Südspidol
D'Südspidol ass e Projet vum Grupp Centre hospitalier Emile-Mayrisch (CHEM), fir en neit Spidolsgebai, zu Esch-Uelzecht, am Quartier Raemerech, um Flouer Elsenbrich, laanscht d'Dipbech, ze bauen. Den ursprénglechen Entworf ass vum Architektebüro Albert Wimmer ZT-GmbH vu Wien[1][2], en iwwerschafft Konzept gouf vu SWECO/G.A.F./S.W.A.A. virgeluecht[3].
En éischt Finanzéierungsgesetz gouf den 12. Juli 2018 eestëmmeg vun der Chamber ugeholl. Fir de Bau goufe ronn 542 Milliounen Euro ageplangt, wouvun 80 % vum Staat an 20 % vun der CNS iwwerholl sollte ginn.[4]
D'Aarbechte waren ufanks vun 2019 bis 2023 virgesinn.[2] Uganks 2020 gouf den Datum fir d'Enn vun den Aarbechten op 2026 nei festgeluecht.[5] Ma am September 2021 huet de Verwaltungsrot vum CHEM de Kontrakt mam Architektebüro 'wéinst schlechtem Zäitplang an ontransparente Käschte' gekënnegt.[6] D'Pläng goufen an de Joren dono nach eng Kéier iwwerschafft; d'Statik, den Energie- a Waassermanagement hu missen nei berechent ginn, d'Loftfilterung an d'Méiglechkeet vu Cloisonnementer hu missen nei mat abezu ginn, ë. a. koum eng Pediatrie mat bäi, d'Maternité gëtt méi grouss wéi am éischte Plang, d'Entréesportal an d'Fassadë goufe vereinfacht.[3]
D'Südspidol soll aus véier Gebaier bestoen, déi no de véier Joreszäite genannt sinn:[3]
- Am "Wanter"gebai, mat wäisser Fassad, soll d'Admissioun fir d'Urgencen hikommen, mat um Daach dem Landeplaz fir Helikopteren. Weider kommen duer 16 Operatiounssäll, e spezialiséiert Drockkummerzentrum, d'Radiologie mat jee dräi CT- an IRM-Maschinnen, an d'Endoskopie.
- Niewendrun am "Fréijoer"-Gebai kënnt d'Obstetrik an d'Maternité, d'Onkologie, den Zentrum fir Analysen a Behandlungen, d'Dagesklinick, souwéi d'Intensiv- an d'Normalfleegestatioun.
- D'"Summer"gebai ass virgesi fir den Onkologieszentrum, de Centre François Baclesse, 32 Dialysplazen, d'Spidolsadministratioun a fir e Formatiounszenter.
- Am nom "Hierscht" genannte Gebai sollen d'Palliativstatioun, d'Rehabilitatioun, den Therapiezenter, d'Geriatrie an d'Psychiatrie kommen.
Geplangt waren ufanks ë. a. 583 Better (wouvun der 81 % an 1-Bett-Zëmmere stoe sollen), 16 Operatiounssäll a 4 Gebuertssäll.[4] Déi nei Pläng gesi 600 Better vir, wouvun der bis zu 40 Bett an der Reserv sinn.[3]
Den definitive Plang, mat sengem finanzielle Volet, soll Enn 2025/uganks 2026 dem Gesondheetsministère, an am Laf vun 2026 der Chamber virgeluecht ginn. Et wäert deemno bis knapps an d'Mëtt vun den 2030er Joren daueren, bis d'Südspidol a Betrib geholl ka ginn.[3]
D'Käschte fir d'Realisatioun nom neie Konzept sinn nach net chiffréiert (Stand: Juli 2025), kéinten awer duebel sou héich wéi am Ufank sinn[3], deemno bei ronn enger Milliard Euro leien.
D'Südspidol, wann et bis fäerdeg ass, wäert déi dräi eeler Gebaier vum Grupp Centre hospitalier Emile-Mayrisch ersetzen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Luc Laboulle: "Avantgarde. Zehn Jahre Südspidol: Eine Chronologie des Scheiterns." d'Lëtzebuerger Land, Jg.68, Nr.37, 17.09.2021, S.6.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Aner Spideeler zu Esch-Uelzecht:
- Spideeler zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Neit Südspidol: 'E Spidol vu muer, e Spidol mat enger Séil'." rtl.lu, 24.10.2015, 09:54:12.
- ↑ 2,0 2,1 "Baubeginn des Südspidol wohl Ende 2019." wort.lu, 16.3.2018.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 Luc Ewen: "So steht es um die Planungen für das neue Südspidol." wort.lu [w+, 05.07.2025.
- ↑ 4,0 4,1 "Finanzéierung vu Südspidol ugeholl: 540 Milliounen Euro wäert de Bau kaschten." rtl.lu, 12.07.2018, 17:42:51;
- ↑ "D'Südspidol zu Esch mécht eréischt 2026 an net 2023 seng Dieren op." Roy Grotz op rtl.lu, 24.01.2020.
- ↑ "Trennung vun Architekte wéinst schlechtem Zäitplang an ontransparente Käschten. rtl.lu, 03.09.2021.