Op den Inhalt sprangen

Clinique Sainte-Marie

Vu Wikipedia
Clinique Sainte-Marie
Basisdonnéeën
Address:7-11 Rue Würth-Paquet
L-4350 Esch-Uelzecht
Typ:Privat
Grënnungsjoer:1925[1]
Stationär Better:99 (2015)[2]
Mataarbechter:226 (2015)[2]
dovun Doktoren:35 (2015)[2]
Websäit:www.csm.lu

D'Clinique Sainte-Marie war e Spidol zu Esch-Uelzecht. Et gouf 1925 vun der Congrégation des Sœurs de Sainte Elisabeth gegrënnt. Vun 2014 un huet et zum Grupp Hôpitaux Robert-Schuman gehéiert.[1] Am Volleksmond gouf et och "Ronnt Spidol" genannt, well et aus zwéin zylinderfërmege Gebaier bestoung. Dës goufen 1966-1969, respektiv 1970-1973 gebaut, an duerch eng Passerell matenee verbonnen, woubäi an de Joren dono nach weider méi kleng Gebaier bäikoumen. 1976 ass de Komplex als Centre médico-chirurgical Sainte Marie opgaangen.[3]

2013 hunn d'Patienten zesummen ëm déi 22.000 Deeg am Spidol verbruecht an et gouf 2.990-mol operéiert.[2]

Am Februar 2017 gouf d'Clinique Sainte-Marie an en Zenter fir stationär Geriatrie mat 84 Better ëmfonctionéiert.[4] Nodeems en neie Geriatriezenter um Kierchbierg fäerdeg gebaut gi war, sinn déi Servicer bis Enn 2024 dohi geplënnert. Just de Service vun der Jugendpsychiatrie ass nach an enger Annex vum Gebai bliwwen.[5]

D'Zukunft vum Gebai ass onkloer: goung eng Zäitchen dovu rieds, et ofzerappen, huet et vu Säite vun den Hopitaux Robert Schuman geheescht, si géifen iwwerleeën, et anescht ze notzen.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Historique op der Websäit vum Spidol (leschten Update: 2. Mäerz 2015)
  2. 1 2 3 4 La clinique en bref op der Websäit vum Spidol (leschten Update: 19. September 2014)
  3. Joseph Flies: Das Andere Esch. - an der Alzette. >Ein Gang durch seine Geschichte. Luxemburg: Imprimerie Saint Paul, 1979, S,1135-1151.
  4. "Geriatrie-Zentrum zu Esch an der Clinique Sainte Marie." rtl.lu, 18.01.2017, 22:01:00.
  5. 1 2 Glenn Schwaller: "La clinique Sainte-Marie déménage d'Esch-sur-Alzette vers la capitale." virgule.lu, 10.03.2024.