Grand-Duc Jean (Walfer), Stroossen där hiren Numm u fréier Grand-Ducen erënnert;
  • eng Persoun déi an direkter Verbindung mat der Strooss oder der Ëmgéigend steet. An der Stad Lëtzebuerg zum Beispill d'Rue Paul-Séjourné, genannt nom Ingenieur deen d'Nei Bréck quasi iwwer dëser Strooss gebaut huet, oder d' Rue Marconi, genannt nom Radiospionéier Guglielmo Marconi, déi bei d'Villa Louvigny féiert, de fréiere Sëtz vun RTL.

Mat e puer Ausname gi Stroossen eréischt nom Doud vun enger Perséinlechkeet no hir benannt; Ausname sinn z. B. d'Robert Goebbels-Strooss zu Schengen an d'Stroossen déi nom Grand-Duc Jean genannt sinn.

Datumer[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rëtsch vu Stroossen oder Plaze sinn no engem Evenement benannt dat op engem gewëssen Datum war.

Zu Lëtzebuerg gëtt dacks un d'Enn vun der däitscher Besatzung an d'Liberatioun duerch d'Amerikaner erënnert:  Rue du 10 (Dix, X) septembre (Dippech, Käerjeng, Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Stroossen, Schieren, Wolz, ...) an Rue du 11 (Onze) septembre (Dikrech).

Themen[änneren | Quelltext änneren]

Stroossen déi an engem Quartier beienee leien, ginn dacks am Kader vun engem bestëmmten Thema genannt: no Planzen (Rue des Bleuets, rue des Muguets, rue des Marguerites, ...) um Weimeschhaff, no Museker (rue Ludwig van Beethoven, rue Wolfgang Amadeus Mozart, rue Henri Pensis, ...) zu Gaasperech , oder och alt emol no Museksstiler (Avenue du Rock 'n' Roll, Avenue du Swing, Avenue du Blues, ...) um Belval.

Systematesch Nomenklatur[änneren | Quelltext änneren]

Vill Stroossen déi nom Muster vun engem Schachbriet ugeluecht goufen, ginn dacks nummeréiert fir se kënne par Rapport zu aneren ze situéieren. Zu Washington goufen d'Nord-Süd-Stroossen ursprénglech - beim Capitol ugefaangen - mat Nummere benannt an d'Ost-West-Stroossen mat Buschtawen, all Kéier a steigender Reiefolleg. Mam Wuesse vun der Stad, goufen dunn - no der W-Strooss, zwéi-silbesch Nimm gewielt (z. B. Belmont Street, Clifton Street, Euclid Street), dunn dräisilbeg Nimm (Allison Street, Buchanan Street, etc.), a schlussendlech Nimm a Verbindung mat Blummen a Straicher (Aspen Street, Butternut Street, Cedar Street, etc.), all kéiers an alphabetescher Reiefolleg.

Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi 781 Odonymmen an der Stad kënnen an dës Kategorien opgedeelt ginn:

Kategorie Unzuel Kategorie Unzuel
Persounen 415 ♂

31 ♀

Helleger 19
dovun: Herrscher vu Lëtzebuerg

Buergermeeschteren vun der Stad

28

16

Festung Lëtzebuerg 19
Geografie 134 Vollek, Zivilisatioun, Uerden 9
Allgemenges 46 Commemoratioun 5
Flora a Fauna 39 Datum 4
Institutiounen 33 Floss, Baach 3
Handel, Beruff 22 laténgeschen Ursprong 2
TOTAL 781

Ëmbenennungen[änneren | Quelltext änneren]

Улица Светогорска (rue Svetogorska : Strooss vum Hellege-Bierg) zu Belgrad.

Ursprénglech (am Joer 1872) улица Два Бела Голуба (Strooss vun den Zwou wäissen Dauwen), gouf se 1896 ëmgenannt an улица Светогорска. Duerno, am Joer 1922 an улица Битољка (Bitola-Strooss) ëmgenannt. Vun 1930 bis 1943 housch se улица Жоржа Клеменсоа (Georges Clemenceau-Strooss), duerno erëm улица Светогорска. 1946 krut se den Numm улица Лоле Рибара (Lola Ribar). 1997 gouf se nees ëmgenannt a krut deemools den Numm dee se schonn 1896 an 1943 hat, an dee se bis haut elo behalen huet.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

D'Nimm vun de Stroosse kënnen am Laf vun der Zäit geännert ginn.

Zu Metz gouf de Kaiser Wilhelm Ring 1918 an Avenue du Maréchal Foch ëmgenannt.

Politesch Changementer[änneren | Quelltext änneren]

Stroossennimm kënnen och duerch politesch Changementer geännert ginn. Sou goufen vum däitsche Besatzer eng Abberzuel Stroossen "agedäitscht" oder ëmbenannt, well se net mat der däitscher Politik am Aklank waren. Dozou e puer Beispiller aus der Stad Lëtzebuerg[2].:

  • Boulevard d'Avranches gouf Moselstraße
  • Place Joseph II[3] gouf Kaiser-Josef-Platz
  • Rue des États-Unis gouf Theodor-Körner-Straße
  • Place de France gouf Maximilianplatz
  • Avenue de la Liberté gouf Adolf-Hitler-Straße

Nom Krich krute si meeschtens hire fréieren Numm zréck; verschidden aner Stroosse goufen zousätzlech ëmgenannt, fir un Affer vum Krich, oder un d'Liberatioun, z'erënneren.

Déi aktuell Place de la République zu Caen housch Place Royale wéi se am 17. Joerhonnert ugeluecht gouf, du Place de la Liberté während der Franséischer Revolutioun, duerno erëm Place Royale, ier se am Joer 1883 dunn hiren haitegen Numm kritt huet.

Stroosse kënne och ëmgenannt gi fir en Evenement oder eng Perséinlechkeet ze feieren. Zu Paräis goufe sou z. B. 2003 Deeler vum Quai des Tuileries a vum Quai du Louvre a Quai François-Miterrand ëmbenannt, fir un de fréiere franséische President z'erënneren.

Am Géigesaz dozou kënnt et och vir, datt Stroossen ëmbenannt gi well hiren Numm mat eppes Negativem a Verbindung gesat gëtt. Wéinst engem déidleche Zuchaccident 1918 an der Malbone Street zu New York, krut dës Strooss duerno den Numm Empire Boulevard.

Zu Montréal gouf d'rue Cadieux a rue de Bullion ëmbenannt, well den ursprénglechen Numm mat Bordellen a Verbindung bruecht gouf, déi fréier op där Plaz waren.

Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Während der Franséischer Revolutioun gouf an der Uewerstad déi fréier Rue du Gouvernement an Rue du Palais de Justice ëmgedeeft[4].

Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemeng Hollerech (zesumme mat de Gemengen Hamm a Rollengergronn) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert haten, war et néideg gi verschiddene Stroossen nei Nimm ze ginn, fir ze verhënneren, datt et deselwechten Odonym e puermol an enger Gemeng géif. Déi fréier Nilles-Strooss um Plateau Bourbon gouf sou de 16. Mee 1925 a Stroossbuerger-Strooss ëmbenannt[5]; zu Bouneweg gouf d'Rue Berchem an Rue Auguste Letellier ëmbenannt[5].

Eng Rëtsch Ännerunge goufen den 29. Dezember 1945 vum Gemengerot beschloss:

Déi aktuell Avenue Émile-Reuter huet fréier Avenue de l'Arsenal geheescht; duerch Decisioun vum Gemengerot vum 24. Oktober a 25. November 1974 gouf d'Strooss nom fréiere Staatsminister Emile Reuter genannt, wat deemools net onëmstridde war, well muncheree wollt, datt den Numm weiderhi sollt un déi militäresch Vergaangenheet vun der Stad als Festung erënneren.

Um Verluerekascht krut 1974 déi fréier Rue des Sports en neien Numm: Rue Pierre de Coubertin.

Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rëtsch vu Stroossen déi an den 1920er Joren am Kader vum Bau vum Escher Spidol do ronderëm ugeluecht goufen, hunn am Laf vun der Zäit en neie Numm kritt[9]:

Nom Zweete Weltkrich goufen dunn och nach eng Rei Stroossen ëmbenannt:

Ännerung vun der Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

D'Stroossennimm kënnen och enger Ännerung ënnerleien, wann d'offiziell Sprooch ännert. Nom Doud vum Francisco Franco, krut Katalounien de Statut vun enger autonomer Gemeinschaft an déi d'Katalanesch (catalan) zielt och als offiziell Sprooch. Verschidde Stroosse kruten dunn e ganz aneren Numm, anerer goufen op catalan iwwersat; z. B. gouf aus der calle San Pablo (rue Saint-Paul) zu Barcelona esou d' carrer Sant Pau.

Ännerung vun der Schreifweis[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vun enger Strooss ka sech och liicht änneren, wann et Upassunge vun der Schreifweis ginn. Sou gouf d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg emol fälschlecherweis mat Dreikinneksgaass bezeechent.

Verbreedungswäert vun der Odonymie[änneren | Quelltext änneren]

Sou wéi all Land, wëllen am Allgemengen och déi grouss Stied verschidde Wäerter vermëttelen. Se kënnen dat och deelweis maachen, well d'Stroossennimm vun de Gemenge bestëmmt ginn.  All Stad verdeedegt iwwer seng Stroossennimm d'Bild wéi se sech selwer gesäit; gemenkerhand ënnerstëtzen d'Awunner och dëst Bild vun hirer Stad. Eng reliéis Stad stellt dann haaptsächlech seng Helleg Symboler a reliéis Gebaier an de Virdergrond: rue du Mausolée oder place de la Miséricorde. Eng Stad déi sech avantgardistesch gesäit wat den Urbanismus ugeet, wielt dann z. B. haaptsächlech Nimm vu groussen Architekten. Eng Stad déi op hir kämpferesch a couragéiert Geschicht houfreg ass, nennt Stroossen no engem Zaldot; sou ass Paräis weltwäit - viru London - déi Stad mat de meeschten Odonymme vun Offizéier oder Genereel.

Jee no de Länner weist déi politesch Orientatioun en anert Bild. An England z. B. gëtt absënns Wäert geluecht op d'britescht Imperium. A Frankräich gëtt et an de meeschte Stied eng Strooss oder eng Plaz déi op d'Republik verweisen. An Amerika gëtt d'Onofhängegkeet héich gehalen, iwwerdeems an Däitschland dacks Referenz gemaach gëtt op Philosophen a Komponisten.

Et ass rar fir Odonymmen ze fannen, déi relativ heefeg an alle Länner gebraucht géifen. Natierlech erënneren quasi iwwerall Plazen oder Stroossen un Amerika (Rue des États-Unis) a wëllen domat dat theoretescht gemeinsamt Bild vun der westlecher Welt ervirsträichen. Den Odonym « États-Unis » gouf vill an de 1960er a 70er Joren an neie Quartiere gebraucht fir op d'wirtschaftlech Reussite hinzeweisen. Anersäits gebrauche vill anglo-sächsesch Stied dacks Nimm wéi « Paris Street » oder « France Avenue » fir op déi d'Strooss hin ze weisen wou den Theater oder d'Konschtgalerie ass.

Et ass zimlech schwiereg fir Perséinlechkeeten ze fannen, där hiren Numm iwwer all Landesgrenzen ewech geholl gëtt fir eng Strooss ze nennen. Ausname sinn Odonymme wéi Mozart, Martin Luther King oder Kennedy.

Et gëtt och eng Rëtsch Kontradiktiounen an den Odonymmen: sou goufen absënns an den 1960er Joren Stroossen an neie städtesche Wunngebidder mat ländlechen Nimm genannt: Stroossen déi nom Neelchesbam, der Trauerweid (rue des Lilas, rue des Saules) oder esouguer no Kanarievulle (rue des Canaris) benannt goufen. Dës Allerweltsnimm sinn einfach ze identifizéieren, si liicht ze verhalen an hu weder politesch, nach reliéis oder historesch sensibel Wäerter. Am Géigesaz gi se awer keng Informatioun iwwer d'Stad, se si reng fonctionnell.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Op Belval ass e Sträit tëscht de Gemengenautoritéite vun Esch a Suessem ausgebrach wéinst dem Odonym vun enger Strooss. Et geet ëm déi Strooss, déi parallel a westlech vun der Porte de France, vun der Avenue du Swing a Richtung Norde bis op d'Héicht vun der Avenue de l'Université verleeft. Dës Strooss verleeft deels op dem Territoire vu Suessem an deels op deem vun Esch.

Am Juni 2016 huet den Escher Gemengerot decidéiert d'Strooss op hirer ganzer Längt "Rue le Bataclan" ze nennen (als Erënnerung un d'Affer vun den Attentater zu Paräis am November 2015). Awer schonn am Joer 2009 hat déi Suessemer Gemeng der Strooss dräi verschidden Odonymme ginn: Rue Louis Armstrong fir de südlechen, Rue Jane Addams fir de mëttleren a Rue Gustave Eiffel fir den nërdlechen Deel[10].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Registre national des adresses vun der Administration du cadastre et de la topographie, Stand: 1. Juni 2015
  2. Guy May, Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons Stad 71/2002, S. 30-32.
  3. haut: place Winston Churchill
  4. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons Stad, 33/1990, S. 32
  5. 5,0 5,1 Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons Stad, 79/2005, S. 34
  6. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons Stad 73/2003 S. 35
  7. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons Stad, 54/1997, S. 34
  8. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons Stad, 37/1991, S. 32
  9. Quell fir all d'Informatiounen iwwer Esch: Fernande Krierː "Synchronie dynamiqe de la microtoponymie d'Esch-sur-Alzette." Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique (ed.)ː Bulletin linguistique et ethnologique 34 (2013), S.15-22 .
  10. Anen, N. Straßenstreit in Belval am Luxemburger Wort vum 16. Februar 2017, S. 27