Op den Inhalt sprangen

Georges Mischo

Vu Wikipedia
Georges Mischo
Gebuer 18. September 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Fonctioun Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Aarbechtsminister vu Lëtzebuerg, Sportsminister vu Lëtzebuerg
Bam am Escher Lavalspark, opgeriicht vun der CSV-Lokalsektioun als Undenken u seng Ernennung als Buergermeeschter.

De Georges Mischo, gebuer den 18. September 1974[1] zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV). Hien ass zanter dem 20. Januar 2026 Deputéierten an der Chamber[2], nodeems hie vum 17. November 2023 bis den 8. Dezember 2025 Minister fir Sport a Minister fir Aarbecht an der Regierung Frieden-Bettel war.[3]

De Georges Mischo ass vu Beruff Sportsprofesser.

De Georges Mischo huet eng éischt Kéier bei de Gemengerotswalen 2011 kandidéiert a gouf 2014 Member vum Escher Gemengerot. Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 war hie Spëtzekandidat vu senger Partei, an e gouf de 14. November 2017 Buergermeeschter an engem Schäfferot mat enger CSV-DP-déi Gréng-Majoritéit[4]. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf hien erëmgewielt an nees Buergermeeschter ënnert der selwechter Koalitioun[5].

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[6] grad sou wéi bei deene vum 8. Oktober 2023 gouf hien als Kandidat vun der CSV am Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt.

Mëtt November 2023 huet hien op seng Deputéierten- a Buergermeeschteschmandater verzicht, fir Minister fir Aarbecht a Sport an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.

Ë. a. an der Folleg vun der Affär ëm de geplangte Sportsmusée ass de Georges Mischo den 8. Dezember 2025 zeréckgetrueden[7][8]. Zanter dem 20. Januar 2026 ass hien nees Deputéierten an der Chamber[9].

 Commons: Georges Mischo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Sou uginn als Verwaltungsrotpresident vum Centre hospitalier Emile Mayrisch ënnert der Nummer G197 am Handelsregëster, publizéiert den 8. Februar 2018
  2. "Zwei neue Abgeordnete treten an." wort.lu, 20.01.2026.
  3. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  4. Resultater vun de Gemengewalen 2017
  5. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (13.07.2023). Gekuckt de 14.07.2023.
  6. Resultat vun de Walen 2018
  7. (lb) Marc Spautz soll Georges Mischo als Aarbechtsminister ersetzen. 100komma7.lu (08.12.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  8. (fr) Arrêté grand-ducal du 11 décembre 2025 accordant démission honorable à Monsieur Georges MISCHO, Ministre. legilux.public.lu (11.12.2025). Gekuckt den 13.12.2025.
  9. (fr) Georges Mischo | Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. www.chd.lu. Gekuckt de 06.02.2026.