Centre hospitalier Émile-Mayrisch

Vu Wikipedia
Centre hospitalier Émile-Mayrisch
Basisdonnéeën
Address: Rue Emile Mayrisch

L-4240 Esch-sur-Alzette

187, avenue de la Liberté

L-4602 Niederkorn

Rue de l'Hôpital

L-3488 Dudelange

Typ: Privat
Ouverture:
Stationär Better: 642 (2018)[1]
Mataarbechter: 1906 (2018)[1]
dovun Doktoren: 261 (2018)[1]
Websäit: www.chem.lu

De Centre hospitalier Émile-Mayrisch, kuerz CHEM, ass eng Spidolsstruktur, am Süde vu Lëtzebuerg, déi op dräi Uertschafte verdeelt ass:

Am Ganze schaffen iwwer 1.900 Leit am CHEM, dovun 261 Dokteren(Zuelen 2018)[1].

De CHEM ass aus zwou Fusiounen entstanen; 2004 aus där vum Escher a vum Diddelenger Spidol, an 2007, wéi d'Nidderkuerer Spidol mat derbäikoum[2].

Zanterhier lafe Pläng, en neit Spidol, d'Südspidol, zu Esch-Raemerich op Elsenbrich ze bauen, dat déi 3 eeler Gebaier ersetze soll. Iwwerdeems 2015 nach virgesi war, dass d'Aarbechte vun 2019-2022 dauere sollten[3]; ass ewell (Stand 2023) de Plang, dass se bis 2030 ofgeschloss solle sinn[Source?].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Südspidol.

Den Numm geet op de fréieren Arbedsdirekter Emile Mayrisch zeréck, dee sech notamment fir de Bau vum Escher Spidol agesat huet.

2018 hat de CHEM e Budget vu knapps 249 Milliounen Euro. 144.000 Leit goufen dat Joer do behandelt[1].

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

De President vum Verwaltungsrot ass de Georges Mischo.

Bis den 1. Januar 2018 war den Dr Michel Nathan den Direkter, vun do bis den 1. September 2020[4] war et den Dr. Hansjörg Reimer. Deen hat seng Plaz als Generaldirekter néiergeluecht a gouf vum Dr. René Metz am Februar 2020 ersat.

Den 1. Februar 2021 koumen zwou nei Plazen an der Direktioun bäi, déi medezinesch Direkteren Dr Romain Schockmel an Dr Serge Meyer[5].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centre hospitalier Émile Mayrisch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Rapport annuel 2018. chem.lu. Gekuckt de(n) 26.01.2021.
  2. "Historique" op chem.lu.
  3. "Baubeginn des Südspidol wohl Ende 2019." wort.lu, 16.3.2018.
  4. CHEM: Krankenhausdirektor Reimer tritt zurück." wort.lu, 21.08.2020.
  5. Chem: Dr René Metz als neie Generaldirekter nominéiert. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-26.