Hôpital Princesse Marie-​​Astrid

Vu Wikipedia
Hôpital Princesse Marie-​​Astrid
Nidderkuerer Spidol
Land Lëtzebuerg
Plaz Nidderkuer
Adress 187, Avenue de la Liberté
L-4602 Nidderkuer
Koordinaten 49° 31’ 57.6’’ N
      05° 53’ 10.1’’ O
Status Spidol
Better 202 (2019)[1]
Datum vum Bau 1978-1981
(Aweiung:05.09.1981)[2]
Proprietär Gemeng Déifferdeng
Gemeng Péiteng
Gemeng Käerjeng
Websäit www.chem.lu


D'Hôpital Princesse Marie-​​Astrid (HPMA) ass e Spidol zu Nidderkuer an der Gemeng Déifferdeng, dat haut zum Centre hospitalier Émile-Mayrisch (CHEM) gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1974 gouf de Projet vun engem regionale Spidol fir d'Gemengen Déifferdeng, Péiteng an Nidderkäerjeng lancéiert.[3]

1981 waren d'Bauaarbechte fäerdeg an Enn 1981 konnten déi éischt Patienten empfaange ginn.[3] Déi offiziell Aweiung war de 5. September 1981 a Presenz vun der Prinzessin Marie-Astrid. Den Numm vum Spidol gouf am Kader vun engem Concours, dee fir d'Schüler aus den dräi Gemengen op war, gewielt.[2]

De 17. Dezember 2007 ass déi offiziellen Konventioun fir mam CHEM ze fusionéieren ënnerschriwwe ginn. Déi Fusioun huet 2008 stattfonnt.[3] Zënter 2013 ass zu Nidderkuer ënner anerem d'Réckeklinik vum CHEM.[1]

Am Mäerz 2019 war annoncéiert ginn, datt d'Spidol wéinst der Presenz vun Asbest am Gebai 2024 oder 2025 sollt ofgerappt ginn.[4],[5] Déi Noriicht hat fir Opreegung gesuergt a gouf de Mount drop vum Buergermeeschter Roberto Traversini dementéiert. Déi endgülteg Entscheedung iwwer d'Zukunft vum Gebai géif viraussiichtlech net virun 2023 getraff ginn.[6],[7]

No 2030 (ursprénglech fir 2023 geplangt) sollen déi dräi Site vum CHEM, dorënner och d'Hôpital Princesse Marie-​​Astrid, am Projet Südspidol zu Esch-Uelzecht regroupéiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hôpital Princesse Marie-​​Astrid – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Sites hospitaliers op der Websäit vum CHEM (gekuckt den 11. Juni 2019)
  2. 2,0 2,1 Déifferdang Magazin, N°12, 2006, S. 20-21
  3. 3,0 3,1 3,2 Historique Hôpital Princesse Marie-Astrid à Niederkorn op der Websäit vum CHEM (gekuckt den 11. Juni 2019)
  4. lessentiel.lu: Hôpital Princesse Marie-​​Astrid soll verschwinden (11. Mäerz 2019)
  5. 5minutes.rtl.lu: L'Hôpital Princesse Marie-Astrid à Niederkorn sera rasé (12. Mäerz 2019)
  6. wort.lu: Vorerst kein Abriss des Niederkorner Krankenhauses (4. Abrëll 2019)
  7. 5minutes.rtl.lu: La démolition de l'hôpital Niederkorn pas encore d'actualité (5. Abrëll 2019)